Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’EU?
Erkläert Kultur Stories

Wéi gutt kenns du d’EU?

[onionbuzz quiz-id=158][/onionbuzz] D’europäesch Unioun ass zwar all Dag an den

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!
Erkläert Kultur Stories

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!

Ënnert de waarme summerlechen Temperaturen leide Mënsch an Déier gläichermoossen.

Editorial: Och vun eise Kanner kënne mir léieren!
Erkläert Kultur Stories

Editorial: Och vun eise Kanner kënne mir léieren!

Mir vergiessen et villäicht dacks duerch de stressegen Alldag, mee

Den George A. Romero, erkläert

De Zombie Meeschter ass vun eis gaangen

Den George A. Romero, erkläert

Den George A. Romero ass gëschter am Alter vu 77 Joer verscheet. Mee wie war hien iwwerhaapt? Mir liwweren e klengen Iwwerbléck.

Woufir war den George A. Romero bekannt?

Haaptsächlech ass de George A. Romero fir „The Night of the Living Dead“ bekannt. Domadder huet hien, méi oder wéineger, am Joer 1968 de Zombie-Film-Genre gegrënnt. De Film hat e klenge Budget vun ongeféier 100.000 Dollar, mee en huet méi wéi 30 Milliounen Dollar agespillt.

Wat fir en Afloss hat hien?

Elleng d‘Tatsaach, datt haut bal iwwerall Zombien ze gesinn sinn, weist drop hin, wéi grouss säin Afloss ass. Vun „The Walking Dead“ eriwwer op „Resident Evil“ a Konsorten huet de Romero souwuel am Film wéi och an anere Medien, wéi Videospiller, seng Spueren hannerlos.

Woumatter hat en säi groussen Duerchbroch?

Oft ginn „Dawn of the Dead“ an „Day of the Dead“, béides a gewësser Hisiicht Fortsetzungen vum éischte Film, als seng gréisste Erfolleger gefeiert. „Dawn of the dead“ krut 2004 e Remakes spendéiert.

Gouf et virum Romero keng Zombie-Filmer?

Zombien waren oft genuch a verschiddene Filmer virkomm. D‘Innovatioun vum Romero huet haaptsächlech dorausser bestanen, aus hinnen Kannibalen ze maachen. Doduercher, datt se Juegd op d‘Mënsche gemaach hunn, sinn se zu engem Haaptbestanddeel vum Plot ginn.

Firwat sinn Zombien esou beléift am Horror?

Do ginn et vill Theorien a Faktoren. Sécherlech mécht de Fait, datt se am Fong Mënsche sinn, interessant. Si gesinn eis ähnlech, mee sinn awer grotesk verzerrt. En plus léisst sech an deene meeschte Geschichten liicht rechtfäerdegen, datt et der esou vill ginn, ass all Mënsch an deene Filmer ënnert dem Stréch e potenzielle Zombie.

Woufir ginn dem Romero seng Filmer geschat?

Ofgesinn vum Gore an dem spannenden Horror léisst sech aus senge Filmer och oft eng gewësse Konsumkritik eraus liesen. Esou beispillsweis am „Dawn of the Dead“, wou déi Iwwerliewend sech an enger Grande Surface verstoppen. Och Rassismus gëtt ugeschwat (souwuel an „Dawn of the Dead“ als och „Night of the Living Dead“)

Mat AFP

Foto: AFP PHOTO / DAMIEN MEYER

Related topics Film, George A. Romero, Kutlur
Next post Previous post