Search

You may also like

D’Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn
Stories

D’Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn

Ronn eng Woch no den zum Deel katastrophalen Iwwerschwemmungen uechtert

Digital Joreshaaptversammlung fir d‘ACEL
Stories

Digital Joreshaaptversammlung fir d‘ACEL

Déi alljäerlech Haaptversammlung vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercel

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter
Stories

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

An den europäesche Länner steet de 25. Mäerz ganz am

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert

Den europäeschen Haftbefeel géint den Carles Puidgemont, erkläert

De fréiere President vu Katalounien, Carles Puidgemont, ass mëttels engem europäeschen Haftbefeel vun der däitscher Police festgeholl ginn. Wat ass en europäeschen Haftbefeel? Wat erwaart de Carles Puidgemont?

Säit 2004 gëtt et de sougenannten „europäeschen Haftbefeel“. Sënn an Zweck vun dësem juristesche Mëttel ass et, déi vill ze opwänneg Ausliwwerungsverfahren tëscht den EU-Memberlänner ze vereinfachen. Grond fir dës Mesure: d‘ewechfale vun de Grenzkontrollen.

Ouni Grenze wier et presuméierten Täter einfach gemaach sech an d‘Ausland ofzesetzen, d‘Justiz huet allerdéngs e verständlecht Interessi drun, d‘Brigangen awer festzehuelen. Mat engem EU-Haftbefeel, deen d‘Justiz vun engem EU-Land ausgestallt huet, eng un a fir sech einfach Saach.

Den Haftbefeel gëllt an der gesamter EU, a fir d‘Police (wéi an eisem Fall an Däitschland) mécht et grondsätzlech keen Ënnerscheet, op d‘Mandat vun enger nationaler oder europäescher Autoritéit ausgestallt ginn ass. A béide Fäll muss d‘Police de gesichten als éischt emol verhaften.

Streng gereegelt

No der Verhaftung, muss e Geriicht den europäeschen Haftbefeel fir unzefänke préiwen. Dofir gëtt et eng Frist, an banne 60 Deeg muss iwwert d‘Ausliwwerung entscheet ginn. Sollt déi betraffe Persoun enger Ausliwwerung zoustëmmen, muss d‘Entscheedung bannent 10 Deeg geholl ginn.

Am Verglach zu Ausliwwerungen an net EU-Länner, gëtt et bei der Iwwerpréiwung vun engem europäeschen Haftbefeel manner Gedeessems. Verschidde Schrëtt, déi soss noutwenneg sinn, falen hei einfach ewech. Och dem Refus si gréisser Barrière gesat ginn.

Hei ass et dann och wichteg drop hinzeweisen, datt politesch Awänn keng Roll spillen dierfen. Eenzeg d‘Justiz entscheet, woubäi d‘Administratioune vun den zwee Länner zesummeschaffen. Et gëtt hei dann och keen Ëmwee iwwert d‘Diplomaten an den Ausseministèren.

Wann elo d‘Prozedur u sech immens vereinfacht ass, esou muss d‘Ausliwwerung awer gepréift ginn. Am Fall vum Carles Puidgemont ass elo d‘Geriicht an de Parquet vu Schleswig zoustänneg.

Hei gëtt et dann interessant. Et stellt sech nämlech d‘Fro, op de Virworf vun der Rebellioun och an Däitschland eng Strofdot ass. Also op et am däitsche Recht en Gesetz gëtt, mat deem déi dem Puidgemont zum Virworf gemaachten Dot, juristesch verfollegt ka ginn.

Datt de fréiere katalanesche President net schonn a der Belsch verhaft ginn ass, läit dann och dorunner, datt den europäeschen Haftbefeel eréischt um Freideg ausgestallt ginn ass. Et hat wuel schonn e Mandat am November ginn, dee gouf awer vum ieweschte spuenesche Geriicht am Dezember opgehuewen.

Related topics Carles Puidgemont, Haftbefehl, Katalounien
Next post Previous post