Search

You may also like

Editorial: Op Distanz goen
Neiegkeeten

Editorial: Op Distanz goen

Well et den Ament eng eppes ugespaante Bezéiung tëscht der

money
Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika
Neiegkeeten

Cargolux verstäerkt seng Präsenz an Afrika

Um Méindeg huet d‘Cargolux bekannt ginn, datt si ab September

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)
Neiegkeeten

What the Fakt – Weltdag vum Semikolon (fir d’Suizid-Preventioun)

Och wann ee beim Numm vum haitegen Aktiounsdag éischter un

Wuertschatz Punkt Lu

Typesch lëtzebuergesch Spréch sammelen an opliewe loossen

Wuertschatz Punkt Lu

Der Sprooch Visibilitéit ginn. Dat wëll déi nei Initiativ Wuertschatz.lu vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zesumme mam Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch.

Den Accent läit op Spréch, well och den zweete Band vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarte presentéiert. Dat verréit och schonn den Titel vum Buch: D‘Pan klaken an d‘Schong voller Féiss.

Den Educatiounsminister Claude Meisch ënnersträicht, wéi wichteg d’Lëtzebuerger Sprooch fir de Grand-Duché ass: „Eis Sprooch zeechent eist Land aus ewéi kaum eppes anescht. Duerch eis Sprooch ënnerscheede mer eis vun anere Länner a Regiounen.“

D‘Bedeitung vu Spréch a Riedensaarten am Lëtzebuergesche kann ee bal net ze héich aschätzen: Am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) hu vun de ronn 50.000 Beispillssätz der bal zéng Prozent en iwwerdroene Sënn. Dee gëtt dann an enger Gloss erkläert, well e méi ass wéi just d‘Bedeitung vun den eenzele Wierder („e Wénk mat der Scheierpaart“). Dat ënnersträicht de Stellewäert, deen ausdrocksstaark Biller an der Sprooch hunn.

Datt dobäi och dat Emotionaalt eng grouss Roll spillt, ënnersträicht eng aner Zuel: Vun de bäino 5.000 glosséierte Beispillssätz am LOD sinn der méi ewéi 3.100 als ëmgangssproochlech markéiert, jo deels esouguer graff oder vulgär – eben: vun der Long op d‘Zong. Derbäi kënnt, datt Riedensaarte vill zum Flair vun enger Sprooch bäidroen.

D‘Wuertschatz-Initiativ gräift zéng Spréch aus dem Buch op a setzt se do an Zeen, wou d’Leit ënnerwee sinn: ënnert anerem op vill besichte Plazen an am ëffentlechen Transport, awer och am Internet. Nieft klasseschen Affichë ginn och animéiert Postere gewisen. Ausserdeem gëtt et Radiospotten, déi a witzege Mini-Dialogen de Gebrauch vu Spréch illustréieren. An um Internetsite wuertschatz.lu kann een zousätzlech eng Hellewull Spréch kenne léieren an och selwer seng léifste Spréch proposéieren.

Am ëffentleche Raum an no bei de Leit

Mat der Wuertschatz-Initiativ lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Ëffentlechkeetscampagne, fir d’lëtzebuergescht als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch weider ze stäerken, esou wéi et och am Regierungsprogramm festgehalen ass. D’Wuertschatz-Bicherserie an d’Campagne kommen och dem Engagement vun der Regierung no, fir Wierder an Ausdréck opliewen ze loossen, déi a Vergiessenheet gerode sinn.

D‘Lëtzebuerger Sprooch huet den Ament enorme Réckewand: D‘Nofro no Lëtzebuergesch-Coursen ass risegrouss, zegdausend Landkaarte mat den Nimm op Lëtzebuergesch goufe bestallt, d‘Zuele vun de Consultatiounen am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ginn an engem Stéck erop, vun der Lëtzebuerger Orthografie sinn an der Tëscht méi ewéi 15.000 Kopië verdeelt ginn an de Band 1 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz huet direkt mussen nogedréckt ginn.

Fir den Interessi un der Sprooch weider héichzehalen, huet de Ministère decidéiert, hir eng flott Visibilitéit am ëffentleche Raum ze ginn – ëm Nationalfeierdag a virum Summer. De Fokus läit op Spréch, well si de ganze Räichtum vun der Lëtzebuerger Sprooch illustréieren an emotional beréieren: Dat Metaphorescht ass dacks spilleresch, suergt fir Staunen oder léist e Schmunzelen aus.

Op strategesche Plazen am ëffentleche Raum ginn Affichë gewisen, fënnef animéiert Motiver sinn och op digitale Supporten ze gesinn, ënnert anerem am Tram. Op Internetsitten an an de soziale Medie gëtt et Webbanneren a Clippen an och um Radio lafe Spotten.

Ausserdeem fueren zéng Bussen uechter d‘Land, déi hannendrop e flotte Sproch an Evidenz setzen. Alles dat mam Zil, der Sprooch Visibilitéit ze ginn a gläichzäiteg Loscht op se ze maachen.

