Search

You may also like

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“
International Stories

Dossier Khashoggi: Washington ergräift „Moossnamen“

Nodeems Saudiarabien zouginn huet, datt de Jamal Khashoggi ob hirer

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart
International Stories

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Luxembourg ICT Awards 2020: En emotionalen Owend hannert dem Schierm
International Stories

Luxembourg ICT Awards 2020: En emotionalen Owend hannert dem Schierm

Gëschter Owend huet déi 14. Editioun vun de Luxembourg ICT

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas

Um Freideg huet den Orkan Harvey d’Festland op der Küste vum Texas erreecht. Net wäit vu Corpus Christi huet den Orkan mat Wandspëtzte bis 215 Km/H fir Opreegung gesuergt. Gefaart ginn och katastrophal Iwwerschwemmungen.

Et ass zanter 2005 dee stäerksten Orkan deen d’USA an Angscht a Schrecke versetzt. Fir Texas dee schlëmmste Stuerm säit 1961. Harvey, wéi den Orkan genannt gëtt, huet Texas am spéiden Owend (22 Auer lokal) tëscht Rockport an Port Aransas getraff.

De Nationalen Zenter fir Orkaner (NHC) huet matgedeelt, datt den Orkan kéint „déi total Zerstéierung vu Mobilhomer“ bedeiten. Och gëtt gefaart, datt Haiser kéinte matgerappt ginn. Vill Géigenden, esou gëtt ugeholl, wäerten op Méint onbewunnbar sinn.

Harvey, en Orkan vun der Stäerkt 4 (vu 5) huet d’Autoritéiten an héich Alarmbereetschaft versat. Déi gi vum Schlëmmsten aus. „Op Demande vum Gouverneur hunn ech d’Deklaratioun vun der Naturkatastroph ënnerschriwwen. Déi léisst déi ganz Muecht vun der federaler Regierungshëllef aus“ esou den Donald Trump an engem Tweet.

Den Orkan Katrina, deem 1.800 Mënschen zum Affer gefall sinn an ganz Quartiere vu New Orleans zerstéiert hat, ass nach jidderengem an Erënnerung. „Sidd virsiichteg“ appelléiert den amerikanesche President op Twitter, „Amerika ass mat iech“.

De ganzen Dag iwwer war d’Küst scho vu staarkem Wand an heftegem Reen zolidd duerchgerëselt ginn. Corpus Christi hat sech um Freidegowend an eng regelrecht Geeschterstad verwandelt. An der Stad vun 300.000 Awunner haten déi Verantwortlech vun der Gemeng d’Leit opgeruff, d’Waasser ofzekachen, well d’Kanalisatioune vum Orkan beschiedegt gi sinn.

Eng läscht Tankfëllung an dann awer näischt wéi sech aus dem Stëbs gemaach. Wien kann a konnt huet et virgezunn sech méi déif eran an d’Land ze verzéien. Villen ass nach den Orkan Katrina an Erënnerung, dat wëll een net um eegene Leif erliewen. (© Mark Ralston/AFP)

Näischt matgeholl

Dausenden Awunner hunn et virgezunn sech wäit ewech vun der Küst a Sécherheet ze bréngen. Vill hunn sech der a Richtung San Antonio, eng ronn 200 Kilometer vu Corpus Christi ewech, verdréckt. Si hunn d’Warnunge vun den Autoritéiten, déi grouss Iwwerschwemmunge befierchten, eescht geholl.

De Michael Allen ass ee vun hinnen. „Ech hu mer gesot dat ech net ee vun deene wëll sinn, wßei et se zu New Orleans ginn huet. Ech wollt net datt et mir esou ergeet“ huet hien der AFP virum engem Opnamezenter erzielt. Dee war vun de Pompjeeën ageriicht ginn iert d’Rout Kräiz sech ëm d’Leit konnt këmmeren.

Wéi eng grouss Zuel vun de Leit, ass och de Michael Allen ganz schnell „ofgereest“. „Ech hunn alles do gelooss. Et war entweder alles mathuelen a riskéieren ze stierwen, oder mäi Liewe retten an alles hannert mer loossen. Ech hu mech fir d’Liewen entscheet“.

