Search

You may also like

Cannabis: Kanadesch Konsumenteschützer erdeele Lëtzebuerg Rotschléi
International Neiegkeeten

Cannabis: Kanadesch Konsumenteschützer erdeele Lëtzebuerg Rotschléi

Si si „jonk“ an entsprieche Visuell dem Cliché vun nordamerikanesche

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet
International Neiegkeeten

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt

Brandgeféierlech an net ziilféierend
International Neiegkeeten

Brandgeféierlech an net ziilféierend

Nodeems den amerikanesche „Law & Order“ President, sech bei de

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

En huet gestraalt an keen Heel dorausser gemaach, datt hien sech iwwert d‘Entloossung vun der „Nummer 2“ beim FBI gefreet huet. Dem Donald Trump war den Andrew McCabe schonn ëmmer en Dar am A. Den US-President gesäit de Samschdeg dann och als „groussen Dag fir d‘Demokratie“.

Datt mat der Entloossung vum Andrew McCabe nees all déi Stëmmen ze héiere sinn, déi hei de Wëlle vum Wäissen Haus erkennen, d‘Enquête vun der „russescher Affär“ ad Acta ze leeën, ass net verwonnerlech. Dat gëtt duerch d‘Ausso vum Donald Trump sengem perséinlechen Affekot net besser. Den John Dowd huet gesot, datt hien sech vum Justizministère erwaart den Dossier zou ze maachen.

An den Andrew McCabe war dann och iwwert déi leschte Méint, d‘Zilscheif vum Wäissen Haus. Dowéinst hat hien dann och säi Posten als Adjoint vum Direkter opginn, an huet als Beamte beim FBI „kleng Bréidercher“ gebak. Hien huet elo, no iwwer 21 Déngschtjoren, seng Kënnegung kritt, 48 Stonnen iert hien Usproch op eng Rent als „héije“ Beamte gehat hätt.

Den Donald Trump huet wéi gewinnt via Twitter betount, datt „et keng Kollusioun tëscht Russland an de Trump-Campagne ginn huet“. „Wéi der et vill elo matkréien, huet et awer eng grouss Unzuel u Fuitten, Ligen a Korruptioun op héchstem FBI-Niveau, der Justiz an dem State Department ginn“, esou den US-President weider.

Hien huet sech dann och sengem eegenen Zitat bedéngt, dat hien als Star vun der Tëlee-Realitéit esou gäre benotzt huet: „You‘re fired“. Mat dësem Sprooch huet de Milliardär e Samschdeg, kuerz no Mëtternuecht, de Virfall begréisst. „Andrew McCabe FIRED, ee groussen Dag fir d‘Männer a Frae vum FBI déi haart schaffen – eng groussen Dag fir d‘Demokratie“.

Un de Bierger sech eng Meenung ze maachen

Dem Andrew McCabe seng Äntwert huet net laang gebraucht fir an der Ëffentlechkeet unzekommen. Hie gesäit sech als Affer vun engem Krich dee géint den FBI an d‘Enquête vum Procureur Robert Mueller gefouert gëtt. Hien denoncéiert esou eng „vum President perséinlech agefuerdert Moossnam“ fir hien aus dem Amt ze verdreiwen.

An dësem Kontext gehéiert et sech drop hinzeweisen, datt den Andrew McCabe, d‘Leedung vum FBI interimsméisseg vu Mee bis August 2017 huet missen iwwerhuelen. Dat no der spektakulärer Entloossung vum Direkter James Comey. De McCabe war och un der Enquête, zum e-Mail Verkéier vum Hillary Clinton, bedeelegt. Déi war ouni Suitte klasséiert ginn.

E Samschdeg huet den Donald Trump den Andrew McCabe dann och beschëllegt, dem James Comey an den Demokraten ze no ze stoen.

D‘Geleeënheet fir den US-President, nach eemol dem fréiere FBI-Direkter eng widder d‘Schinnebeen ze ginn: „De Moralapostel James Comey war säi Chef an huet de McCabe als e Massendénger duergestallt. Hie wousst alles vun de Ligen an der Korruptioun déi et op héchstem FBI-Niveau ginn huet“.

Am sozialen Netzwierk huet den James Comey dem US-President geäntwert an op säi Buch, dat am Abrëll soll op de Maart kommen, higewisen: „Här President, geschwënn héieren d‘Amerikaner meng Geschicht. An da kënnen se selwer jugéieren, wien honorabel ass, a wien net“.

Perséinlech Notizen

Et ass d‘Resultat vun enger interner FBI-Enquête, no där de Justizminister Jeff Sessions um Freidegowend d‘Entloossung vum Andrew McCabe ugekënnegt huet. Dat mat enger grousser Uklo: „d‘Servicer vum FBI hu festgestallt, datt de McCabe de Medien net autoriséiert Informatioune ginn huet an et him ënner Eed un Éierlechkeet gefeelt huet“.

De Justizminister ënnersträicht, datt d‘Entscheedung den Andrew McCabe ze entloossen, no enger vollstänneger an ausgeglachen Enquête, geholl ginn ass. D‘Beschëllegungen, déi géint de Beamten erhuewe ginn, sinn net bekannt. CNN huet um Samschdeg matgedeelt, datt den Andrew McCabe dem Procureur seng perséinlech Notizen, déi no Gespréicher mam US-President gemaach goufen, iwwerginn huet.

Op Twitter bezeechent de fréiere Justizminister Eric Holder, dem US-President seng Entscheedung als „geféierlech“. Och den John Brennan, CIA-Direkter ënnert dem Obama, geet mam 45. US-President haart an d‘Geriicht: „Wann dat ganzt Ausmooss vun ärer Keeflechkeet, der Onmoral an der politescher Korruptioun bekannt ass, da besetzt dir eenzeg är Plaz tëscht allen entéierten Demagogen an den Dreckskëschte vun der Geschicht“.

mam Elodie Cuzin/AFP

Foto: Den Andrew McCabe (hei en Archivbild vum July 2017) war dem Donald Trump en Dar am A. Zudeem soll hien ze enk mam James Comey an den Demokrate verbonne gewiescht sinn. Mat senger Entloossung erhofft ee sech am Wäissen Haus och, datt elo d‘Enquête iwwert eng méiglech Kollusioun mat Russland, fale gelooss ka ginn. © Alex Wong/AFP

Related topics Andrew McCabe, Donald Trump, FBI, Robert Mueller
Next post Previous post