D‘Regierung mécht wat méiglech ass
E Freideg huet d‘Regierung nei Hëllefsmoossnamen annoncéiert, an dës Nouvelle
E Freideg huet d‘Regierung nei Hëllefsmoossnamen annoncéiert, an dës Nouvelle
Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht
Den Architekte-Concours fir de Bau vu sozialem Wunnraum an der
Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis op sech opmierksam. Nieft verschidden Erhéijunge vun de Fraise kruten d’Clientë vun der Spuerkeess (BCEE) des läscht ee Flyer an d’Haus, wou d’Bank ab dem 1. Januar 2019 eng Transparenz vun de Fraise vum Konto versprécht, wat jo eigentlech normal sollt sinn. Datt et sech heibäi awer ëm eng europäesch Direktiv vum Juli 2017 am internationale Recht handelt gëtt mat kengem Wuert erwäänt.
De Mangel un Transparenz vun de verschiddene Banken huet d’ULC schonn ëmmer kritiséiert. D’Vergläichsportal, op dat d’ULC lescht Joer beim Finanzminister gedrängt huet ass elo endlech installéiert. Donieft hunn si awer och ee Fraisensimulator gefuerdert, wou de Verbraucher déi gënschtegst Fraise fanne kann, déi och op seng perséinlech Situatioun zougeschnidde sinn.
Doriwwer hinaus beschwéieren sech vill Clienten, datt d’Banke mëttlerweil oft net méi mat engem Guichet equipéiert sinn, wou de Verbraucher Suen ophiewen, abezuelen oder Iwwerweisunge maache kann. Duerch des Rationaliséierung gëtt de Client gezwongen, bei eng aner Bank ze goen, wat ee grousse Problem fir eeler oder behënnert Leit ass.
An dësem Zesummenhang weist d’ULC nach emol op d’Fuerderung hin, datt d’Fraise bei alle Basisoperatiounen um Guichet op ee Minimum reduzéiert solle ginn, an Clienten ab 65 Joer gratis Service un ze bidden, amplaz sech och nach un dëse Käschten ze erfreeë.
Eng aner Manie vun de Banken ass momentan och beim Abezuele vu klenge Beträg eng schrëftlech Bescheinegung ze froen, vu wou de Client d’Suen hir huet. Soss war dëst just bei groussen Zommen noutwenneg.
D’ULC kritiséiert a veruerteelt dës Entwécklung an d’Diktat vun de Banken. Et sinn déi éischt Schrëtt zur Ofschafung vum Boergeld, mat der totaler Kontroll vun de Banken iwwert de Client. Si diktéieren dem Verbraucher wat e maache soll, a soumat sinn si dem Finanzwiese vollkommen ausgeliwwert. D’Zäit vun „De Client ass Kinnek“ wäert wuel geschwënn een Enn hunn.
Dofir fuerdert d’ULC, datt d’Banke mat Guichet endlech mat de sënnlose Rationaliséierungsmoossnamen ophalen an d’Interesse vum Client nees an de Mëttelpunkt stellen an hinne gerecht ginn.