Den Orkan dee fir ee puer Deeg iwwert der Regioun soll unhalen, versprécht Nidderschléi vu bis zu 120 Zentimeter. A verschiddene Géigende soll d’Waasser bis zu véier Meter héich klammen, léisst den Meteo-Déngscht matdeelen.

„Esouwäit ech mech kann erënneren, mengen ech net datt et esou eppes scho ginn hätt“ seet de Brian McNoldy, e Wëssenschaftler deen d’Orkaner op der Universitéit vu Miami erfuerscht. „Ech erënnere mech net drun, datt en Orkan vun dëser Stäerkt op enger Plaz hänke bliwwe wier“ erkläert hien. Tatsächlech sollt Harvey net all ze Déif an d’Land eragoen, mee alles op der Plaz a Gefor bréngen.

Och well d’Pëtrolsraffinerien a Gefor sinn, huet de Gouverneur vum Texas 1.000 Mann vun der Garde Nationale an den Asaz beuerdert. „Mir mussen eis der Evidenz stellen. An dësem Stadium musse mer erkennen, datt mir eng Katastroph wäerten erliewen“ huet de Gouverneur gesot.

Net wierklech déi beschten Iddi. En Awunner vu Corpus Christi mécht Biller um Strand während den Orkan Harvey mat grousse Schrëtt op d’Festland duer kënnt. (© Mark Ralston/AFP)

Katrina e nationalen Trauma

Den Harvey huet an den USA den Trauma deen den Orkan Katrina ausgeléist hat nees opliewe gelooss. „Maacht net déi selwecht Feeler déi de Bush mat Katrina gemaach huet“ warnt de republikanesche Senater Chuck Grassley.

Deemools haten de Manktem u Virbereedung an d’Versoe vun den federalen Autoritéiten dramatesch Konsequenzen. Dem Bush war virgeworf gi relativ onbedeelegt. géinteniwwer dem Leed vun de betraffene Mënschen, gestanen ze hunn. Eng Géigend mat grousser Precaritéit an enger Majoritéit u Schwaarzen.

D’Wäisst Haus huet scho wësse gelooss, datt de President via Telekonferenz iwwert d’Situatioun informéiert gëtt. Den Donald Trump hält sech am Ament zu Camp David op, wou hien de Weekend verbréngt. Et ass virgesinn, datt hien sech déi nächst Woch vir Uert e Bild vun der Lag mécht.

Wat den Harvey ugeet, „dat wat mech beonrouegt, ass ze wëssen op d’Awunner d’Warnungen eescht geholl hunn oder net“ huet de Brock Long vun der FEMA deklaréiert. D’Opfuerderung sech evakuéieren ze loosse, sollt awer villen Awunner net méi friem sinn.

De ganze Freideg iwwer, hunn d’Autoritéite versicht de Leit kloer ze maachen, datt et kee Sënn mécht den „Haarden“ ze spillen. „Gidd, Gidd elo“ huet de Buergermeeschter vu Rockport, Patrick Rios, seng Awunner opgefuerdert.

Wann och gutt 60% vun de Leit deem nokomm sinn, esou huet hien den Onverbesserleche geroden, wéinstens hir Sozialversécherungsnummer mat engem waasserfeste Stëft op dem Aarm ze schreiwen. Esou wier et wéinstens méiglech se ze identifizéiere falls se sollten ëm d’Liewe kommen.

mam Mark Ralston an dem Katie Schubauer zu San Antonio/AFP

Foto: Staarke Wand schléit op en Haus zu Padre Island a kënnegt den Orkan Harvey un. Corpus Christi erwaart sech schwéier getraff ze ginn. Nidderschléi vu bis zu 120 Zentimeter an eng Loftgeschwindegkeet vun iwwer 200 Km/H si virausgesot. (© Mark Ralston/AFP)

Related topics Harvey, Iwwerschwemmung, Orkan, Texas, USA
Next post Previous post