Search

You may also like

E Komplott géint de 45. US-President?
Neiegkeeten

E Komplott géint de 45. US-President?

Wéi et sech zanter dem Freideg ofzeechent, war de Whistleblower,

money
Trotz Bedenke vum US-President… Microsoft wëll sech TikTok gräifen
Neiegkeeten

Trotz Bedenke vum US-President… Microsoft wëll sech TikTok gräifen

Nodeems den Donald Trump de Verbuet vun der Videoplattform ugekënnegt

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk
Neiegkeeten

Mediekompetenz ass net nëmmen eppes fir déi Jonk

Alleguerten d’Parteie schénge géint Fake News ze sinn. Mee d’LSAP

D’Hallschent vun den Desinfektiounsmëttel ass duerchgefall

D’Hallschent vun den Desinfektiounsmëttel ass duerchgefall

Nodeems d’Pandemie d’Welt scho gutt annerhalleft Joer bestëmmt, schéngt et dann elo un der Zäit ze sinn Desinfektiounsmëttel, Masken a Co méi genee op hir Effikassitéit a Sécherheet ze testen. Nom Motto „Besser spéit wéi ni“ huet d’EU-Kommissioun dofir de Projet CASP Corona 2020 (Coordinated Aktivity on the Safety of Products) an d’Liewe geruff.

Am Ganzen hunn 31 Autoritéiten aus 22 europäesche Länner deelgeholl, déi verschidde Produiten bewäert an dozou eng Recommandatioun fir d’Konsumente verfaasst. An dësem Kader war den ILNAS dofir zoustänneg, d’FFP2-Masken a Schutzhändschen ënnert d’Lupp ze huelen.

Desinfektiounsmëttel – iwwert d’Hallschent net konform

Getest goufen 39 Echantillonen un Desinfektiounsmëttel, déi um europäesche Maart verkaaft ginn, dovunner 3 zu Lëtzebuerg. Gekuckt gouf ënnert anerem hir chemesch Zesummesetzung, ob d’Etikett korrekt formuléiert gouf an de Produit och sengen Uspréch gerecht gëtt.

Ma, 59% vun de Produite waren net konform, doduerch datt si net all déi gefroten Informatiounen opgelëscht hunn. Och déi 3 Desinfektiounsmëttel, déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn, waren um Niveau vun der chemescher Zesummesetzung zwar gutt, allerdéngs gouf et Mängel op der Etikett an un noutwennegen Matdeelungen. Si goufe vum Maart geholl.

Desinfektiounsmëttel
D’EU-Kommissioun zur Kontroll vun Desinfektiounsmëttel

Detailer zu de Masken, Händschen a weiderem individuellem Schutzequipement goufen allerdéngs net matgedeelt.

Konsumente gëtt ugeroden:

  • Desinfektiounsmëttel mat op mannst 70% Alkohol ze notzen. Just esou kënne Viren a Bakterien eliminéiert ginn;
  • Desinfektiounsmëttel ze meiden, déi och fir d’Fleeg vun der Haut geduecht solle sinn. Ass esou eng héich Konzentratioun un Alkohol enthalen, kann d’Mëttel net gläichzäiteg fleegen;
  • Produiten ze vermeiden, déi keng anstänneg Instruktiounen zur Notzung, a Form vu Schrëft oder Biller, opweisen.

Zënter dem Ufank vun der sanitärer Kris hunn d’Agente vun der Ëmweltverwaltung (AEV) an der Unitéit vun de chemesche Substanzen a Produiten (USCP) ganzer 46 Geschäfter, Online Shops a Fournisseure kontrolléiert. Dobäi goufen 252 Verstéiss verzeechent. Et koum zu ganzer 22 Geldstrofen an Héicht vun 56.500 Euro.

Related topics Alkohol, CASP Corona 2020, Desinfektiounsmëttel, Duerchgefall, Ëmweltverwaltung, Etikett, FFP2-Masken, ILNAS, Konformitéit, Pandemie, Viren a Bakterien
Next post Previous post