Search

You may also like

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen
International Neiegkeeten

Fra mam Hummer op de Kapp geschloen

Laut dem Policebericht, ass e Freidegmoie géint hallwer néng, eng

Naturpark Öewersauer: D’Waasserfest um 8. an 9. Mee 2021
International Neiegkeeten

Naturpark Öewersauer: D’Waasserfest um 8. an 9. Mee 2021

Mat Workshops, Wanderungen a weidere lauter spannenden Aktivitéiten ronderëm d’Thema

Zum HORECA-Secteur: „Mir Pirate lauschteren op eis Matbierger
International Neiegkeeten

Zum HORECA-Secteur: „Mir Pirate lauschteren op eis Matbierger

No der Séance Publique vum 19ten Januar 2021, wou mir

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren

D‘EU-Kommissioun an déi fréier jugoslawesch Republik Mazedonien (ARYM) hunn e Mëttwoch zu Bréissel en Accord fonnt, déi et dem europäesche Grenzschutz erlaabt, mat eegene Leit um Staatsgebitt vu Mazedonien aktiv ze ginn. Dat soll ëmmer dann de Fall sinn, wann et zu gréissere Migratiounsbeweegungen a Richtung Europa kënnt.

Laut der europäescher Exekutive, mécht dësen Accord d‘Dier op, fir zukünfteg Aktioune mat der europäescher Agence fir Grenz- a Küstenschutz (fréier Frontex) ze koordinéieren. D‘EU huet dann och schonn en ähnlecht Ofkommes mat Albanien, an hofft et mat Serbien, dem Montenegro an Bosnien-Herzegowina, zum engem gläichwäertegen Ofschloss ze bréngen.

Entscheedungen, déi sech an de Kontext vum gestäerkte Mandat vun der Agence aschreiwen. Laut deem soll et elo fir Grenzschützer méiglech sinn, och a sougenannten „Drëttlänner“ operativ géint d‘Awanderung an d‘EU virzegoen. „Mat dësem Accord, kann d‘Agence säi ganzt Potential asetzen, a sech den Erausfuerderunge vun der Migratioun stellen“, esou den Zoustännegen EU-Kommissär.

Den EU-Grenzschutz soll emol 10.000 Mann beschäftegen

Den EU-Kommissär fir d‘Migratioun, Dimitris Avramopoulos, deen zesumme mam mazedoneschen Inneminister Oliver Spasovski, den Accord paraphéiert huet, weist drop hin, datt d‘Ofkommes zu engem „spéideren Zäitpunkt offizialiséiert gëtt, wa béid Parteien déi noutwenneg juristesch Prozeduren ofgeschloss hunn“. Och d‘EU-Parlament muss heizou nach seng Zoustëmmung ginn.

Fir déi europäesch Agence fir Grenz- a Küstenschutz, déi notamment d‘Memberlänner ënnerstëtzt fir un de Baussegrenze vun der EU Patrullen duerchzeféieren, eng weider Tâche. Dës Agence huet dann och an de leschte Jore méi Verantwortung erhalen, fir sech de Migranten, déi illegal an d‘EU erawëllen, unzehuelen. Et ass dann och entspriechend an d‘Humankapital investéiert ginn.

Déi europäesch Agence fir Grenz- a Küstenschutz ass vun (zu Frontex-Zäiten) ronn 300 Mann am Joer 2014, op elo 1.800 Mann gewuess. Et ass gewosst, datt dat nach net duer geet, an den Ausbau gëtt virugedriwwen. D‘EU-Kommissioun schléit dann och vir, e richtegen „EU-Grenzschutz“ fir d‘Baussegrenzen ze schafen, dee bis 2020 eng Personaldecke vun 10.000 Beamte soll hunn.

mat AFP

Related topics EU-Kommissioun, Europa, Grenzschutz, Mazedonien, Migratioun
Next post Previous post