Search

You may also like

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens
Neiegkeeten

Gewerkschafte vum Banken- an Assurancësecteur hunn en Dissens

Déi lescht Woch waren d‘Gewerkschaften ALEBA, LCGB-SESF an OGBL-SBA sech

D‘Regierung Informéiert
Neiegkeeten

D‘Regierung Informéiert

Bezunn op d‘Evolutioun vum Coronavirus SARS-CoV2 um internationalen Niveau, a

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung
Neiegkeeten

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Um Mëttwoch haten d‘Politiker an d‘Poliziste just Gebieder a keng

Dëse Weekend: „Vëlo-ViaNorden“

Am Kontext vum „Vëlossummer 2020“ bidden d‘Gemenge Kiischpelt, Klierf, Wäisswampech a Veianen alle Cyclotouristen op en Neits ee flotten Tour duerch hir Regioun un

Dëse Weekend: „Vëlo-ViaNorden“

D‘Initiative „Vëlo-ViaNorden“ déi vun de véier Nordgemenge Kiischpelt, Klief, Wäiswampech a Veianen lancéiert gouf, hat sech um 1. Weekend vum August als Succès erwisen, firwat et sënnvoll ass, eng zweet Editioun ze organiséieren. Mat engem ronn 30 Kilometer laangen Tour duerch déi Lëtzebuerger Ardennen, dierft den Interessi un dësem Event ongebrach sinn.

Wien also en Drotiesel säin eegen nennt, ass dann heimat häerzlech agelueden, dëse Weekend um „Vëlo-ViaNorden“ deel ze huelen. Den Depart ass zu Äischer a féiert bis op Wilwerdang, wou et eng Verbindung (déi ass zu Huldang) zur Vennbahn gëtt. Fir d‘Sécherheet vun de Cyclisten hei ze assuréieren, ginn d‘Stroossen op der ganzer Streck fir de motoriséierte Verkéier gespaart.

Ausname gëtt et eenzeg fir den ëffentlechen Transport (RGTR) an d‘Urainer. Dat heescht dann och, datt sech d‘Cycliste selbstverständlech un de Code de la Route ze halen hunn, an dat betrëfft dee ganze Streckeverlaf. Flott dann och, datt hei un „Etappen“ geduecht gouf. Et gëtt Arrêten op de Garen: Kautebaach, Wëlwerwolz, Draufelt, Klierf an Ëlwen. Also wann dat net eng flott Saach ass.

Eng butzeg – an als konstruktiv Kritik ze verstoen – Reklamatioun muss hei erlaabt sinn. Wann ee sech schonn esou vill Méi mécht de Leit eng däraarteg flott Propose ze maachen, an et jo och eng ganz gutt Saach ass, sech d‘CFL als Partner ze kropen, da wier et net vu Muttwëll gewiescht, hei och mat der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ an/oder lokalen Associatioune kuerzzeschléissen.

Wann et nämlech eppes Animatioun op den „Etappe“ géif ginn, a vläicht och d‘Méiglechkeet, wann een eng kleng Pann hätt, bei der Reparatur eng Hand ugepaakt ze kréien, wier dës Offer komplett. A Synergien, besonnesch an dësem Kontext, droe jo och zu enger besserer Visibilitéit bäi. Et sollt ee sech an haitegen Zäiten net méi op d‘Solidaritéit tëscht de Leit verloossen, a proaktiv agéieren.

Erlaabt dann nach d‘Remark, datt wann een e Projet „Vëlosummer 2020“ nennt, et net wierklech gescheit ass, wann den Inhalt zwar véiersproocheg, mee net op lëtzebuergesch ass. Ansonste gëtt jo mëttlerweil och soss alles op englesch ugebueden (also am Titel) a wann een net wëlles huet eppes an der Landessprooch unzebidden, sollt ee ganz op de Gebrauch vum lëtzebuergesche verzichten.

Illustratioun: © Rikki Chan / unsplash

Related topics Kiischpelt, Klierf, Veianen, Vëlo-ViaNorden, Vëlosummer 2020, Wäisswampech
Next post Previous post