EU-Ostgrenz: den neie rechtsfräie Raum

Lettland, Litauen a Polen dierfe „bestëmmte“ Schutzrechter fir Migrante/Flüchtlingen aussetzen

Wéinst de Problemer un den europäesche Grenze mat Wäissrussland, kréien d‘EU-Memberlänner Lettland, Litauen a Polen „méi Zäit fir d‘Asyldemanden ze traitéieren“ fir Persounen déi d‘Grenz. Ausgoend vum wäissrusseschen Territoire passéiere sollten.

Eigentlech, sollten d‘Demande vun ukommende Migranten/Flüchtlinge bannent zéng Deeg vun den zoustännegen Autoritéite verschafft sinn. Dat wier unhand der extrem héijer Unzuel vu Mënschen awer net ze bewierkstellegen, firwat dësen Delai op véier Woche verlängert gëtt. Wärend dëser Zäit dierfen d‘Autoritéiten a provisoresche Lager „ënnerbréngen“. Méi éierlech wier „internéieren“…

Zousätzlech zur Detentioun, soll et de Länner erméiglecht ginn, d‘Ausweisung/Ofschibung eppes méi „vereinfacht“ virzehuelen. Domadder kréien – an et dierft d‘Polen ganz besonnesch erfreeën – d‘Länner quasi eng Simplificatioun vun der europäescher Rechtsstaatlechkeet um sëlwer Plateau zerwéiert. Well een awer „Wäerter“huet, ginn déi besonnesch Mesuren op sechs Méint beschränkt.

Offiziell heescht et säitens de Bréisseler Technokraten, datt een dës „Erliichterungen“ net géif de Länner Proposéieren, mam Zil Deeler vum europäeschen Asylrecht ausser Kraaft ze setzen. Laut dem Ylva Johansson, EU-Kommissärin fir Migratioun & Asyl, misst een de Memberlänner eng Handhab ginn, sech vun der onméiglecher Situatioun un der Grenz mat Wäissrussland ze befreien.

Et huet méi Interessenten

Gläichzäiteg soll dës Propos derzou bäidroen, datt d‘Grondrechter vun den Demandeure weider garantéiert bleiwen. Juristesch soll dat Alles esouguer mat Optrag, d‘Baussegrenzen ze schützen, vereenbar sinn. Datt et Fortschrëtter bei der europäescher Migratiouns- an Asylpolitik huet, léist d‘Propose u sech vermëssen. Zudeem huet et méi Länner, déi dëse Programm uwenne wéilten…

Den ideologesch dubiéise Vizepresident vun der EU-Kommissioun Margaritis Schinas (Partei: Neo Dimokratia, rietskonservativ, Member vun der Europäescher Vollekspartei, aus Griicheland) huet sengersäits versicht gewëssen Zweiwel auszeraumen. Hien erënnert awer aleedend dorunner, datt d‘Memberlänner verflicht sinn sech bei Migratiounsfroen ze ënnerstëtzen. Nee dat ass kee Witz.

Gemengt ass allerdéngs Folgendes: De Schutz vun der „Fortress Europe“. De Margaritis Schinas: „De Schutz vun der Baussegrenz ass net nëmmen d‘Aufgab vun deene Länner déi eng europäesch Baussegrenz hunn, mee d‘Aufgab vun allen“ (also och vun eis). Zudeem ka sech de frëndleche Griich mam Charisma vun enger Vasektomie, esou e Programm och gutt fir Südeuropa virstellen.

Polen ass scho méi wäit

Zu Warschau, wou ee bekanntlech baussent der europäescher Rechtsstaatlechkeet, steet – dat huet dat polnescht Verfassungsgeriicht esou festgehalen – huet een net op d‘Virschléi aus Bréissel gewaart. Hei geet een d‘Saache proaktiv, wann och a der absolutter Illegalitéit, un an huet dann och schonn en Dënschdeg den Ausnamezoustand an der Grenzregioun bis Mäerz 2022 verlängert.

A Polen ass et weder den (tatsächlech) onofhängege Medie erlaabt aus dem Spärgebitt ze beriichten an och Hëllefsorganisatiounen ass den Zoutrëtt ënnersot. Et dierf een de streng kathoulesche Polen ënnerstellen, datt si hiren niddregen Instinkter fräie Laf loossen. Ëmmerhin ass am vum Parlament gestëmmte Gesetz, d‘Gewaltuwennung als iwwerzeegend Berodung zum Retour heiranner erlaabt.

Eigentlech misst et heeschen „ausdrécklech erwënscht“, well genee datt ass et, firwat ganz speziell „Serviteure vum PiS-Staat“ un d‘Grenz geschéckt goufen. Déi sinn esou speziell, datt Warschau net emol zouléisst, datt Frontex dësen humanitären Agrëffstruppen dierf zur Säit stoen. Fir d‘Ylva Johansson kee Grond zur Suerg, wëll d‘Push-Backs géifen elo net méi géint EU-Recht verstoussen.

Eppes rechtlech Flexibilitéit

Interessant awer, datt sech héchst offiziell drop behaapt gëtt, datt sech EU-Memberstaaten och un EU-Recht hale mussen (oder missten, vläicht och just sollten, also zumindest soll et net opfale wa géint dat Recht verstouss gëtt). Dat huet domadder ze dinn, datt d‘Propose vun der Kommissioun sech op en Optrag vun de Staats- a Regierungscheffen – also och dem Xavier Bettel – bezéien.

Dat heescht datt de liberale Lëtzebuerger Premier, a folgerichteg déi ganz Regierung, sech dofir staark gemaach hunn, dat souwisou inexistent europäescht Asylrecht „a Krisenzäite méi flexibel unzegoen“. Dat war iwwregens esou och schonn an der Ebauche zum neien EU-Migratiounspakt virgesinn. Ob dee Migratiounspakt awer jeemools zustane kënnt? Net mat dëser Kommissioun…

Firwat? Ma de Margaritis Schinas behaapt „Et ass ersiichtlech, datt d‘Instrumenter déi der Unioun an der aktueller Migratiounspolitik zur Verfügung stinn, sinn ausräichend, fir och vu Krise betraffe Länner beim Grenzschutz ze ënnerstëtzen. Mir sollten dës Situatioun notzen, de Migratiounspakt endlech zum Ofschloss ze bréngen“. Vläicht wier et méi einfach d‘Leit einfach ze erschéissen…

mat indymedia/bru

Dernières nouvelles