Wéi gesäit et mam Bio-Maart zu Lëtzebuerg aus?
Dëser Fro ass de Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau FiBL an
Dëser Fro ass de Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau FiBL an
Te Deum ass Latäin a bedeit esouvill wéi „Gott, mir
Ungarn an d‘USA sinn sech – zumindest wat déi nei politesch-ideologesch Ausriichtung betrëfft – esou no wéi ni, an och béid Staatscheffen hunn sech offensichtlech ganz gären. Esou ergëtt et sech, datt dëse Sommet vun den Humanisten, 10 Deeg virun den EU-Wahlen, net vun ongeféier ass.
Am Kontext vun der Beschëllegung géintiwwer Moskau sech an den EU-Wahlkampf anzemëschen, huet dem faschistoide Viktor Orban säi Besuch zu Washington natierlech „Signalwierkung“, a vill populistesch bis rietsradikal opgestallte Parteien, gesinn sech doduerch nees eppes weider bestätegt.
Et dierf an dësem Kontext och drun erënnert ginn, datt de Steve Bannon – dee vu Bréissel aus mat senger Lobbygrupp esou zimlech all rietsradikal a nationalistesch opgestallte Partei och finanziell ënnerstëtzt – den ungaresche President emol als „Trump virum Trump“ ëmschriwwen huet…
Dat gewosst, wonnert ee sech net, datt sech béid Demokraten a Weltverbesserer beschtens verstinn. Den US-President zum Orban: „Hie gëtt a ganz Europa respektéiert. Hien ass ewéi ech ëmstridden, mee dat ass esou och an der Rei. Si hunn eng gutt Aarbecht geleescht an hiert Land sécher gehalen“.
Et muss net méi erkläert gi firwat sech den Donald Trump mat Nationaliste wéi dem Viktor Orban, esou gutt verdréit, an och déi amerikanesch „Main Stream“ Medien dëse Sommet esou kuerz virun den EU-Wahlen als „Signal“ erkannt hunn. De Milliardär huet d‘EU ëmmer als Géigner bezeechent.
Vun do aus, zur Allianz mat deene Kräften, déi d‘Unioun vu bannen eraus zerstéiere wëllen, ass et e klenge Schratt. „D‘Mënschen hu Respekt fir dëse Premierminister. Kuckt iech emol d‘Problemer an der EU un. An dat well si et anescht wéi de Premier gemaach hunn“, esou den Donald Trump.
Onheemlech vill Luef gouf et och fir dem Viktor Orban seng Awanderungspolitik. Dem Ungar säi „pickegen Drot“ mat deem Mënschen op hirer Flucht viru Krich, Folter an Honger, sollen opgehale ginn, gëtt an Amerika och vun de Medie gären als „Virbild“ fir d‘Mauer mat Mexiko beschriwwen.
Dozou de Viktor Orban: „Mir sinn houfreg drop zesumme mat den USA géint illegal Migratioun an Terror ze kämpfen, an déi chrëschtlech Gemenge bei eis an op der Welt ze schützen“. Wat domatter gemengt ass: d‘Institutionaliséierung vum Friemenhaass an d‘Isolatioun vun der Weltgemeinschaft.
Net ze vergiessen, datt béid begnodegt Diplomaten sech och eens doriwwer sinn, datt „liberal“ Medie vill ze vill Fräiheeten hunn, an d‘Frechheet besëtzen déi och ze notzen. Si setzen sech dann och mat vill Häerzblutt fir eng Aschränkung vun der Presse- a Meenungsfräiheet an Europa an.
mat indymedia/was/lon
Foto: Zwee Politiker déi sech virgeholl hunn Europa als Verbond opzeléisen. © White House