Search

You may also like

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn
Neiegkeeten

Och den Eeschtfall muss trainéiert ginn

Wat fir vill Automobilisten tëscht dem Freideg 21:00 an dem

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!
Neiegkeeten

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!

Dësen August verzaubert de Rock’n’Classics nees mat engem kulturellen a

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart
Neiegkeeten

6. Editioun vum Walfer Konscht- & Hobbymaart

Hobby-Handwierker, et ass nees Zäit sech zu Walfer ze versammelen!

Den Himmel gëtt keng Rou

Um Dënschdegnomëtten ass et nees Landeswäit duerch de Staarkreen zu Problemer komm

Den Himmel gëtt keng Rou

D‘Aweiung vun der Vëlospist PC14 déi Schëndels mat Miersch verbënnt ass wuertwiertlech an d‘Waasser gefall, zu Dippech a Käerjeng waren d‘Stroossen nees iwwerschwemmt, nodeems d‘Kuer aus sengem Bett gespronge war. Zu Garnech an och an der Haaptstad war et komplizéiert, den CR128 tëscht Haller a Beefort war och vun de Flute geschléckt ginn.

Staarkreentëscht Garnech an Duelem (Lieserfoto)

D‘MeteoLux hat zäiteg annoncéiert datt plazeweis bis zu 25Liter/M² Néierschlag méiglech wier, wat ugesiichts de gesiedegte Biedem, nees Misär versprach huet. Zu Sprénkeng gouf eng Déifbaugarage iwwerschwemmt, woubäi déi véier Persoune wou sech hei opgehalen haten, a leschter Minutt sécher Buedem ënnert d‘Féiss kruten. Et gouf och kee Kierperschued gemellt.

Foto: Tëscht Garnech an Duelem (Lieserfoto)

Related topics Iwwerschwemmungen, MeteoLux, Staarkreen, Verkéiersbehënnerungen
Next post Previous post