Search

You may also like

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen
International Neiegkeeten Stories

Coronavirus: EU a Groussbritannien beroden iwwert Schutzmoossnamen

An der Provënz Hubei si bannent 24 Stonnen 107 Mënschen

Vulkan Whakaari ausgebrach
International Neiegkeeten Stories

Vulkan Whakaari ausgebrach

De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter

Lëtzebuerg preparéiert sech op de Coronavirus
International Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg preparéiert sech op de Coronavirus

Ënnerhalb vun enger 20 Deeg konnt den Europäeschen Zentrum fir

Der UN hire Polit-Krimi

Der UN hire Polit-Krimi

Well seech keen eeschthaft mat der Lag am Myanmar schéngt ausenanersetzen ze wëllen, leeft elo um Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu New York, ee vun der Ëffentlechkeet onbemierkten, mee fir eng Natioun wichtege Schlagaustausch statt. Déi hannerfotzeg burmesesch Junta, schéngt sech de Scheiklappe vu – besonnesch den Europäer – bewosst ze sinn a spillt de Mann.

Ee vun de Problemer mat deem sech den neie burmeseschen Diktator Min Aung Hlaing, deen elo säi militäresche Rang géint d‘Mandat vum Ministerpresident getosch huet, ass de Fait datt dee fir d‘UN ofgestallten Ambassadeur vum Myanmar, kee Copain vun der Militärjunta ass, an esou och erkläert huet, net d‘Interesse vun de Generäl, mee weiderhin der aler Regierung verflicht wier.

Myanmar

Déi droleg gestalten an Uniform kënnen dat natierlech net toleréieren a si wuel och eppes genéidegt dësen duerch ee méi ënnerwerfege Befeelsempfänger ze ersetzen. Sollt dem vu Peking ënnerstëtzte Militär dëse Coup geléngen – an et schwätzt eigentlech näischt dergéint – wier dat gläichbedeitend mat der Unerkennung vun der Militärregierung. Nach gëllt de Putsch vun de Generäl als Illegal.

Esou ergëtt sech, datt fir déi Vereenten Natiounen, déi vum Vollek gewielte Regierung nach ëmmer Decisionnaire ass. Am Juni gouf zu New York vun der UN-Generalversammlung eng Resolutioun ugeholl (116:1) mat där en „demokrateschen Iwwergang“ fir de Myanmar gefuerdert gëtt. Vill vun de burmeseschen Ambassadeuren am Ausland, sinn och op Distanz zum Militärregime gaangen.

Dat nennt sech wuel Héichverrot

Wann d‘Aktioune vun den Ambassadeuren zu Berlin, London a Washington ee wichtegt Signal sinn, esou dierft d‘Roll vum burmeseschen UN-Ambassadeur méi Gewiicht hunn. D‘Generäl hunn de Kyaw Moe Tun als „ofgesat“ deklaréiert a fuerdere vun den amerikaneschen Autoritéiten, datt si den ex-Ambassadeur verhaften an un déi zoustänneg burmesesch Autoritéiten ausliwwere sollen.

Myanmar

Sech géint d‘Muecht – legitim oder eben och net – opzestellen, ass net nëmmen am Myanmar eppes dat séier als Héichverrot kann ausgeluecht ginn. Fir den Ament awer ass de Kyaw Moe Tun nach de legale Vertrieder vum Myanmar, an esouguer wann den Amerikaner duerno wier, dierften si dëse weder verhaften nach ausliwweren. Woubäi, do huet et Reegelen an Accorden, déi een anhale muss.

Zu New York muss sech elo derzou entscheet ginn, entweder d‘Exil-Regierung vum Myanmar als déi eigentlech Muecht unzëerkennen, oder eben dem Militär d‘Land ze iwwerloossen, dat dann och mat alle Konsequenze fir déi nächst Joerzéngten. Dat géif awer viraussetzen, datt de Putsch vun de Generäl misst als Legitim betruecht ginn. Ausser et wëll ee Krimineller ganz offiziell belounen…

Wann dat Grondsätzlecht a Fro gestallt gëtt

Zu New York stellt sech elo d‘Fro: „Wéini gëtt eng Regierung international unerkannt?“ Dozou huet et ënnerschiddlech Grondsätz. Een dovunner bezitt op Fakten, wat also heescht, datt eng Regierung dann unzëerkennen ass, wann si en Territoire tatsächlech kontrolléiert, egal mat wéi engem Verbriechen sech dës Regierung d‘Muecht erschlach huet. Beispiller huet et dofir genuch.

Myanmar

Et sollt een also roueg dovunner ausgoen dierfen, datt mëttelfristeg d‘Junta seng Vertrieder wäert duerchgesat kréien, esou wéi och iergendwann d‘Taliban – wa se da bis d‘Land ënnert hir Kontroll bruecht hunn – fir den Afghanistan an der UN-Generalversammlung sëtzen. Et huet do awer nach d‘UN-Resolutioun aus dem 1950, mat där och Onrechtsstaaten ee puer Oplage gemaach kréien.

Esou musse bei de Beglaubegung vun der Nominatioun vun den Ambassadeuren, natierlech déi an der UN-Charta aktéiert Prinzipien: Demokratie a Mënscherechter berécksiichtegt ginn. Gutt datt et d‘Charta tatsächlech gëtt, sollt elo net mussen a Fro gestallt ginn, et gëtt allerdéngs elo och net a Fro gestallt, datt sech wierklech nëmmen a ganz ganz extreme Fäll op dësen Textpassage bezu gëtt.

Prezedenzfäll net iwwerbewäerten

Richteg a geschichtlech verbréift ass: 1970 huet den Ambassadeur vu Südafrika – dat war nach an Zäite vun der Apartheid – d‘Beglaubegung refuséiert kritt, well dësen net dat gesamt Vollek géif vertrieden. 1991 war et de Putschisten zu Haiti an am Sierra Leone änlech ergaangen. Dat alles war awer ëmmer ënnert dem Drock vun den USA an hire „Partner“ méiglech an ass scho laang hir…

Myanmar

Wann een sech dat Ganzt aus engem méi zouversiichtleche Standpunkt betruecht, sollt een dovun ausgoen, datt et sech an dësem Kontext letztendlech ëm eng vëlkerrechtlech Decisioun handelt an net ëm eng politesch. A well et der Weltgemeinschaft generell zimmlech egal ass wien aus wéi engem Grond wou a firwat, vun der Regierung doutgeschloe gëtt, dierft d‘Richtung kloer sinn.

Et wäert also iergendwann zur Unerkennung vun der Militärregierung am Myanmar kommen, net nëmme well de Regime voll a Ganz vun de Chinese gedroe gëtt, mee et och sougenannt westlech Muechten huet, deenen et ganz geleeë kënnt, datt gewëssen Acteuren am Myanmar entscheeden.

mat indymedia/nyc an The Irrawaddy

Foto: An der burmesescher Haaptstad Mandalay hunn d‘Awunner sech nees d‘Stroossen ugëeegent fir enger Welt – déi sech längst ofgewannt huet – ze weisen, datt d‘Vollek vum Myanmar sech net vun enger Militärjunta wëll gängele loossen. © Spring Diary / The Irrawaddy

Dir kënnt d‘Aarbecht vun eise Frënn a Kolleege vun The Irrawaddy mat enger Spend ënnerstëtzen

Related topics Burma, Diktatur, Legitimatioun, Militärjunta, Myanmar, Putsch, UNO, Vereenten Natiounen
Next post Previous post