Search

You may also like

Méi Eltere, manner Staat
International Neiegkeeten

Méi Eltere, manner Staat

Eltere sinn ass schwéier. Dat ass net nëmmen en 08/15

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus
International Neiegkeeten

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus

A senger Sëtzung vum 18. Mäerz 2019, huet de Gemengerot

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett
International Neiegkeeten

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech

Den EuGH an Ungarn… eng onendlech Geschicht

Den EuGH an Ungarn… eng onendlech Geschicht

Alt nees dreet den Ungarn, déi vun enger faschistoider Regierung geleet ginn, Onheel. Laut der europäescher Staatsanwaltschaft, géif dat sougenannte „Stop-Soros-Gesetz“, géint europäescht Recht verstoussen. Mat dësem Gesetz soll Flüchtlingshëllef als Delikt bestrooft ginn.

De Generalstaatsanwalt Athanasios Rantos huet an engem Gutachte statuéiert, datt dëst Gesetz net an Aklang mam europäesche Recht ze bréngen ass. Hannergrond ass eng Klo vun der Kommissioun aus dem Joer 2018. Laut der EU-Kommissioun gi mat dësem Gesetz ONG-Mataarbechter an Aktivisten, déi Migranten hëllefen Zougang zum EU-Asylverfaren ze erhalen, kriminaliséiert.

Entspriechend de Reegelen, hunn nëmmen nach déi Persounen en Usproch op Asyl, déi direkt aus engem Uert kommen, wou hiert Liewen oder hir Fräiheet bedreet ass. Zudeem verbitt d‘Gesetz de Mataarbechter vun Hëllefsorganisatiounen den Zoutrëtt zu engem aacht Kilometer breede Korridor un der ungarescher Baussegrenz. An dësem Korridor gëtt och bewosst Gewalt ugewannt.

An dësem Kontext muss drun erënnert ginn, datt d‘Bezeechnung „Sop-Soros-Gesetz“, sech op den US-Milliardär George Soros bezitt. Den ungareschen Holocaust-Iwwerliewenden ënnerstëtzt mat senger humanitärer Stëftung, eng Rei zivil Organisatiounen, déi Flüchtlingen an Asyldemandeuren Hëllef ubidden. Den Orban, attackéiert de Soros virzuchsweis mat antisemitesche Stereotyppen.

Flüchtlingshëllef behënneren ass net rechtméisseg

Laut dem Athanasios Rantos, ass d‘Kriminaliséierung vun der Flüchtlingshëllef eng onberechtegt Behënnerung vun der Aarbecht vun de ONGen. Et wier d‘Missioun vun den Autoritéiten, Anträg op internationale Schutz ze préiwen, an net déi vun ONGen an/oder Rechtsberoder. D‘Tatsaach, datt Serbien fir Ungarn ee séchert Transitland ass, féiert derzou, datt vill Demande ofgewise ginn.

Dat bréngt mat sech, datt Mataarbechter vun ONGen an/oder Aktivisten, sech Geforen aussetzen. Interessant awer d‘Feststellung vum Procureur: déi 8-Kilometer Reegel verstéisst net géint EU-Recht. Hie erënnert awer, datt schon d‘lescht Joer, den EuGH statuéiert huet, datt et rechtswiddreg ass, d‘Asyldemande zeréckzeweisen, wann den Demandeur iwwert ee séchert Transitland areest.

Elo ass dëst Gutachte vum Procureur natierlech keen Urteel, an Ungarn kënnen hiert Spill weider dreiwen, zumindest bis et eng riichterlech Entscheedung vum EuGH huet. Dës kéint an den nächste Méint geholl ginn. Den Ungarn ass et egal. Si si vun der EU-Kommissioun schonn oft ugeklot ginn, hunn awer näischt drop ginn a maache grad weider. An d‘EPP ënnerstëtzt dës Virgoensweis…

Illustratioun: © Liz Wedon / unsplash

Related topics Asylpolitik, Asylverfaren, Athanasios Rantos, EU-Kommissioun, EUGH, Ungarn, ViktorOrban
Next post Previous post