Search

You may also like

Porte Ouverte 2020 am Lycée Ermesinde
Neiegkeeten

Porte Ouverte 2020 am Lycée Ermesinde

De Lycée Ermesinde (LEM) zu Miersch invitéiert op seng Porte

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum
Neiegkeeten

What the Fakt – een ambitionéierte Primat am Weltraum

Ass de Mënsch sech fir ee Versuch ze schued, sou

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz
Neiegkeeten

No den 12 Schléi fir Mëtteg kritt „Big Ben“ eng grouss Vakanz

Haut an der Mëttegstonn, schléit zu London de Big Ben

Design City LX Festival

Op der Theaterplaz ass de Projet „Luxembourg City Bench“ inauguréiert ginn

Design City LX Festival

Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, vertrueden duerch den éischte Schäffe Serge Wilmes, zesumme mat de Verantwortleche vum Design City LX Festival op der Theaterplaz, de Projet „Luxembourg City Bench“ (LUC) inauguréiert.

Heibäi handelt et sech eng Serie vu Bänken, déi vum Designer Max Steffen entworf goufen, a vum Kai Hengen vun der Lëtzebuerger Schräinerei „Modulor“ realiséiert gi sinn. Beim Entworf, huet de Max Steffen, den en Diplom an Industriedesign op der Héichschoul fir Gestaltung zu Pforzheim an eng Rei Design-Präisser säin eegen nennt, déi klassesch Bänk nei geduecht, fir de LUC ze schafen.

Laut dem Max Steffen, ass de LUC eng einfach Bänk mat engem zäitlosen a minimalisteschen Design, déi een invitéiert sech e Moment Rou ze gënnen, e flott Gespréich ze féieren oder e gutt Buch ze liesen. Mat ofgerënnten Ecker, an ergonomesche Flächen, sinn dës Bänken a Proportioune geduecht a realiséiert ginn, déi de Komfort fir den Notzer sécherstellen.

E nohaltege Projet

Fir ze garantéieren, datt dës Bänken nohalteg kënne genotzt ginn, ass d‘Hierstellung integral zu Lëtzebuerg realiséiert ginn. Benotzt gouf e wiederbestännegt Material, de Corian ®.

De Projet „Luxembourg City Bench“ schreift sech an, an d‘Kontinuitéit vun de gesellegen Amenagementer déi op der Theaterplaz an de leschte Méint realiséiert goufen. Dank dësen neien urbane Miwwelen, déi der zäitgenëssescher Konscht entspriechen, ass dëse Raum nach eppes méi frëndlech mécht.

Nach eng gutt Nouvelle: dës Bänke bleiwen och nach nom Enn vum Design City LX Festival (18. November) op der Plaz stoen. D‘Stad Lëtzebuerg huet d‘Bänken nämlech kaf, wouduerch déi lokal Kreatioun a Produktioun ënnerstëtzt gëtt. D‘Handwierkerkummer huet gläichfalls eng vun de Bänke kaf, an déi soll virum Siège um Kierchbierg hir Plaz erhalen. „Handwierk makes Design happen“.

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik VDL

Related topics Design City LX Festival, Kai Hengen, Luxembourg City Bench, Maxc Steffen, Modulor, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post