Search

You may also like

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!

Den 1. Juni steet ganz am Zeeche vun de Kanner.

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag
Neiegkeeten

De gratis ëffentlechen Transport feiert säin éischte Gebuertsdag

Tatsächlech ass et schonn zënter dem 29. Februar 2020 esou,

Fall Semedo: Keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung
Neiegkeeten

Fall Semedo: Keng Entschëllegung, mee eng Rechtfäerdegung

Nodeems d’EU-Deputéiert Monica Semedo wéinst psychologescher Belästegung géigeniwwer hire fréieren

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun

An der Schwäiz studéieren: mat enger Bourse vun der Konfederatioun

An engem Communiqué hunn, déi Schwäizer federal Kommissioun vun de Bourse fir auslännesch Studenten (CFB) an d‘Staatssekretariat fir Bildung a Fuerschung (SER) op e puer wichteg Punkten higewisen, déi et auslännesche Studenten erlaabt eng Bourse vun der Konfederatioun ze erhalen. Dat fir dat akademescht Joer 2019/20.

Eng finanziell Hëllef déi, esou de Schwäizer Inneministère, déi ganz oft net ugefrot gëtt, well d‘Studenten net wëssen, u wien se sech wenne sollen, fir eng Demande anzereechen. An dobäi ass dat méi liicht wéi ee kéint unhuelen. Déi Schwäizer Konfederatioun bitt verschidde Bourssen un: esou fir den éischten, zweeten an drëtten Zyklus, fir all Studien-Disziplin.

Wichteg: et gëtt eng Studie-Bäihëllef, egal wéi d‘Zensur ausgesäit oder wéi héich d‘Akommes vun den Elteren ass. Duerch den Intermediaire vun der federaler Kommissioun, verdeelt déi Schwäizer Konfederatioun Bourssen un déi Studenten, déi hire Besoin manifestéieren, an déi gréisste Meritter hunn. Méi Informatiounen ënner https://www.sbfi.admin.ch/sbfi/(…)stipendien/eskas.html

Related topics Bourse, Héichschoul, Schwäiz, Studium, Universitéit
Next post Previous post