Search

You may also like

Kläpperei, déidleche Verkéier an Alkoholkontrollen
Neiegkeeten

Kläpperei, déidleche Verkéier an Alkoholkontrollen

Et war nees ee en ustrengenden a leider och kee

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul
Neiegkeeten

Et ass nees esou wäit: Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul

Vum 15. Mee bis den 31. Juli fënnt déi 13.Editioun

dislike
„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“
Neiegkeeten

„Ouni Perspektive kënnt keen op de Bierg“

D‘Gewerkschaft vum professionelle Personal vun der Arméi (SPAL) hat virun

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)

Mir hunn den Dossier fir Iech ënnert d'Lupp geholl, d'Häre vun der Agence e-Santé hunn eis Froe mat vill Gedold ganz oppe beäntwert.

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)

Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net) ass de Patiente selwer iwwerlooss, e gëtt eréischt mat Date gefiddert wann dësen aktivéiert ass. Natierlech kënnt Dir dann och selwer Donnéeën aus der Vergaangenheet androen.

Och wann d’Agence e-Santé ee Groupe d’Interêt Economique (GIE) ass – hire gréissten Interêt besteet doranner de Patienten an Dokteren d’Liewen ze vereinfachen. Profit gëtt net op ons Käschte gemaach. Mat dësem elektroneschen Dossier stinn engem vill Dieren op, Akte ronderëm siche goe fält esou ewech. A sollt een, aus wéi engem Grond och ëmmer den Dokter wiesselen, duerch déi gespäichert Daten ass deen nächsten direkt um richtege Stand.

Wien huet Zougrëff op den Dossier?

De Benotzer entscheet selwer wéi eng Dokteren Zougrëff op wat hunn, et kann ee Verschiddenes ukräizen. Bei der Aktivatioun muss een uginn, ob e seng Date wëll weider deelen, wann een en Accident hat a bewosstlos ass. Wëll een net, gëtt dat akzeptéiert.

Sollt de Benotzer sech aus iergendengem Grond decidéieren den Dossier zou ze maachen, ginn d’Daten nach 10 Joer laang gespäichert. Ma dat ass och bei normalen Akten de Fall. Dofir brauch den Notzer och vu kengem Widderrufsrecht Gebrauch ze maachen, hien ass nämlech de Chef vu sengem Daten – och bei den Dokteren am Cabinet huet hien d’Kontroll driwwer.

Ass de Patient net averstanen, datt Daten dra gesat ginn, muss e just Bescheed soen. Oder dem Dokter einfach keen Accès ginn. Den Notzer ass de Chef iwwer seng Daten, hie ka verschidde Beräicher späre loossen, och hei decidéiert hie, wien Asiicht a seng Daten a Krankegeschicht huet. Et besteet absolut keen Zwang, woubäi et allerdéngs sënnvoll ass bei chronesche Krankheeten all Daten ofzespäicheren.

Et kéint Liewe retten

Et ass méiglech nach en zweeten Notzer (Assistent) dobäi ze setzen, am Fall vu schwéierer Krankheet, Koma oder Demenz, kann dann deen entscheede wéi et mam Dossier weider geet. An ob et weider geet. Haaptsächlech ass dat geduecht fir den eelere Leit ënnert d’Äerm ze gräifen.

Leit déi hire Liewensowend an engem Alters- oder Fleegeheem verbréngen, ginn net zu der Notzung gezwongen, et ass der Agence e-Santé wichteg, dass alles op fräiwëlleger Basis gemaach gëtt. Eng Patienteverfügung ass net am Dossier, se ass och net geplangt, mä d’Nofro ass grouss, et ka gutt sinn, dass se an Zukunft kënnt.

Den Dateschutz gëtt vun enger onofhängeger Instanz gepréift – der Commission Nationale pour la Protection des Données (CNPD). Deen ass all Moment garantéiert. Ier d’Agence mam Pilotprojet konnt ufänken, hunn si misse sécher goen, datt sech un dat neit Reglement vum Dateschutz (GDPR) gehale gëtt.

Momentan profitéiere just Hausdokteren, Klinicken a Patiente vun dëser Offer, mat der Zäit gëtt de Service op aner Gesondheetssecteuren ausgebaut. Mam elektronesche Gesondheetsdossier haut ass et haut ewéi mam Homebanking deemools – et ass eppes Neies, dofir sti mir deem kritesch géigeniwwer, mee mat der Zäit winne mir eis drun.

https://www.esante.lu/portal/de/

Related topics CNPD, Dateschutz, DSP, e-Sante, elektronesche Patientendossier, GDPR
Next post Previous post