Search

You may also like

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen
Neiegkeeten Web

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Lëtzebuerg ass eent vun de leschten europäesche Länner, datt sech

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!
Neiegkeeten Web

D’Strooss ass keng Rennstreck – 3.491 Gesetzesverstéiss a knapp 2 Méint!

Am Kader vun der Campagne D’Strooss ass keng Rennstreck, déi

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz
Neiegkeeten Web

Dossier Nawalny: Regierung stäipt Policeasaz

No den erneiten Demonstratiounen a Protester fir d‘Fräiloossung vum russeschen

Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer

Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer

Am Schlass vun Artigny bei Tours (F) kënnt haut den éischten Mikro-Computer, ee Micral N ënnert den Hummer.

Gebaut 1972 ass dat „een vun de leschte fënnef bekannten Exemplaire op der Welt“ huet den Commissaire-Priseur Aymeric Rouillac erkläert. „De Micral huet den Amerikaner Iddie ginn. 1975 huet den IBM 5100 de Wee vun den Entreprisen an d‘Familljen fonnt. Kuerz duerno, am Joer 1977 kënnt dann den den éischten Mikro-Computer vum Steve Jobs, den Apple II op de Marché. Den Micral N ass awer den eigentlechen Ursprong vun der Konzeptioun an der Informatik“, esou de Aymeric Rouillac weider.

Dëse Computer ass eenzegaarteg wëll et deen éischten ass deen ee Mikro-Prozessor notzt. Hien hat d‘Memoire an d‘Kapazitéit vun de Computer vun der deemoleger Zäit, déi allerdéngs d‘Gréisst vun engem Bürosraum oder op mannst eng ganz Wand beluecht hunn“, explizéiert d‘Roma Maireau, eng Studentin déi hire Master an der Konschtgeschicht op der François Rabelais Universitéit mécht a Recherchen iwwert de Micral N gemaach huet.

De Kreateur vum Micral ass ee Fransous vun haut 72 Joer, den François Gernelle. Deemools 1972, huet d‘Entreprise R2E, bei där hie geschafft huet, eng Commande vum INRA kritt déi de néidege Budget hat dës Maschinn hierzestellen. 1973 erfënnt déi amerikanesch Revue Byte d‘Wuert Mikro-Computer fir de faméisen Micral de deefen, vun deem iwwer nonzeg dausend Eenheete an verschiddene Versioune gebaut ginn ass.

Mat engem Gewiicht vun 8,2 Kilo fir 13 Zentimeter héicht, 43 laang an 44 déif, hat de Micral N weder Tastatur nach Ecran, mee een „Teletype“ an ee Magnetophon, Hien huet iwwert 51 Befeeler kannt a war equipéiert mat engem Intelprozessor 8008 vun 8 bits mat enger Frequenz vun 0,2 bis 0,6 Megaherz (MHz). Am Verglach: haut hunn déi meescht Intelprozessoren an de Mikro-Computer eng Frequenz tëscht 1,5 an 4 Gigaherz (GHz).

Déi 260 Milloune Computer déi uechter d‘Welt 2016 verkaf goufen, baséieren all um Modell vun der Mikro-Informatik déi bei R2E fir den Micral N entwéckelt gi sinn.“ ënnersträicht de Commissaire-Priseur Rouillac, dee bedauert dat déi franséisch Entreprisen zu deemolegen Zäitpunkt dem Produit net dat verdéngte Vertrauen geschenkt hunn.

Wat elo de Wonschpräiss fir dësen historesche Mikro-Computer betrëfft, esou muss een dat relativiséieren. Esou läit de Präis fir een vun den éischten Apple-Computer haut tëscht 300.000 an 600.000 Dollar, mee de Micral kann sech natierlech net op d‘Bekanntheet vun der Marque mam Apel beruffen. Mam Accord vum Proprietaire gëtt d‘Stee mat 20.000 Euro ugesat, woubäi sech Iwwerraschendes erwaart gëtt an een dierf gespaant sinn wéi vill zu gudder Läscht wäert gebuede gëtt.

Via AFP

Foto: Rama, Wikimedia Commons, CC BY-SA 2.0

Related topics Micral N, Retro, Technologie
Next post Previous post