Search

You may also like

Wuhan: Ee Lëtzebuerger kënnt zeréck!
Neiegkeeten

Wuhan: Ee Lëtzebuerger kënnt zeréck!

D’Regierung huet gëschter d’Réckféierung vun engem Lëtzebuerger aus der Stad

Internationale Roboter-Championnat zu Dubai mat 5 jonke Lëtzebuerger
Neiegkeeten

Internationale Roboter-Championnat zu Dubai mat 5 jonke Lëtzebuerger

Vum 24. bis de 27. Oktober huet eng Ekipp aus

Italien reguléiert chinesesch Applikatioun TikTok
Neiegkeeten

Italien reguléiert chinesesch Applikatioun TikTok

TikTok ass eng mat de beléiftsten Applikatioune bei den Teenager.

Desinfektiounsmëttel fir den ëffentlechen Transport

Desinfektiounsmëttel fir den ëffentlechen Transport

Fir zousätzlech zur sozialer Distanz an der Masekflicht d’Sécherheet vun den Notzer vum ëffentlechen Transport ze garantéieren, gëtt haut a muer an der Stad Lëtzebuerg Desinfektiounsmëttel un d’Passagéier verdeelt.

Dës Initiative vun der Verwaltung vum ëffentlechen Transport fënnt zu deenen Zäite an op deene Plaze statt, un deenen déi meeschte Mënschen ënnerwee sinn. D’Desinfektiounsmëttel ass fir d’Hänn geduecht, gouf an Däitschland fabrizéiert an entsprécht den spezifeschen Normen vu Produiten, déi op d’Haut opgedroe ginn (vegan an dermatologesch getest). Dës weideren sinn d’Flaconen aus recycléiertem Plastik.

Nodeems haut de Moien bis 9 Auer op der Stäreplaz a bei der Rouder Bréck Desinfektiounsmëttel verdeelt gouf, wäert d’Aktioun u folgenden Zäite widderholl ginn:

  • Den 20. Abrëll vun 16 bis 18 Auer op der Gare-Rocade an um Hamilius;
  • Den 21. Abrëll vun 6:30 bis 9 Auer op der Gare-Rocade an um Hamilius;
  • Den 21. Abrëll vun 16 bis 18 Auer op der Stäreplaz a bei der Rouder Bréck.
Related topics Desinfektiounsmëttel, Ëffentlechen Transport, Maskeflicht, Pandemie, Passagéier, Sécherheet, sozial Distanz
Next post Previous post