Den Hollännesche Lockdown

Am Kontext vun der neier Covid19-Infektiounswell huet déi hollännesch Regierung sech zu weider drastesche Mesuren duerchgerongen. Ab haut Samschdeg gëllt ee sougenannte partielle Lockdown. Fir op mannst dräi Woche mussen d‘Betriber aus dem Horesca-Secteur um 20 Auer zoumaachen an all d‘Sportsevenementer fannen ouni Publikum statt.

Holland ass domadder dat éischt europäescht Land, dat sech Konsequent géint d‘Reprise vun der Pandemie zur Wier setzt. Esou wéi et de Ministerpresident Mark Rutte um Freidegowend zu Den Haag annoncéiert huet, sinn den Ament just d‘Gastronomie, den Handel an d‘Sportsaktivitéite wou vun dëser Decisioun betraff sinn. Eng 200 Leit hu géint dës Annonce protestéiert an sinn deels mat der Police „zesummegestouss“.

Wärend elo den Horesca-Secteur bis 20 Auer kann ophalen, sollen all net „essentiell“ Geschäfter schonn um 18 Auer d‘Rideau erofloossen. Als weider Mesure gëtt et Besuchsbegrenzung: maximal véier Leit dierf een nach bei sech doheem empfänken. No Méiglechkeet soll och den Télétravail groussflächeg ëmgesat ginn. Wien net op de Büro muss, soll dat dann och si loossen. Grouss Veranstaltunge mussen ofgesot ginn.

Holland

Interessant nach folgend Citatioun: „Zum Gléck ass déi grouss Majoritéit vun de Leit geimpft, soss wier de Misär an de Spideeler elo onermoosslech“, esou de Mark Rutte. Hien huet zudeem kloer gemaach, datt nom Oflaf vun den dräi Wochen, fir Fräizäitariichtungen an d‘Gastronomie déi scho bekannt 2G-Reegel agefouert gëtt. Tatsächlech, ass de Virus nees iwwerall am Land ënnerwee, an alle Beräicher an Altersklassen.

Um Donneschdeg hunn d‘Hollänner en neie Rekord bei den Infektiounszuele gemellt: bannent 24 Stonne ware ronn 16.300 Mënsche „positiv“. Zum Verglach, de leschten Héchststand hat et 2020 am Dezember mat ronn 13.000 Infektiounsfäll bannent 24 Stonnen. Beim Impftaux ass Holland allerdéngs gutt opgestallt (82% vun alle Bierger iwwer 12 Joer si komplett geimpft). Elo kréien d‘Leit de Boost recommandéiert.

Holland

mat indymedia/ams

Dernières nouvelles