Den Ierfgroussherzog zu Besuch beim Scheich

Am Kontext vun der Weltausstellung Dubai2020, hunn sech den Ierfgroussherzog Guillaume an de Scheich Hamdan bin Mohammed al Maktoum, zu enger Entrevue an der gemeinsamer Tour duerch de Lëtzebuerger Pavillon getraff.

Bei der Arrivée zu Dubai hunn sech um éischten Dag den Ierfgroussherzog Guillaume an de Lex Delles, a senger Funktioun als Tourismusminister, zesumme mat der Kommissärin vum Pavillon, Maggy Nagel, an dem Direkter vum Pavillon, Daniel Sahr, eng éischt privat Féierung gegënnt. Hei gouf sech dem Beräich „Schéinheet“ vum Pavillon, deen dem Tourismus gewidmet ass, ugeholl.

Dubai2020

Et ass ze hoffen, datt den Ierfgroussherzog net extra muss op Dubai fléien, fir sech vum touristesche Patrimoine zu Lëtzebuerg ze iwwerzeegen, anersäits kann een d‘Aktioun och als Generalprouf fir déi mam Scheich geplangte Visitt betruechten. Den Tourismusminister Lex Delles konnt an dësem Kontext festhalen, datt et dem Pavillon gelongen ass, déi touristesch Atouten ze valoriséieren.

Dat ass eng Siicht déi esou vun der Kommissärin Maggy Nagel gedeelt gëtt an si huet nach dierfen ënnersträichen, datt et eng aussergewéinlech Geleeënheet ass, engem breede Public déi immens Diversitéit, wéi och d‘Attraktivitéit vum Land virun Aen ze féieren. Et versteet sech, datt zu Dubai mat kengem Wuert op d‘Logementskris agaange gëtt, net emol déi politesch Kris gouf ernimmt.

Gekréinte Käpp ënnert sech

Um Nomëtteg, hu sech den Ierfgroussherzog an den Tourismusminister, och d‘Pavillone vun den aneren zu Dubai2020 presente Wüste-Monarchien ugekuckt. Esou de Pavillon vum Bahrain an dem Kuwait. Eng Visitt vum Dubai Ausstellungszenter, mat senge 24 Konferenzsäll (verdeelt op 45.000 M²) huet sech imposéiert, wëll mir jo och en neien Ausstellungs- a Konferenzzenter um Kierchbierg baue wëllen, an dës imposant Infrastruktur jo och als „Quell vun der Inspiratioun“ genannt gëtt.

Dubai2020

Wann den Tourismus eng vun de Kape vum äerdege Minister ass, esou huet hien och de Mëttelstand a sengem politesche Portefeuille. An dësem Kontext huet de Lex Delles mam Ierfgroussherzog Guillaume d‘Woch: „Made in Luxembourg“ clôturéiert, déi vun der Handelskummer organiséiert ginn ass. Hei konnten sech 12 Lëtzebuerger Entreprise mat hirer internationaler Expertise abréngen.

Et ass dobäi ëm Produktioun an Déngschtleeschtunge gaangen. Heibäi ass et ëm Spezialiséierunge gaangen, wéi beispillsweis d‘Botze vu Solar-/Photovoltaikanlagen, d‘Kreatioun vu Bijoue, awer och d‘Hierstellung vu vegetalen an/oder Halal-Produiten. Den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, huet an dësem Kontext nach emol drop higewisen, datt 60% vun de Konsumenten an der EU, scho wësse wëlle wou d‘Saachen hierkommen. Dofir de Label „Made in Luxembourg“…

mat indymedia/tlv an dem SIP

Foto: الإمارات العربية المتحدة حساب حكومي رسمي ©

Dernières nouvelles