99 typesch Riedensaarte faarweg opbereet

Elo ass d‘Bëtschel fett! Mir war de Kolli bal geplatzt! Hien ass den Hond am Keelespill. Ëm Spréch geet et och an der neier Publikatioun vum Zenter fir d‘Lëtzebuerger Sprooch: D‘Pan klaken + d‘Schong voller Féiss ass den Titel vum Band 2 vun der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz. 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarte ginn doran op eng faarweg Manéier virgestallt. De lëtzebuergeschen Erklärungssaz aus dem LOD gouf extra fir d‘Buch an déi véier Iwwersetzungssprooche vum Dictionnaire iwwersat, op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch, fir den Zougang ze vereinfachen an der geliefter Méisproochegkeet am Land Rechnung ze droen.

E breet Zilpublikum

Campagne a Buch riichten sech u jiddereen, dee sech fir d‘Lëtzebuerger Sprooch interesséiert. De Choix vun de Spréch gouf esou gemaach, datt een eenzeler nach kennt, anerer nees an Erënnerung geruff kritt an nees anerer vläicht eng éischte Kéier liest.

Nieft der Vermëttlung an dem Erkläre vun den Ausdréck geet et virun allem drëm, dës originell Facette vun der Lëtzebuerger Sprooch an Evidenz ze setzen: Wéi eng Riedensaarte gëtt et? Wat kann een alles domat ausdrécken? Wou kann ee se gebrauchen? A méi allgemeng: Wéi räich ass d‘Lëtzebuerger Sprooch a wat fir Schätz verstoppen sech an hir?

D’Wuertschatz-Initiativ an déi nei Publikatioun wëlle Loscht maachen op dësen Aspekt vum Lëtzebuerger Wuertschatz, deen och fir den eegene Sproochgebrauch eng interessant Beräicherung kann duerstellen an den Zougang zu Texter mat enger bildlecher Sprooch kann erliichteren.

Natierlech kann ee mat de Spréch och am Lëtzebuergesch-Unterrecht am Secondaire schaffen. Vun der nächster Rentrée u gëtt jo en neie Lëtzebuergesch-Cours an de Lycéeën op der Quatrième gehalen.

En Internetsite fir matzemaachen

D‘Sprooch lieft vun der Interaktioun, dofir gëtt d‘Wuertschatz-Initiativ flankéiert vun engem multimedialen an interaktiven Internetsite. Op wuertschatz.lu, deen och ënnert der alternativer Schreifweis wuertschaz.lu kann ofgeruff ginn, fënnt een net nëmme sämtlech Motiver – also d‘Affichen an och déi animéiert Posteren – et kann een do och fir säi léifste Sproch ofstëmme respektiv „voten“.

Nieft den zéng ausgewielte Spréch kann een awer och nach en Tour duerch weider 99 Spréch maachen: „Dreck schauert de Mo!“ [seet een zu engem, deem eppes beim Iessen net propper genuch ass], „d‘Haus verléiert näischt!“ [wat een am Haus verluer huet, fënnt een enges Daags erëm] an „dat ass de Glanz!“ [dat ass genial!] sinn der just e puer vun de ville Glossen aus dem Dictionnaire.

D‘Notzer vum Wuertschatz-Site ginn och opgefuerdert, selwer Spréch eropzelueden. Dës ginn dann no an no iwwer den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch validéiert an um Site publizéiert. Dëse Korpus soll e klengen Abléck dora ginn, wat fir eng Spréch nach am Gebrauch sinn. Natierlech soll en och weisen, wéi eng Riedensaarten de Spriecher apaart um Häerz leien.

Falls et zousätzlech Erklärungen zum Sproch gëtt (Regioun, Bedeitung, etc.), kann een déi och um Site mat op de Wee ginn.

Praktesch Informatiounen iwwer d‘Buchserie

D‘Serie Lëtzebuerger Wuertschatz gouf 2020 gestart a soll de Räichtum vun der Lëtzebuerger Sprooch dokumentéieren. Nodeems am éischte Band Wierder virgestallt goufen, ginn am zweete Band Riedensaarte presentéiert. Méi spéit kommen och semantesch Felder drun. Am Ganze sinn zwielef Bicher virgesinn, déi no an no vum ZLS zesumme mam SCRIPT publizéiert ginn.

„Aläert, jauwen, Zockerboun“

  • 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch
  • Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 1
  • © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2020
  • Redaktioun: Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS)
  • Editeur: ZLS a SCRIPT
  • Layout: Laurence Dostert
  • Dréckerei: Imprimerie OSSA, 2. Oplo
  • ISBN 978-2-9199644-1-3 // 96 Säiten, 10 Euro

„DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss“

  • 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten
  • Serie: Lëtzebuerger Wuertschatz, Band 2
  • © Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, Lëtzebuerg 2021
  • Redaktioun: Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS)
  • Editeur: ZLS a SCRIPT
  • Layout: Laurence Dostert
  • Dréckerei: Imprimerie OSSA, 1. Oplo
  • ISBN 978-2-9199644-2-0 96 Säiten, 10 Euro

De Band 3 vum Lëtzebuerger Wuertschatz soll am Hierscht erauskommen. Dora geet et ëm Uebst a Geméis, ëm Nëss, ëm Kraider a Gewierzer an hir lëtzebuergesch Bezeechnungen.

Matgedeelt vum Educatiounsministère

Related topics Educatiounsministére, LOD, Riedensaarten, SCRIPT, Sprooch, wuertschatz.lu, ZLS
Next post Previous post