Search

You may also like

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen
Neiegkeeten

Kloerheet zum Pandemiegesetz: Net iwwert d’Zil hinaus schéissen

Säit Mëtt Mäerz gëllt zu Lëtzebuerg den Ausnamezoustand, wouduerch dat

De Sommet vun de beschte Frënn
Neiegkeeten

De Sommet vun de beschte Frënn

Beim Sommet vun Helsinki, wou sech de Donald Trump mam

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert
Neiegkeeten

D’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, erkläert

Eis Sprooch soll nohalteg gestäerkt ginn. Esou vill léisst de

Den IDAHOT, erkläert

Den IDAHOT, erkläert

Haut ass den internationalen Dag géint Homophobie, Transphobie an Biphobie, wat mat IDAHOT ofgekierzt gëtt. Mee wouropper genee gëtt hei opmierksam gemaach?

Wat sinn des Phobien?

Bei dëse Zorten vun der Phobie gëtt sech op d‘sexuell Ausriichtung oder Virléift konzentréiert. Während Homophobie a Biphobie sech géint Homo- a Bisexueller ausriicht, ass Transphobie géint eng sexuell Eegenidentifikatioun ausgeriicht.

Ginn et Ënnerscheeder bei dëse Phobien?

Transphobie gëtt mëttlerweil separat am Numm vum Dag opgefouert. Dat läit dorunner, datt et sech heibäi net ëm eng sexuell Preferenz handelt. Tatsächlech sinn d‘Virléiften bei Transsexuellen zimlech breet gestreet an domadder ginn se och gären an dëser Hisiicht diskriminéiert. Allerdéngs ginn et Zorte vun Diskriminatioun, déi méi spezifesch géint Transgender-Persounen geriicht sinn, awer dofir net Homophob oder Biphob sinn.

Biphobie ënnerscheet sech vun der Homophobie an ënnerschiddleche Punkten. Sou herrscht do eng Tendenz, esou ze maache, wéi wa Bisexualitéit guer net existéiere géif. Dozou gehéiert och d‘Usiicht, datt Mënschen entweder Hetero- oder Homosexuell sinn. Do gëtt gären dovunner geschwat, datt Bisexueller nëmmen Homosexueller sinn, déi sech nach net ganz geout hunn. Och d‘Behaaptung, datt esou Leit „sech net entscheede kënne“ gehéiert zur Biphobie dozou. Des Usiichte ginn net nëmme vun Heterosexuelle gedeelt, mee och duerchaus vun Homosexuellen.

Homophobie ass déi wuel am wäitste bekannte Variant. Den Uersprong vun Homophobie kënne reliéiser oder moraleschen Uersprongs sinn. Allerdéngs spillen och Geschlechterrollen a Stereotyppen eng grouss Roll. Sou ginn Homosexueller beispillsweis net nëmmen als anormal betruecht, mee och als net „richteg“ Männer a Fraen.

Wéi wäit sinn des Phobien nach verbreet?

Nach relativ staark, wann ee weltwäit kuckt. Laut der ILGA (International Lesbian and Gay Association) stinn a 37% vun den UN Membersstaaten gläichgeschlechtlech Bezéiungen ënner Strof. 32 an Afrika, 10 an den amerikanesche Kontinenter, 23 an Asien a 6 an Ozeanien.

Ofgesi vun de staatlechen Diskriminéierungen ginn et vill Stereotyppen a Viruerteeler, déi bei ville Leit nach staark verbreet sinn. Lëtzebuerg ass do keng Ausnahm.

Wat soll den Dag erreechen?

Säit 2004 mécht dësen Dag op des Mëssstänn opmierksam. Dobäi ginn ënnerschiddlech Aktivitéite vun den LGBT-Communitéiten ënnerholl. Dozou gehéiere beispillsweis och Paraden.

An hei zu Lëtzebuerg?

En Informatiounsstand vun der Cigale ass an der Uewerstad an der Grand-Rue op der héicht vun der Kapuzinerstrooss ze fannen. Dëst Joer gëtt sech virun allem géint d‘Verfollegung vun Homosexuellen an Tschetchenien agesat.

Related topics Erkläert, Lëtzebuerg, LGBT
Next post Previous post