Search

You may also like

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris
International Neiegkeeten

Gréng Luucht: 37 Milliarden Euro als Ënnerstëtzung vum EU-Parlament wärend der Coronakris

En Donneschdeg huet d’EU-Parlament sech fir eng Unzuel vun Noutfallmoossnamen

Awareness Ribbons: Wat stécht hannert de faarwege Schläifen?
International Neiegkeeten

Awareness Ribbons: Wat stécht hannert de faarwege Schläifen?

Grad haut um Weltkriibsdag gesäit een zuelräich Biller vun der

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil
International Neiegkeeten

“PInS on Wheels” – Aweiung vum PInS-Sciencemobil

Déi kleng A.s.b.l. mam Numm PInS ass säit dem 21.

Bolivien: Haftbefehl géint den Evo Morales

Ex-Staatschef wéinst Rebellioun, Terrorismus an Terrorfinanzéierung vum Procureur verfollegt

Bolivien: Haftbefehl géint den Evo Morales

Den éischten indigene President vun engem südamerikanesche Land, war am November op Drock vun der Arméi zréckgetrueden. Dem Evo Morales, dee sech zur Stonn an Argentinien ophält, war vun der Oppositioun an internationale Wahl-Observateure Bedruch bei der Presidentewahl (20. Oktober) virgeworf ginn.

EvoMexiko hat him Asyl ugebueden an huet hien „exfiltréiert“. Vu Mexiko aus war et op Kuba gaange wou hien e Gesondheetscheck gemaach krut. Uschléissend huet sech den Evo Morales an Argentinien néiergelooss. A Bolivien huet eng Iwwergangsregierung d‘Muecht iwwerholl, an 2020 soll et Neiwahle ginn. D‘Unhänger vum fréiere Staatspresident schwätze vun engem Putsch.

Evo

Den Evo Morales wëll bei dëse Walen net méi als Kandidat untrieden, ass awer vun der MAS-Partei zum Chef vun der Wahlcampagne ernannt ginn. Hien och ugekënnegt, datt hie fir de Wahlkampf an seng Heemecht zréckgeet. „Ech hu keng Angscht virun enger Verhaftung an ech hunn d‘Recht a Bolivien Politik ze maachen“, esou den Evo Morales um Dënschdeg zu Buenos Aires.

Evo

Den Evo Morales huet onmoosseg vill fir déi indigen Vëlker a sengem Land gemaach an et ass him och gelongen, d‘Pluralitéit ze kanaliséieren. Seng Entscheedung sech um „Stull vun de Muecht“ festzehalen huet zur Kris gefouert. An awer bleiwen him seng Unhänger verbonnen. © Evo Morales Ayma (official)

Elo steet dann och d‘Fro am Raum, wat un de vum Procureur geäusserte Virwërf realistesch ass. Bei der Rebellioun léisst sech iwwert d‘Definitioun streiden, bei der Behaaptung zu Terrorfinanzéierung an Terrorismus, dierft et sech net opgoen. Richteg ass allerdéngs och, datt den Evo Morales et liicht iwwerdriwwen hat, an eigentlech domatter och den Ausléiser vun der politescher Kris ass.

mat indymedia/ccs

Foto: „Déi Zäiten an deenen si eis gesot hunn: Bolivien stierft sinn eriwwer. Mir hunn nach ëmmer e Bolivien, an dat wäert ëmmer fräi a souverän bleiwen. Patria o muerte, venceremos!“ esou den Evo Morales, un d‘Adress vu sengen Unhänger. © Evo Morales Ayma (official)

Related topics Bolivien, Evo Morales, Haftbefehl, Rebellioun, Terror, Terrorfinanzéierung
Next post Previous post