Search

You may also like

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!
Meenung Neiegkeeten

Suffocation a Belphegor an der Kufa – God Dethroned an Dark Rise als Support!

Kommenden Dënschdeg, wäert Lëtzebuerg ganz am Zeeche vum Black Death

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!
Meenung Neiegkeeten

Breaking News – CFL Linn 60 am Nomëtteg gestéiert!

Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht

Si hu sech gutt Beholl… also déi meescht
Meenung Neiegkeeten

Si hu sech gutt Beholl… also déi meescht

Um Freidegowend hat d‘Police op Unuerdnung vum Parquet zwou Alkoholkontrollen

Den erzwongene Sozialkonflikt

Iwwerhieflechkeet vum Patronat trëfft op Widderstand vun de Gewerkschaften

Den erzwongene Sozialkonflikt

Wann een e Bléck op d‘Konjunktur wërft, sech d‘Chômageszuelen zu Gemitt zitt a weess wéi an de Betriber lamentéiert gëtt, well ee keen adequat Personal fënnt, da kann ee schwéierlech verstoen datt d‘Patronat sech engem progressisteschen Aarbechtsrecht verweigert. An awer ass et esou…

Dobäi sollten d‘Patronen uecht doen et net ze iwwerdreiwen. Et gëtt kaum nach Wunnraum, an dee wou do ass, ka sech e normale Salarié leeschten. All Dag Stonnen am Verkéier ze verbréngen ass längst keng Belaaschtung méi, déi d‘Salariat bereet ass, fir eppes méi an der Pai, op sech ze huelen. An dësem Kontext hunn d‘Vertrieder vum Patronat, bei der Reunioun vum permanenten Aarbechts- a Beschäftegungscomité (CPTE), kloer gemaach, datt si keng Loscht op Tripartitegespréicher hunn.

Elo gesinn dat d‘Gewerkschaften naturgeméiss eppes differenzéiert. CGFP, OGBL an LCGB hunn dann elo och hir Memberen zu enger Manifestatioun opgeruff, déi en Donneschdeg 14. November um 19.00 Auer soll stattfannen. E Fait dee vun all Patronatsverband mat grousser Geloossenheet betruecht gëtt. Si wëssen datt sech ëmmer Manner Salariéeë gewerkschaftlech organiséieren an hir Wënsch vun der politescher Elite nëmmen all ze gären erfëllt ginn. A wat wa si sech do täuschen?

Ouni Dialog gëtt et an de Gënz

Kee Wonner, datt bei dëser ëmmer méi däitlech affichéierter Arroganz de Gewerkschaften den Hutt héich geet. De Beholl – a virum d‘Ofleenung – vum Patronat wier an dëser Form en Ugrëff op déi sozial Kohesioun. Sech géint de sozialen an institutionaliséierten ze Stellen, deen och nach e legale kader huet, wier mindestens esou onzoulässeg wéi onverantwortlech. Woubäi dat mat der sozialer Verantwortung, nëmme bei ganz wéinege Patronen an Entreprisen iwwerhaapt e Sujet ass.

Fir déi dräi féierend Gewerkschaften zu Lëtzebuerg, ass dat ganzt net nëmmen e Schlag ënnert de Rimm – bezunn op d‘Recht ze verhandelen – mee et wier zugläich eng Attack déi sech géint dës Koalitiounsregierung géif riichten. Déi huet tatsächlech am Regierungsprogramm stoen, datt de sozialen Dialog erneiert a gestäerkt muss ginn. Dofir sinn d‘Tripartite-Gespréicher am Kader vum CPTE wichteg. Et sollen och d‘Kollektivverträg gefërdert an d‘Aarbechtsrecht ugepasst ginn.

Et geet net duer d‘Fauscht an der Täsch ze maachen

A wann d‘Gewerkschaften elo nees d‘Fauscht an der Täsch maachen, erklären datt si et net wäerten hinhuelen, datt déi gewerkschaftlech Verhandlungsrechter mat Féiss getrëppelt ginn, da kléngt dat sécherlech gutt, mee Erfolleg mat hire Revendicatioune kann et nëmme mat enger maximaler an engagéierter Bedeelegung ginn. An do dierft et komplizéiert ginn: et huet een nu emol aner Wënsch a Fuerderunge jee nodeems wou ee wunnt an a wéi engem Secteur ee schafft. Solidaritéit dat war…

Dobäi hunn CGFP; OGBL an LCGB eigentlech Recht. D‘Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt, méi konkreten Ëmweltschutz a manner Zäregasemissiounen, si gesellschaftlech Erausfuerderungen, déi ouni Industrie a Wirtschaft net ze bewältege sinn. An dësem Sënn ass et dann och richteg ze behaapten, datt eng progressiv a positiv Evolutioun beim sozialen Echange brauch. Dat gesinn eis Patronatsvertrieder anescht. Si hu Muecht a Geld an d‘Politik kann hinne kee Wonsch ofschloen.

Wouhinner et féiert wann ee se gewäerde léisst

Dobäi wier d‘Salariat gutt beroden sech nees gewerkschaftlech ze organiséieren. Besonnesch a grad an all deenen Entreprisen, Industrien a Konzerner déi sech oppe géint d‘Gewerkschafte stellen an d‘Ressource „Mënsch“ souwisou léiwer géint Maschinnen a Roboter tausche wéilt. Mee an enger „Ielebou-Gesellschaft“ ass dat mat der Solidaritéit éischter Wonsch wéi Realitéit. Haut wou een deem aneren säin Däiwel ass, hunn d‘Patronen e t liicht ee géint deen aneren auszespillen.

Wiem also eppes dru geleeën ass, datt een och muer nach op de soziale Fridde blécke kann, dee sollt sech emol fir unzefänke gewerkschaftlech organiséieren an dann och un de Manifestatiounen deelhuelen. Et muss och opgehale ginn d‘Kollegen op der Aarbecht wéinst hirer Hierkonft, dem Wunnuert oder der Sprooch unzefeinden. A wann se dreeën „hirer Wee ze goen“, da sollen se goen. Et dierft vill Interessi (awer net genuch Plaz) u Lëtzebuerg ginn, anstänneg Betriber unzesidelen.

Related topics CGFP, Koalitiounsprogramm, LCGB, OGBL, Patronat, Sozialkonflikt, Tripartite
Next post Previous post