Search

You may also like

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!
Neiegkeeten

Fair Fashion Days – modern an ethesch duerch d’Welt vun der Moud!

Wie scho méi laang no neier Kleedung an Accessoiren sicht

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn
Neiegkeeten

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn

De Sultan Erdogan a säin Dram vun engem neien osmanesche

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren
Neiegkeeten

De wichtegste Stopp vum Dag: Sensibiliséierungscampagne bei Barrièren

D’CFL deelt mat, datt een och dëst Joer nees um

Déngschtleeschter fir d‘Impfcampagne

Am Kontext vun der Impfstrategie huet d‘Regierung beschloss ee puer Operatiounen un extern Entreprisen ze verginn. D‘CSV wollt den Detail dozou wëssen.

Déngschtleeschter fir d‘Impfcampagne

Den 1. Abrëll haten d‘CSV-Deputéiert Martine Hansen a Claude Wiseler eng parlamentaresch Fro un d‘Gesondheetsministesch geriicht, bei där et drëms gaangen ass, mat wéi engen Entreprisen elo d‘Regierung am Kontext vun der Impfstrategie/-campagne zesummeschafft. Wat ass d‘Missioun, no wéi eng Kritäre gouf de Choix gemaach, a firwat gëtt een dat un eng privat Entreprise?

Elo ass d‘Gesondheetsministesch natierlech nach a Rekonvaleszenz, firwat an dësem Fall d‘Äntwert vun der éischter Conseillère de Gouvernement, dem Anne Calteux, geliwwert gëtt. Aus der Äntwert vum Gesondheetsministère geet dann och ervir, datt eng Lëtzebuerger Consultingfirma de „Comité de Pilotage“ an all déi aner Acteuren, wou fir d‘Impfcampagne zoustänneg sinn, hei begleet.

Bei dëser Consultingfirma handelt et sech ëm d‘Entreprise „Arendt Business Advisory SA“. Wat d‘Modalitéite betrëfft, esou gouf de Projet entspriechend de geltende Gesetzer ausgeschriwwen. Dëse „Marché Public“ war dunn de 6. Dezember um Portal vun den ëffentlechen Ausschreiwunge publizéiert ginn. Dëse Marché war an zwee Lousen opgedeelt, esou d‘Schreiwes vum Ministère.

Den 1 Lous huet sech op d‘Koordinatioun-Ekipp bezunn, deen de Comité de Pilotage assistéiert. Et muss ee sech dat wéi eng Aart Generalsekretariat virstellen, datt d‘Decisioune vun dësem Comité exekutéiert a suivéiert. D‘Missiounen si déi folgend: Ënnerstëtzung vun der Gouvernance, der Methodologie (operationell an administrativ), dat an enker Ofsprooch mam Comité „Vaccinen“.

Wat d‘Kritäre betrëfft esou verweist de Ministère op d‘Portal vun den ëffentlechen Ausschreiwunge wou am Laaschtenheft all erfuerderlech Detailer opgelëscht sinn. Fir dësen op 38 Wochen ausgeluechte Projet, gouf ee Budget an héicht vun 835.100 Euro opgestallt. 52% vun dëser Zomm ginn un de Coordinateur a säi Stellvertrieder, de Rescht ass fir déi 3 operativ Coordinateuren.

Eng weider Entreprise huet den Optrag eng Impf-Hotline anzeriichten an ze verwalten. Fir Personal an Ausrëschtung ass hei ee Budget an héicht vum 8,3 Milliounen Euro festgeluecht ginn. Zu dësen Ausgabe kommen nach de Postversand vun 100.000 Termäiner, fir déi Mënschen deenen hire Rendez-vous vun der Hotline muss organiséiert ginn. Käschtepunkt hei: 208.000 Euro.

Illustratioun: Et wäert wuel schonn eppes méi modern sinn, wéi hei an der Illustratioun, mee am grousse Ganzen ass et zimmlech genee dat… © Museums Victoria / unsplash

Related topics Arendt Business Advisory SA, Ausschreiwung, Claude Wiseler, Consultingfirma, CSV, Gesondheetsministesch, Impf-Hotline, Martine Hansen
Next post Previous post