Search

You may also like

Halloween: Grujelspecial zu Iechternach
Neiegkeeten

Halloween: Grujelspecial zu Iechternach

Den TRIFOLION presentéiert Potty Lotty – Gruselliesung fir Kanner vun

money
Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen
Neiegkeeten

Europa wëll d‘US-Sanktioune géint den Iran ëmgoen

Europa huet dem Donald Trump säin eesäitege Réckzuch aus dem

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!
Neiegkeeten

Tierkei huet Angscht viru fräier Meenung op de soziale Netzwierker. A si sinn net eleng!

Wann een op de Soziale Netzwierker just nach mat Gläichgesënnte

All gläich, all Verschidden?

Den nationale Fraerot (CNFL) net vum nationalen Aktiounsplang fir d‘Gläichheet tëscht Fra a Mann iwwerzeegt

All gläich, all Verschidden?

Fir d‘Direktesch vum nationale Fraerot, Anik Raskin, geet den nationalen Aktiounsplang vun der Regierung net wäit genuch. An dësem géif virun allem Bestoendes nees nei opgeluecht: esou déi Sensibiliséierungsmesuren, Campagnen a villes méi. Déi am Plang enthale Konzepter si Vague a Villes werft Froen op, bezunn op d‘Ëmsetzung an der Praxis.

Elo ass ee wuel frou, datt et iwwerhaapt esou ee Plang huet, mee et fänkt schonn un bei der Annonce, datt een e Poste fir ee Responsabel vun der Chancëgläichheet schafe wëll. Et wier awer net kloer wien dës Persoun soll sinn, wéi si agestallt gëtt, wat fir ee Pouvoir a wéi eng Missiounen dëser zougestane ginn. An datt sinn net déi eenzeg Froen, déi dëst Mandat beim CNFL opwerft.

Doriwwer eraus géif der Inneministesch hire Plang, weder konkret Mesuren oder Gesetzer enthalen, déi jo awer liicht an esou ee Projet hätte kënnen afléissen. Bedauert gëtt och, datt dëse Plang villes mat de virechte Pläng gemeng huet. Esou wier an dësem nees rieds dovunner, d‘Leit am Kontext vun der sexistescher Publicitéit misst sensibiliséieren. Elo ass déi awer per Gesetz längst verbueden.

Et hätt ee begréisst, wa sech wichtegen Themen, wéi beispillsweis d‘Prescriptioun vun der Dot no zéng Joer, ugeholl gi wier. Datt sexuell Iwwergrëff an/oder Vergewaltegungen no 10 Joer net méi juristesch ugräifbar sinn, dogéint versicht den CNFL zanter Jore virzegoen. Dësen Delai misst elo erweidert ginn, mee vun engem Gesetzprojet ass näischt ze gesinn oder ze héieren. Firwat?

Mee et huet een net nëmme Kritik fir den nationalen Aktiounsplang iwwreg. An dësem ginn och déi Theme behandelt déi dem nationale Fraerot um Häerze leien. Et geet ëm berufflech Gläichstellung, Gewalt am Stot… Sujeten déi wichteg sinn an zäitno musse behandelt ginn. Allgemeng géif een, well een all Aktioun fir d‘Fraen ënnerstëtzt, dann awer dësen nationalen Aktiounsplang matdroen.

Illustratioun: Gerd Altmann / pixabay

Related topics Aktiounsplang, Chancëgläichheet, CNFL, nationale Fraerot, Taina Bofferding
Next post Previous post