Search

You may also like

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
Meenung Neiegkeeten

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren
Meenung Neiegkeeten

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm

US-Sanktioune géint de Venezuela
Meenung Neiegkeeten

US-Sanktioune géint de Venezuela

D’USA hunn dem Venezuela weider Sanktiounen operluecht. Domadder erhéijen se

Kommentar – Brauch et zu Lëtzebuerg den totale Lockdown?

Firwat geléngt et dem Paulette Lenert einfach net, sech verständlech auszedrécken...

Kommentar – Brauch et zu Lëtzebuerg den totale Lockdown?

Nodeems Däitschland an Holland de Lockdown scho beschloss an ëmgesat hunn, Italien an Éisträich och op dëse Wee goe wëllen oder mussen, ass et novollzéibar, datt och d‘Gesondheetsministesch zu Lëtzebuerg d‘Méiglechkeet vun engem Hausarrest fir d‘Residenten net méi ausschléisse wëll. Datt een sech do sollt méiglechst verständlech ausdrécken, wier eng probat Viraussetzung.

An der Bertelsmann/RTL Produktioun „Kloertext“ huet d‘LSAP-Ministesch en Donneschdeg gesot, datt ee „richtege Lockdown“ ëmmer méi probabel géif ginn. Um Freideg huet dann nees geheescht, datt een den Ament d‘Tendenze géif am A behalen, an ee sech dann op d‘Entwécklung vun der 51. Woch (14. bis 20. Dezember) géif bezéien, wier iwwer weider Schrëtt ze befannen.

De Parteifrënd a Wirtschaftsminister Franz Fayot dozou ee Freideg géintiwwer dem selwechte Medium: „Et ass evident, datt wann d’Regierung ee méi haarde Lockdown op den Dësch leet, déi Plaze viséiert sinn, wou vill Leit zesummekommen“. A schonn en Donneschdeg huet de liberalen Educatiounsminister Claude Meisch, eng Verlängerung vun der Chrëschtvakanz net ausgeschloss.

Gewosst ass och, datt a ville Spideeler uechtert d‘Land d‘Kapassitéiten ausgereizt an d‘Personal um Wupp ass. Weider Reporten vun „net“ wichtege Behandlunge sinn d‘Reegel. Intensivbetter si wéi d‘Fleegeperspersonal eng „denrée rare“ an eigentlech wier et elo, wou een dat am Abrëll beim CHL opgestallte Felldlazarett gutt gebrauche kéint. Doriwwer gëtt den Ament awer net geschwat…

Et ass geséchert, datt déi Situatioun esou wéi mir se den Ament kennen, scho während der éischter Well als „Zeenario“ um Dësch geleeën huet. Firwat sech iwwert de Summer – wou jo d‘Vakanzen eppes zur Reprise bei den Neiinfektioune bäigedroen hunn – net wéi eigentlech sënnvoll dozou entschloss gouf, ee Spidol fir de Covid19 ze dediéieren? Dat bleift de Ministesch hiert Geheimnis.

A well sech d‘Paulette Lenert net zu enger „méi däitlecher“ (gemengt fir all Bierger verständlech) Rhetorik duerchgeronge kritt, huet d‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen hir drénglech Fro un de Premierminister Xavier Bettel geriicht. An esou bleift just d‘Ongewëssheet… Kënnt et zum Lockdown, wéi soll dësen ausgesinn a wéi laang bleiwen d‘Covid19-Tester fräiwëlleg?

Illustratioun: © Jason Mowy / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, CSV, Gesondheetsministesch, Lockdown, Paulette Lenert
Next post Previous post