Search

You may also like

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende
Erkläert Geek

Lëtzebuerg an d’Erënnerung un de Salvador Allende

De 4. September 1970 gouf den Dokter Salvador Allende zum President

Porte Ouverte an der Stater Theaterschoul
Erkläert Geek

Porte Ouverte an der Stater Theaterschoul

E Mëttwoch, den 9. September an en Donneschdeg, de 17. September

De Fausti huet eis verlooss
Erkläert Geek

De Fausti huet eis verlooss

Am Alter vu grad emol 80 Joer ass de Faustino

geek

Den Star Wars Day, erkläert

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star Wars en Thema. Mee firwat eigentlech? Dat ganzt ergëtt sech aus engem einfachen Wuertspill: de May 4th, ausgeschwat „May fourth”, gëtt mam aus de Filmer bekannten Sproch “May the Force be with you” verbonnen. Vue datt „fourth” a „Force” d’selwecht kléngen, ass de Lien perfekt!

A wat genee gëtt gefeiert?

Ganz einfach: Alles wat Star Wars ugeet! An et ass e breeden Science-Fiction Universum, dee säit dem Kaf duerch Walt Disney all Joer weider wiisst. Wéi de Feierdag vu Fans 2011 an d’Liewe geruff ginn ass, war d’Star Wars Welt nach eng méi einfach. Et goufe grad emol 6 Episoden, eng Animatiounsserie souwéi Videospiller, Comics a Bicher. Mee mëttlerweil kënnt all Joer e Film eraus, wat duerch eng konstant Marketing- an Hype-Machinerie ugedriwwe gëtt.

Deementspriechend wiisst och d’Fan-Community ëmmer méi. Datt gesäit een ënnert anerem op der LuxCon, wou engem op Schratt an Tratt Stormtrooper an déi verschiddenst Memberen vun der Famill Skywalker a Co. iwwert de Wee lafen.

Wat fir eng Offere ginn et 2018?

Kaum hat Disney Lucasfilm kaaft, hunn se sech der renger Fan-Initiativ ugeschloss. A säit dem ginn et och reegelméisseg Solden am digitalen Beräich. Dëst Joer sinn et awer virun allem d’Kleedungsstécker, déi an den Offere sinn. Fir déi, déi sech vir Videospiller begeeschtere, ginn et och gutt Noriichten: De Klassiker Star Wars Episode I Pod Racer ass elo op GoG.com ze kréien!

Wat leeft 2018?

Och soss ginn et dëst Joer nach genuch Grënn fir Star Wars-Fans, sech ze freeën. Zum engen ass d’DVD a Blu-Ray vun Episode VIII mëttlerweil ze kréien. Zum aneren kënnt dëse Mount mat Solo en neien Star Wars-Film an d’Kinoen. Gutt Zäiten also fir d’Frënn vun der Serie.

Disclaimer: Dëst ass eng fir d’Editioun 2018 upgedaten Versioun vun engem alen Artikel.

Related topics Erkläert, Geek, Star Wars
Next post Previous post