Search

You may also like

De Vermummungsverbuet, erkläert
Neiegkeeten

De Vermummungsverbuet, erkläert

Dëse Méinden huet de Justizminister Felix Braz (déi gréng) eng

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht
Neiegkeeten

Festival CinEast 2019 – Wéi de Film Maueren duerchbrécht

Et ass ewell déi 12. Editioun vum CinEast, een europäesche

Wat ass lass, Europa?
Neiegkeeten

Wat ass lass, Europa?

Fir de President vun der Studentenorganisatioun ACEL, Sven Bettendorf, ass

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun de Mëttelklassen an d’Handelskummer elo Recommandatiounen erausginn, fir Lëtzebuerger Entreprisen déi urgent Déngschtreesen plangen. D’Demarche fir d’Salariée gratis testen ze loossen goufe vereinfacht. Mat engem negativen Testresultat reest et sech schliisslech méi einfach.

Wien also en negativen Test opweise muss, dee manner wéi 48 Stonnen al ass, dee soll sech per Mail (covid19@houseofentrepreneurship.lu) mat folgenden Donnéeë mellen:

  • Numm vun der Entreprise
  • Destinatioun vun der Déngschtrees
  • Datum vum Deplacement an d’Ausland
  • Unzuel u concernéierte Salariéen
  • Motiv vun der Déngschtrees
  • E Beweis, datt d’Rees stattfënnt

No der Receptioun vun alle gefuerderten Dokumenter kritt d’Entreprise per Mail pro Salarié e Code an e personaliséierte Link fir d’Ausmaache vum Rendezvous geschéckt. Den Test ass gratis a kann vu Méindes bis Samschdes Moien no confirméiertem Rendezvous an enger vun de 17 nationalen Teststatiounen duerchgefouert ginn.

D’Auswäertung vum Test an d’Iwwermëttele vun de Resultater ka bis zu 48 Stonnen daueren. Aus dësem Grond soll een genuch Zäit virun der Déngschtrees aplangen.

Opmaacherbild © Yousef Alfuhigi / Unsplash

Related topics 17 Teststatiounen, Covid-19-Tester, Déngschtrees, Handelsgeriicht, Handelskummer, Motiv, Pandemie, Rendezvous, vereinfacht Demarche
Next post Previous post