Search

You may also like

Wien: Rettung vum iraneschen Atomofkommes ausgesat
International Neiegkeeten

Wien: Rettung vum iraneschen Atomofkommes ausgesat

Gëschter hat et eng nei Ronn zur Rettung vum iraneschen

Nascar: De Gil Linster ass zeréck
International Neiegkeeten

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nodeems de Pilot (gezwongenermoossen) e puer Méint keng Konkurrenz déi

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
International Neiegkeeten

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht

Den Zar bréngt seng Scheewercher an d‘Dréchent

Et gëtt nach een deen d‘Iwwersiicht net ganz verluer huet a ganz pragmatesch an d‘Zukunft bléckt

Den Zar bréngt seng Scheewercher an d‘Dréchent

Hien ass wuel net dee feinsten ënnert den zäitgenëssesche Staatscheffen an eng Demokratie gëtt Russland wuel och ni, mee den Zar Vladimir huet d‘Saach gutt am Grëff, ass zudeem „Smart“ an och soss net vun der Heck gepléckt. Gesetzer, wa se da ganz sengen Interessen entspriechen, ginn zügeg ënnerschriwwen an dat lescht schützt hien a seng Famill lieweslaang virun der Justiz.

Elo kéint uféieren, datt dëst Gesetz, datt de russesche President Vladimir Putin zur Ënnerschrëft virgeluecht kritt huet, jo net eenzeg an eleng op hien ausgeriicht ass. Schliisslech schützt den Text all déi fréier russesch Staatscheffen. Et huet sech also éischter „erginn“ datt och hie mat der Famill dovunner profitéiert. Fir sech selwer, hätt hien dat bestëmmt ni wëllen an Usproch geholl hunn.

Virdeelhaft ass esou ee Gesetz awer och wann ee Monarch ass – also eigentlech souwisou e Mandat op Liewenszäit huet – well esou muss een net befierchten, datt wann een an d‘Pensioun geschéckt gëtt, do op emol Leit ufänken Ermëttlungen opzehuelen. Mat dësem Gesetz dierf d‘Police den Zar weder festhuelen, nach kann dëse vum Procureur befrot ginn. Dat gëllt fir déi ganz „Mishpoche“.

Bis ewell war et esou, datt nëmmen d‘Handlunge wärend dem Mandat vun der Immunitéit gedeckt waren an och eenzeg de Dréier vum Mandat geschützt war. Dës Immunitéit gëllt fir alles, egal op et eppes mam Mandat ze dinn huet, egal op et de facto eng Strofdot ass, egal op den Täter a Flagranti bei der Dot erwëscht gëtt. Do kann sech all „Demokratie“ emol eng Scheif dovunner ofschneiden.

mat indymedia/mow

Foto: © Czesznak Tünde

Related topics Immunitéit op Liewenszäit, Kreml, Moskau, Russesch Federatioun, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post