Search

You may also like

Schwéiert Äerdbiewen erschüttert Japan
International Meenung Neiegkeeten

Schwéiert Äerdbiewen erschüttert Japan

Bei engem schwéieren Äerdbiewen am Nordoste vu Japan, huet et

25 Joer MEGA – Eng digital Party vun der Geschlechtergläichheet!
International Meenung Neiegkeeten

25 Joer MEGA – Eng digital Party vun der Geschlechtergläichheet!

Am Mee 1995 ass den éischte Schrëtt fir den haitege

D‘Kierch ass kee gudde Patron
International Meenung Neiegkeeten

D‘Kierch ass kee gudde Patron

Wéi sech deen een oder aneren iwwerluecht hat Katechet ze

Den EU-Impfpass: Si sinn sech net eens (kommentéiert)

Den EU-Impfpass: Si sinn sech net eens (kommentéiert)

Datt et schonn en Impfpass huet, ass den Technokrate wéi de Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun zimmlech egal, si wëllen hiren eegenen. Leider sinn se sech net eens wéi deen da sollt ausgesinn a wéi eng Bezeechnung ee soll kréien. Firwat sollt een et och einfach maachen, wann ee Frënn huet, déi finanziell Interessen un Erneierungen hunn.

All Wuert hätt seng Bedeitung, esou de rietskonservativen Hollänner Jeroen Lenaers, deen d‘Wiel vun der EU-Kommissioun, dëse „Pass“ als „digital gréngen Zertifikat“ ze benennen, fir onsënneg hält an et léiwer hätt, wann dëse „Pass“ ënnert der Bezeechnung: „EU-Covid19-Zertifikat“ géif de Bierger operzwonge ginn. Wéi gesot, eigentlech sollt all Mënsch den Impfpass vun der WHO hunn.

Ob den EPP-Deputéierten eventuell mengt et wier sënnvoll de WHO-Impfpass, deen international unerkannt an bis ewell kee Grond zur Reklamatioun ginn huet, ofzeschafen, an duerch national oder regional ausgestallten Impfpäss ze ersetzen? Streng geholl net, et géif an dësem Fall ëm ee ganz spezifeschen op de Covid19 begrenzten Impfpass goen, dee jo wuel och net laang gebraucht gëtt.

ImpfpassWat un dësem Dokument kënnen eis Politakrobaten net leiden?

An esou huet dann och all Wuert seng Bedeitung. Et géif an den Ae vun engem Deel vun den EU-Parlamentarier drëms goen, op den Ënnerscheet vun der Bedeitung vun dëse jo ganz verschidde genotzten Impfpäss hinzeweisen. Den Impfpass vun der Europäescher Unioun, soll jo dann och net international, mee bannent der Unioun ugewannt ginn. Also do wou dësen unerkannt géif ginn.

Fir d‘Spriecherin vum liberale Club „Renew Europe“, Sophie in‘t Veld, soll dësen „Zertifikat“ als Garantie fir fräit reese bannent der Unioun hierhalen. Dobäi geet et deene Liberalen nëmme marginal ëm d‘Reesen zum Vergnügen. Si gesinn eng Noutwennegkeet besonnesch am Beräich vun der grenziwwerschreidender Beschäftegung. Pendler sinn ugewisen, sech fräi bewegen ze kënnen.

Parlament versus Länner

En europäeschen Impfpass als Garantie fir de fräie Persouneverkéier? Esouguer d‘Faschisten am Europaparlament kënnen sech fir esou ee Projet begeeschtere loossen. Déi italienesch Faschistin Nicola Procaccini (Fratelli d‘Italia) erkennt an dësem Zertifikat/Pass en Instrument mat deem an der EU Diskriminéierung ka verhënnert ginn. A wa Faschisten eppes gutt fannen, gëtt et bedenklech.

Mat dësem ganze Gedeessems stellt sech d‘EU-Parlament dann eppes géint de Virschlag vun de 27 EU-Memberlänner op. Déi hate wuel och näischt Gescheites bäizedroen, wieren awer eigentlech schonn zefridde gewiescht, wann ee sech op gemeinsam Standarde fir den Datenaustausch vun den Zertifikater hätt verstännege kënnen. Dat en Antrag an de „gielen Impfpass“ ee Standard ass…

Egal, well op elo den Impfpass vun der WHO, oder en Zertifikat vun der Regierung aus engem EU-Memberland virgeluecht ka ginn, verhënnert net, datt all Land weiderhi selwer entscheede kann, wéi eng Aschränkunge géintiwwer de Bierger aus der EU Bestand hunn oder net. Et soll eis also eppes opgeschwat ginn, wat mir esou eigentlech schonn hunn, awer net muss iwwerall gülteg sinn.

D‘Birgit Sippel (S&D) ass de Meenung datt et elo un de Länner ass sech ze blaméieren a stellt d‘Fro an de Raum: „Sidd dir no engem Joer endlech an der Lag, ee koordinéierten a gemeinsamen Usaz zu Reesbeschränkungen an där hiert Ophiewen ze fannen, oder gëtt et alt nees nëmmen ee Patchwork?“. Koordinatioun a gemeinsam Usätz? Wou war déi gutt Fra dat lescht Joerzéngt?

Et kéint wuel nach eppes brauchen

Ugesiichts dem onbegräiflechen Nonsens – ausser et géif tatsächlech eng novollzéibar a fir all Bierger verständlech Erklärung ginn – zeechent sech dann elo op EU-Niveau ee Muechtkampf of. Dat féiert zu endlosen Debatten, Decisioune ginn op Mokuchsdag verluecht, an den Dommen ass selbstverständlech de Bierger. An d‘EU-Kommissioun ass mat eegenen Interesse beschäftegt.

Wéi gesot, hei gëtt en Debat ëm en Dokument gefouert dat et scho gëtt, a weltwäit unerkannt ass. Den EU-Kommissär fir Justiz, dat belscht Politdesaster Didier Reynders, wëll vermëttelen. Hien dee wéi all seng belsch Virgänger vill Erfarung beim Konzept „Kompromëss“, awer leider keng politesch Erfolleger Opweises huet, spillt seng wirtschaftlech Atouten aus a mécht Drock.

ImpfpassEt ass, wéi feststelle kann, duerchaus méiglech d‘Covid19-Impfung androen ze loossen, esou wéi dat jo och vun der däitscher Bundeskanzlerin demonstréiert gouf

Hie weist drop hin, datt wann d‘Vakanzesaison 2021 duerch politeschen Dissens géif onméiglech gemaach ginn, all eenzelen EU-Parlamentarier sech dofir ze veräntwerten hätt. Et misst elo direkt eng Decisioun geholl ginn, soss géif alles an de Gënz goen. Et misst een elo alles der Aféierung vun dësem europäeschen Impfpass/Impfzertifikat ënneruerdnen. U Lëtzebuerg sollt et net scheiteren.

Ongekläert nach ëmmer: wat der Däiwel ass elo mam internationalen Impfpass? Ass deen nach gülteg? Wa jo, fir wéi eng Aart vu Vaccinen, fir wéi eng Länner? Dierfen EU-Länner d‘Impfung géint de Covid19, wann se am giele Pass agedroen ass als ongülteg erklären? Soll d‘WHO mat der Ofschafung oder dem beschränkten Notze vum gielen Impfpass un Autoritéit verléieren?

Illustratioun: smazumdar/deviantart

Related topics Covid19, EU-Kommissioun, EU-Memberlänner, EU-Parlament, Impfpass, Impfzertifikat
Next post Previous post