Irak: Véier Joer nom Konflikt

Ee groussen Deel vu Mossul läit nach ëmmer a Ruinen

Et si véier Joer hier, datt de Konflikt am Irak op een Enn gaangen ass. Leider ass ee groussen Deel vu Mossul nach ëmmer eng Ruin. Dat ass net nëmmen dramatesch.

Et verhënnert och, datt Dausende Familljen an hier Heemecht zeréckgoe kënnen. A fir déi, déi gebliwwe sinn, ass et een alldeegleche Kampf ëm d’Iwwerliewen. Et ass eng geféierlech Plaz, Minne sinn op den ënnerschiddleche Plazen an der Stad verstreet.

„Hei ginn et geféierlech Plazen. Do däerfe mir wéinst de Minnen net spillen. Virun de Konflikter hate mir ee Buttek an ech hat Frënn. Mir sinn ëmmer erausgaangen an hunn gespillt. D’Haiser waren esou schéin, anescht wéi haut, » seet de Yaqeen, een 12 Joer ale Jong, deen an der Alstad vu Mossul lieft.

Eng weider Erausfuerderung, mat deenen d’Awunner konfrontéiert ginn, ass de chronesche Stroum- a Waassermangel. Eng Studie vum Internationale Comité vum Roude Kräiz beseet, datt hautdesdaags manner ewéi 15 Prozent um lénken Ufer vu Mossul – der ëstlecher Säit – genuch Waasser hunn, fir hiren deeglechen Besoin ofzedecken.

Op der rietser Säit sinn et « ëmmerhin » nach 35 Prozent. Duerch de Krich goufe liewenswichteg Infrastrukturen zerstéiert. Dozou gehéieren natierlech Waasserpompstatiounen.

„Waasserpompe si wärend dem Krich zerstéiert ginn. Dat heescht, dat d’Waasser net méi an déi iewescht Beräicher vun der Alstad hikënnt. D’Mënsche sinn op Kanister a Waassertankdéngschter ugewisen,“ seet den Ahmad, een elengerzéiende Papp, deen och betraff ass. Hien ass eréischt virun dräi Joer an d’Alstad vu Mossul zeréckgeplënnert a sëtzt am Rollstull, nodeems hie wärend dem Konflikt blesséiert gouf.

Et ass net einfach. Och d’Aarbechtsplaze si begrenzt. Doduerch kënne sech vill Familljen den Opbau guer net leeschten. Et ass een Däiwelskrees.

Zu dëse verzweiwelte Mënsche gehéiert och de Samir a seng fënnef Kanner. Hien huet säi ganzt Liewen zu Klayaat, an der Alstad vu Mossul geschafft. Nëmmen duerch d’Hëllef vun enger internationaler Organisatioun, konnt hien säin Doheem erëm opbauen.

„Nëmme véier bis fënnef Prozent vun der ursprénglecher Bevëlkerung sinn erëmkomm. Mir brauchen Ënnerstëtzung fir d’Stroossen ze reparéieren an den Dreck ewech ze raumen », seet hien.

D’Ausmooss ass esou enorm, datt humanitär Hëllef net duergeet. Mossul wäert kontinuéierlech national an international Investitiounen erfuerderen, fir seng staark beschiedegt Infrastruktur erëm opzebauen. Et muss och séchergestallt ginn, datt Gemengen Zougang zu Déngschtleeschtungen ewéi Waasser, Stroum a Gesondheetsversuergung hunn.

De Yaqeen hofft, datt alles erëm esou gëtt, ewéi et fréier war.

„Ech wënsche mir, datt déi gutt Dag erëmkommen, besonnesch déi schéi Momenter, déi mir mat eisen Noperen an der Famill verbruecht hunn.“

Dernières nouvelles