Search

You may also like

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer
Neiegkeeten

Peking reagéiert verstëmmt op d‘US-Gesetzer

Nodeems den Donald Trump déi vum US-Kongress virgeluechten „Hong Kong

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!
Neiegkeeten

120 Milliounen Euro Hëllef fir eis Imker!

D’EU-Kommissioun huet ugekënnegt, datt Finanzhëllefe fir déi europäesch Imker ëm

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“

Den US-President huet eng Iddi: „Eng Solar-Mauer als Grenz“

Den Donald Trump huet um Mëttwochowend am Iowa, op engem politesche Meeting zu Cedar Springs, eng Iddi betreffend d’Mauer déi hien tëscht Amerika a Mexiko baue wëll, virgedroen. Se soll mat Solar-Panneau’en ausstafféiert ginn, an sech esou quasi selwer finanzéieren.

„Jo mir wäerten eng Mauer bauen. Mir brauchen se, mir musse verhënneren, datt Drogen an eist Land kommen“, huet den Trump sengen Unhänger an kënnt op de Punkt: „Ech verroden iech eng Iddi, vun där nach ni een héieren huet: d’Süd-Grenz, vill Hëtzt, vill Sonn… Mir denken driwwer no d’Mauer als Solar-Mauer ze bauen. Dat produzéiert Energie a géif se finanzéieren“.

Dobäi war eigentlech seng ursprénglech Iddi, d’Mexikaner de Bau berappen ze loossen. Dat haten déi awer ganz frëndlech refuséiert. An esou erkläert den amerikanesche President weider: „Iwwerleet ee Moment: wat d’Mauer méi héich ass, wat se méi Wäert produzéiert! Eng flott Virstellung, gell? Meng Iddi… Mir wäerte gesinn. Et wier fantastesch.“

Net ganz seng Iddi

D’Administratioun huet virun ee puer Méint een Appell lancéiert, vir Virschléi eranzekréie, wéi sech d’Mauer kéint baue loossen. Ënnert de sëlleche Proposen déi agaange sinn, och ei vun engem Geschäftsmann aus Las Vegas. Hei hat och schonn den Thomas Gleason d’Méiglechkeet vu Solar-Panneau’e ernimmt.

Erënnere mer dann nach emol dorunner, datt déi onsäglech Mauer eent vun den gréissten a wuel och bossegste Versprieche vum Trump, während senger Wahlcampagne war. De bau vun esou engem Wierk – extrem deier – ass zum haidegen Dag beschtefalls ee Projet. Ee Projet deen den Trump awer onbedéngt wëll ëmsetzen.

De Kongress, op Drock vun den Demokraten, wëll sech awer bis elo net der Finanzéierung vun dëser Mauer zouwennen. Bis haut sinn just Mëttel gestëmmt ginn, déi den Ënnerhalt vun den existente Strukture garantéiert. D’Schluecht ëm de Finanzement geet eréischt richteg lass, wann d’Gespréicher fir de Budget 2018 am Oktober gefouert ginn.

Foto: Den Donald Trump erkläert den 21. Juni zu Cedar Springs (Iowa) sengen Unhänger, datt d’Mauer tëscht den USA a Mexiko mat Solarstroum kéint finanzéiert ginn (© Nicholas Kamm/AFP)

Related topics Donald Trump, Mexico, USA
Next post Previous post