Search

You may also like

Editorial: Brexit „the english lesson“
International Neiegkeeten

Editorial: Brexit „the english lesson“

Eigentlech sollten d‘Briten Enn Mäerz goen, dunn den 12. Abrëll

Jean Jacoby, de Kënschtler vun den Olympesche Spiller
International Neiegkeeten

Jean Jacoby, de Kënschtler vun den Olympesche Spiller

De Joseph Akzin krut am Joer 1920 eng Sëlwermedail am

Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall
International Neiegkeeten

Roboter a Computere iwwerhuelen eis iwwerall

Et gëtt vill iwwert d’Digitaliséierung geschwat. Mee nëmme déi mannst

Den Nigel wëll méi kuerz trëppelen

Dee leschten éierlechen a virun allen eenzegen Demokrat vum britteschen Empire leet säin Zepter néier

Den Nigel wëll méi kuerz trëppelen

Ouni esou grouss politesch-philosophesch Figure wéi den Nigel Farage (Brexit Party), hätten déi vu Bréissel mëssuecht a mëssbrauchte Britten, hir Fräiheet ni zréck kritt. Ouni esou wäitsiichteg a wuel och charismatesch politesch Leader, hätt de britteschen Empire ni zu senger aler Gréisst zréckfonnt.

Elo ass d‘Scheedung zanter ee puer Méint endgülteg aktéiert, Groussbritannien en Drëttland an den Nigel Farage héich mat sech, senger Ekipp, a wuel och dem aktuelle Premierminister, zefridden. Da kann ee verstoen, datt dësen exzeptionell intelligenten an eenzeg fir d‘Wuel vu senge Matbierger engagéierte Politiker, eppes Ofstand wëll huelen. Den Nigel Farage huet jo och alles erreecht…

30 Joer laang, huet hien als Politiker gelunn, bedrunn an wou och ëmmer méiglech, d‘Leit ee géint deen aneren opbruecht. Dat ass Politik, mat där séchergestallt ass, datt wann se eppes erfollegräich ass, ee ganz gutt finanziell dovunner liewe kann. Dofir ass et imminent wichteg, néierewou musse Verantwortung ze iwwerhuelen. A genee deen Zweck hat d‘Brexit-Party ze erfëllen, soss näischt.

Verréckt war d‘Iddi net, 2018 d‘Brexit-Party ze grënnen, wou een déi brittesch Elitte, déi beschte Käpp an anstännegst Vertrieder vum Empire vereene konnt. Sënn an Zweck vun dëser Partei war et, alles an d‘Wee ze leeden, datt et zu engem Brexit ouni Accord kënnt. Datt ass dem Nigel Farage leider net ganz esou gelonge wéi erhofft, an d‘Muechten am Hannergrond, dierften enttäuscht sinn.

Et gëtt sech nei opgestallt

Elo wou d‘Brexit-Party vill vun den Ziler erreecht huet: si hunn dem Boris „King of the World“ Johnson d‘Mandat vum Premierminister besuergt an dësem „gehollef“ de Brexit ze finaliséieren. Esou konnt dann och nom Vollzuch vum Austrëtt aus der Unioun, d‘Partei nei opgestallt ginn. Am Januar gouf aus „Brexit Party“ „Reform UK“ an en neien Iesel deen de Won zéie muss hu se och.

De Richard Tice, ee Personnage deen et géif begréissen, wann een illegal Awanderer einfach géint d‘Mauer dierft stellen, huet den Zepter vum gëttlechen Nigel Farage iwwerholl. Réckbléck: Den Nigel hat schonn de Virsëtz vun der brittescher Onofhängekeetspartei UKIP (2006-2016), a war déi Schlësselfigur beim Referendum. Hien huet zwar nëmme gelunn a bedrunn, war awer de Star.

Den Nigel

Nodeems et der UKIP, ënnert der Féierung vum sympatheschsten Englänner säit Margaret Thatcher, gelonge war alleguerten d‘Idioten op der Insel un d‘Urnen ze lackelen, huet de Farage de 4. Juli 2016 d‘Presidence vun der UKIP ofginn. Hie wollt deemools „säi Liewen zréck“, huet awer nach emol missen agräifen, fir den Deal vum Theresa May mat aller Gewalt ze verhënneren…

Datt sech den Nigel Farage, eng Aart „Dalai Lama“ vun der Weltpolitik, no 30 Joer erauszitt, ass en immense Verloscht. Net nëmme fir den Empire a seng Kolonien, nee fir déi ganz Welt a fir d‘EU am besonneschen. De Farage hannerléisst ee grousst Lach an der brittescher Politik, an et gëtt gefaart, datt ouni säi wierken, d‘Demokratie nees géint erbléien. De Richard Tice muss et verhënneren.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © John Cameron / unsplash

Related topics Brexit Party, Demokratie, Groussbritannien, Nigel Farage, Politik, Reform UK, UKIP
Next post Previous post