Search

You may also like

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro
International Neiegkeeten

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als

Ëmsaz am Telekommunikatiounssecteur bleift stabel
International Neiegkeeten

Ëmsaz am Telekommunikatiounssecteur bleift stabel

D‘Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) huet d‘Zuelen am Kontext vum statistesche Rapport

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun
International Neiegkeeten

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun

De Beruffsausbildungsdéngscht (SFP) vum Ministère nationale, de l’Enfance et de

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert

US-President kritt vu Geriicht den Ëmgang mat Twitter erkläert

New Yorker Geriicht verbitt dem US-President, seng Kritiker op Twitter ze blockéieren. Et wier eng Diskriminéierung, esou d‘Argument vun engem US-Appellsgeriicht. De Justizministère kuckt elo ob weider Mesure méiglech sinn.

Dat dierft dem Donald Trump net gefall hunn. Béis Commentairen an hir Auteure gi reegelméisseg vum Milliardär op Twitter blockéiert. Domadder muss elo Schluss sinn, heescht et am Uerteel vum US-Appellsgeriicht zu New York. Et wier net méiglech, nëmme well dem US-President déi fräi Meenungsäusserung net gefält, dierft hien d‘Commentairen op Twitter net onsiichtbar maachen…

TwitterBegrënnung: „Als Vertrieder vun der Regierung a Persoun mat engem ëffentleche Mandat, deen de Kuerznoriichtendéngscht zu offiziellen Zwecker benotzt, dierf den Donald Trump aner Notzer net vun der ëffentlecher Diskussioun ausschléissen. Dat ass diskriminéierend an dohier net zoulässeg“, esou de Verdikt. Den US-Justizministère soll elo préiwen ob e Recours méiglech ass.

Twitter

Lassgetrëppelt gouf de Prozess vum „Knight Institute“, deen der Columbia University ugeschloss ass. D‘Universitéit huet am Numm vu siwe vum Trump blockéierte Persoune viru geriicht geklot. D‘Notzer vum Kuerznoriichtendéngscht haten sech dergéint gewiert, datt den US-President hir Konten no kritesche Commentairë blockéiert huet. Si sollte Recht kréien…

Wann d‘Meenungsfräiheet an der Verfassung steet

Aus de Geriichtsakte geet ervir, datt den Donald Trump dës „kritesch Follower“ am Mee a Juni 2017 si vu sengem Account „ausgespaart“ hat. Dat heescht si konnten dem US-President seng Tweets weder liesen nach drop äntweren. 2018 hat eng Bundesriichterin zu New York entscheet, datt de Milliardär mat sengem Verhale géint den éischte Verfassungszousaz géif verstoussen.

TwitterDéi fräi Meenung ass an dësem Zousazartikel vun der Verfassung geschützt, an doranner loossen d‘Amerikaner net mat sech verhandelen. Also huet den Donald Trump säi Kont nees fräigeschalt, huet awer e Recours ugestrieft. Hei ass, wéi mir wëssen, de Milliardär op en Neits drop higewise ginn, datt Kritik zoulässeg ass, an hien déi och muss zouloossen. Et steet keen iwwert dem Gesetz.

TwitterWat den Account „@realDonaldTrump“ betrëfft – deen iwwregens bal 72 Millioune Follower huet – esou dierf drun erënnert ginn, datt keen anere President esou ee massive Gebrauch vun Twitter mécht. Et gëtt näischt wat den US-President net iwwer Twitter der Welt matdeele géif. An säin Toun ass zuweilen och zimlech hefteg (mir hunn e puer Beispiller agepecht) bis beleidegend.

mat indymedia/nyc

Foto: Pixabay

Related topics Columbia University, Donald Trump, Knight Institute, Meenungsfräiheet, Twitter
Next post Previous post