Search

You may also like

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
International Money Neiegkeeten

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

Editorial: De STATEC beméit net verstanen ze ginn
International Money Neiegkeeten

Editorial: De STATEC beméit net verstanen ze ginn

Et sollt een unhuelen dierfen, datt wann ee sech als

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!
International Money Neiegkeeten

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!

Zu Lëtzebuerg sollen déi groussflächeg Tester, fir de Covid-19 festzestellen,

money

Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt

Den Handelskrich ass erkläert a steet beim kanadesche G7-Sommet am Mëttelpunkt

Nodeems d’US-Administratioun sech fir Douanestaxen op Stol an Aluminium entscheet huet, hunn d’Europäer nach um Freideg bei der WTO éischt „Géigemoossnamen“ ageleet. Si hu bei enger Sëtzung vun de G7-Finanzminister och den USA e eescht gemengte Warnung am Kontext vun de Riske fir d’Weltwirtschaft ausgeschwat.

Eng Initiative déi vun der kanadescher Regierung ënnerstëtzt gëtt. Ottawa huet an dësem Sënn dann och eng Plainte bei der Welthandelsorganisatioun agereecht, dat nodeems si um Donneschdeg ugekënnegt haten, och bestrofend Taxen op US-Produkter ze erhiewen.

Den US-President Donald Trump hat iwwerdeems e Freideg seng „Partner“ weider ënner Drock gesat. Dat mat engem Virschlag, an deem et zu separaten Accorde mat Mexiko a Kanada komme soll. Accorden déi de bestoenden nordamerikanesche Fräihandelsaccord (NAFTA) aus dem Joer 1994 sollen ofléisen.

„Ech hätt keng Objektioun vir e separaten Accord mat Kanada (…) an engem anere mat Mexiko auszehandelen“, esou den US-President. „Et sinn zwee ganz ënnerschiddlech Länner“, huet den Donald Trump betount, während d’Neiverhandlung vum NAFTA-Accord no néng Méint en „doudege Punkt“ erreecht huet.

D’Douanestaxen op Stol an Aluminium, déi e Freideg effektiv gi sinn, wiere laut dem kanadesche Premierminister Justin Trudeau „inakzeptabel“. Deen huet dann och op d’Absurditéit vun der Situatioun higewisen. „Den Trump stéieren d’Iwwerschëss an d’Handelsdefiziter an der Welt? Mee d’USA hunn am Stolsecteur mat eis en Iwwerschoss vun zwou Milliarden US-Dollar“.

Mouvementéiert Sessiounen

Bei den éischte Sessioune vum G7, bei deem Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Japan, Kanada an d’USA zu Whistler (nërdlech vu Vancouver) zesummesëtzen, huet de kanadesche Finanzminister Bill Moreau, sech mat Hänn a Féiss géint dës ominéis Douanestaxe gewiert, huet eng europäesch Source der AFP matgedeelt.

De Bill Moreau hat am Virfeld gewarnt, datt hie sengem amerikaneschen Homolog, Steven Mnuchin „mat haarde Wierder“ géif verständlech maachen, firwat d’Kanadier der Usiicht sinn, datt dës Douanestaxe schlecht fir d’Weltwirtschaft sinn.

Vun der europäescher Source heescht et heizou: „De Steven Mnuchin huet d’Oppositioun déi eestëmmeg zum Ausdrock bruecht ginn ass, zur Kenntnis geholl an d’Partner an dësem Kontext op de Meeting vun de Staatscheffen, deen déi nächst Woch stattfënnt, verwisen“.

De franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire erkläert sengersäits: „D’Reunioun vun de G7-Finanzminister ass éischter e G6 + 1, mat den USA eleng géint all déi aner. (…) Elo läit de Ball am Lager vun den Amerikaner, si eleng kënnen en Handelskrich verhënneren“.

Bréissel op der sich no Moossnamen

„D’USA sinn derbäi e geféierlecht Spill ze Spillen“, hat d’EU-Kommissärin fir den Handel, Cecilia Malström virum Sommet gewarnt. Si huet och ugekënnegt, datt d’EU bei WTO eng Plainte wäert areechen.

Déi kanadesch Ausseministesch Chrystia Freeland deklaréiert: „Dës Douanestaxen, déi unilateral duerchgesat ginn, ënnert dem Virwand datt si déi national Sécherheet vun den USA garantéieren, respektéiere weder déi international US-Verflichtungen, nach d’Regele vu WTO“. Si huet dann och nach versprach, an dësem Dossier eng mat der EU zesummenzeschaffen.

Parallel dozou, huet d’EU bei der WTO eng Plainte géint China agereecht, fir géint „den ongerechten Technologietransfert“ vun den europäeschen Entreprisen ze protestéieren. Déi simultan Ukënnegung vun dësen zwou Plainten „beweist, datt d’EU sech kee Lager eraussicht“, erkläert hirersäits d’Cecilia Malström, an ënnersträicht, datt d’EU e multilaterale System verdeedegt.

De franséische Wirtschaftsminister, Bruno Le Maire, fuerdert sengersäits eng „geschlossen Haltung géintiwwer Washington“ am Bezuch op d’Erausfuerderung déi d’Mesure vun den Amerikaner duerstellen. „D’Europäer kënnen näischt erreeche wann se Schwächt weisen“, insistéiert hien.

D’Messer op der Broscht

Nach um Donneschdeg hat Kanada annoncéiert Taxen op 12,8 Milliarden US-Dollar vun US-Produkter ze erhiewen. Mexiko huet sengersäits Mesure géint definéiert Wueren, dorënner Stolprodukter, Friichten a Kéis, versprach, déi „esoulaang gülteg sinn, wéi sech d’USA op hir Douanestaxe behaapten“.

D’Europäer, wéi Groussbritannien, hunn nach emol d’USA opgeruff hir Entscheedung ze iwwerdenken. „Mir verhandelen net mam Messer op der Broscht“, huet de Bruno Le Maire mat Nodrock betount.

Mee d’Experte fir de Welthandel gesinn am Moment kee Grond zur Panik. Si behaapten, datt esoulaang wéi d’USA hir Menace, och Douanestaxen op Autoen ze erhiewen net applizéieren, wier den Handelskrich net erkläert. Géifen si dat awer maachen, da géif een sech um Häerzstéck vum internationale Wuerenaustausch vergoen, dem Moteur vum globale Wirtschaftswuesstem.

Bleift nach erauszefannen, wéi sech den Handelssträit tëscht den USA a China entwéckelt. Den amerikanesche Wirtschaftsminister Wilbur Ross gëtt haut zu Peking erwaart. Déi zwou gréisst Handelsmuechten hunn sech dräi Deeg ginn, fir iwwert hir ënnerschiddlech „Meenungen“ ze schwätzen. Den Ausgang vun de Gespréicher gëtt awer nach als „ongewëss“ betruecht.

mam Delphine Touitou an dem Céline Le Prioux/AFP

Foto: Op sech d’G7-Staatscheffen am Hotel „Le Manoir Richelieu“ zu La Malbaie (Quebec) um Enn dach nach zu enger fir all Parteien zefriddestellend Léisung wäerten duerchréngen, ass am Kontext vun engem bedreelechen Handelskrich, nach net mat Gewëssheet ze beäntwerten. Bis ewell ginn nach all „diplomatesch“ Mëttel agesat, dësen ofzewieren. © Alice Chiche/AFP

Related topics G7-Sommet, Handelskrich, NAFTA, WTO
Next post Previous post