Search

You may also like

Géint haislech Gewalt: Ee Monument aus 440 Puer Schong
International Neiegkeeten

Géint haislech Gewalt: Ee Monument aus 440 Puer Schong

Haislech Gewalt géigeniwwer Fraen ass a bleift weiderhin een aktuellt

money
D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais
International Neiegkeeten

D’AIIB zu Besuch am groussherzogleche Palais

Gëschter huet S.A.R. de Groussherzog Henri de Verwaltungsrot vun der

money
Supercomputer MeluXina
International Neiegkeeten

Supercomputer MeluXina

Gëschter ass mat vill Pomp an och eppes Pathos, den

Der Däiwel seng Gesellen

De kanadesche Premier fuerdert vun der kathoulescher Kierch Verantwortung ze iwwerhuelen

Der Däiwel seng Gesellen

Nodeems ee Massegraf mat de Läiche vun 215 Kanner, bei der Kamloops Indian Residential School zu Vancouver (Brittesch Kolumbien) fonnt gi sinn, geet et ëm d‘Opklärung. Dës Schoule waren de facto näischt anescht wéi Ëmerzéiungslager, wou et drëms gaangen ass, d‘Kanner vun den Urvëlker zu Sujete vun der Kroun ze erzéien. D‘Kathoulesch Kierch hat doranner eng gewëssen Expertise…

Den Häuptling Rosanne Casimir vun den „Tk‘emlúps te Secwépemc Fist Nations“ hat bemierkt, datt sech mam Opfanne vun de Kannerläichen, eng laang Anung bestätegt huet. Si huet dem Poopst eng ëffentlech Entschëllegung ofverlaangt. Och de kanadesche Premierminister Justin Trudeau, fuerdert vun der Kierch – als Gestionnaire vun der Institutioun – Verantwortung ze iwwerhuelen.

Dëst Massegraf gouf Enn Mee beim Stiedche Kamloops entdeckt. D‘Iwwerrechter vu Kanner am Alter bis 3 Joer goufen ausgegruewen, an et lafen Ënnersichunge fir d‘Doudesursaachen ze klären. Aus Grënn huet d‘Regierung de Loftraum iwwert der fréierer „Schoul“ späre gelooss. De Premier huet den 30 September zum nationalen Dag vun der Wourecht an der Erënnerung deklaréiert.

D‘Reider vun der Apokalyps

Wéi gutt déi kathoulesch Kierch, Zäit hirer Existenz, mat Kanner a Fraen ëmgaangen ass, huet se selwer ganz androcksvoll Dokumentéiert. Datt hir sougenannt Missionären, mat de frieme Vëlker keng gutt Absichten haten, och dat ass ee Fakt. A Kannermëssbrauch, bis hin zum premeditéierte Mord, ass jo a gewësser Mesure och näischt anescht wéi d‘Ëmsetzung vum gëttleche Wëllen…

Vun esou engem Veräi Verantwortung ze verlaangen, ass eng Saach vun der Onméiglechkeet. De Poopst Francis muss elo awer eppes méi diplomatesch agéieren, wéi et him léif ass, an dank den Erfarungen aus de sëllege Pedophilie-Skandaler, kléngen d‘Aussoe verséinlech. Aus dem Vatikan heescht et zum Ëmerzéiungslager: „Et gëtt dru geschafft fir Liicht an d‘Saach ze bréngen“.

An esou huet de Kapp vun der pedo-krimineller Vereenegung, de 6 Juni bei der Sonndesmass op der Péitersplaz viru ville Gleewegen emol notéiert, datt hien d‘Noriicht aus Kanada „mat Schrecken“ entgéint geholl huet. Zu de Faiten, enger Schold vun de Kierchemänner an hiren Handlaanger, déi d‘Schoul geleet hunn, gouf et näischt. Dat ass ëmmer esou, wann d‘Weeër onergrënnbar sinn.

D‘Gesetzer, déi mécht Gott

Den Argentinier, ëmmer gutt vum Hellege Geescht beroden, huet dann awer derzou opgeruff, datt ee sech sollt vum „ideologesche Kolonialisatiounsmodell“ trenne sollt, an d‘Rechter vun alle kanadesche Kanner unzëerkennen. Kléngt gutt, woubäi mëttlerweil hunn och déi sougenannt „First Nations“ Rechter an déi kanadesch Gesellschaft ass säit Jore mat der Opklärung gutt beschäftegt.

Woubäi beschäftegt trëfft et nëmme partiell. Wéi eigentlech ëmmer, am Kontext vum Mëssbrauch awer ganz besonnesch, hale Gottes-Zaldote Wuecht virun den Archiven. Et ass juristesch kaum bis guer net méiglech Asiicht an d‘Ënnerlagen ze kréien. D‘Kierchemänner an d‘Regierung goufe vun den UN-Mënscherechtsexperten an enger Stellungnam opgefuerdert „ëmfaassend Ermëttlungen zu den Doudesursaachen a de méiglechen Täter ze engagéieren“.

Op d‘Kierch wéi gefuerdert den Autoritéiten Zougang zu den Archive vun de „Residential School“ wäert ginn? D‘Zäit ass verstrach a wann een der kanadescher Regierung gleewe kann, opklären ze wëllen, esou ass „Opklärung“ an der kathoulescher Kierch aus Grënn eppes komplizéiert. Dat och well et vläicht nach lieweg Täter huet, déi ee kéint zu Rechenschaft zéien…

mat indymedia/mtl

Illustratioun: Eveline de Bruin / pixabay

Related topics Justin Trudeau, Kamloops, Kanada, kathoulesch Kierch, Poopst Francis, Rosanne Casimir
Next post Previous post