Search

You may also like

Katar-Kris: Den Drock klëmmt
Neiegkeeten

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur

G7-Ausseminister woen den Danz mam Pandabier (Analys)
Neiegkeeten

G7-Ausseminister woen den Danz mam Pandabier (Analys)

Et ass jo den Ament net esou, wéi wann d‘Mënschheet,

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 17. Juli
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 17. Juli

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Den OGBL besteet op d‘Bäibehale vum Tripartite-Accord fir d‘Siderurgie

Den OGBL besteet op d‘Bäibehale vum Tripartite-Accord fir d‘Siderurgie

No der Ukënnegung vun ArcelorMittal déi Lëtzebuerger Siderurgie-Standuerter ze restrukturéieren, hat schonn de LCGB zolidd an d‘Flilleke geklappt. De Fanger an d‘Wonn leet awer och den OGBL, deen et de chrëschtleche Kollege gläich gemaach huet an eng Sitzung vum „Comité de Suivi“ sollicitéiert.

Dës Reunioun huet et gëschter ënnert der Presidence vum Aarbechtsminister ginn an déi an zwou Phasen ofgehale ginn. Fir unzefänken ass sech dem aktuell gültegen Accord gehale ginn an ArcelorMittal huet iwwerflächlech déi grouss Linne vu sengem Restrukturatiounsplang mam Numm „SCORE“ virgestallt. Wat den nach gültegen Accord betrëfft, esou hunn d‘Acteuren notéiert datt dëse vun alle Säite respektéiert gouf.

Wat elo de Programm „SCORE“ betrëfft, esou bezitt sech deen op fënnef zentral Punkten: de kommerzielle Volet, d‘Digitaliséierung, Reduktioun vun de Käschten, d‘Investitiounen an den Approvisionnement. Dee soll sech iwwer 3 bis 5 Joer verdeelen, a rifft méi Froen an Interpellatiounen ervir, wéi en Äntwerte liwwert.

Esou gehäit och den OGBL der Direktioun vun ArcelorMittal vir, datt si net amstand ass grondleeënd an weeweisend Informatiounen ze ginn. D‘Gewerkschaft wéisst gäre wéini de Plang soll ëmgesat ginn, oder wéi vill Geld fir d‘Investitioune benéidegt ginn. Beziffere kann ArcelorMittal Mittal den Impakt och net, behaapt sech dann awer drop, dat mat Ofgäng (Pensioun/Prepensioun) alles opgefaange sollt kënne ginn.

D‘Gewerkschaften awer sinn sech zimlech sécher, datt et heibäi och zum Ofbau vun Aarbechtsplaze komme wäert. An aus dësem Grond fuerdert den OGBL (grad wéi den LCGB) d‘Weiderféierung vum Tripartite-Accord iwwert den 1. Juli eraus, fir géint all Eventualitéite gerëscht ze sinn. Eng Mise-à-Jour wier awer OK.

Foto: Jörg Petersen / Pixabay

Related topics ArcelorMittal, LCGB, OGBL, Siderurgie, Tripartite
Next post Previous post