Search

You may also like

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen
Kultur Neiegkeeten

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen

Datt et am Kontext vun der Covid19-Pandemie a kengem Spidol

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“
Kultur Neiegkeeten

OPGEPASST: Metallstécker am Apéro-Plat vu „Florette“

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet ruffen den Apéro-Plat vun der

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen
Kultur Neiegkeeten

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen

Mam ganze Gedeessems ronderëm: Klimawandel, energetesch Transitioun a Klimapakt, gesäit

DÉSOEUVRÉS #21: Haut den Owend an de Rotondes

Nieft der Plack!

DÉSOEUVRÉS #21: Haut den Owend an de Rotondes

Nodeems déi lescht Saison opgrond vun „enger klenger Pandemie“ leider an d’Waasser gefall ass, sinn „Désoeuvrés“ dëst Joer erëm do. Haut gëtt mat vill Humor a Spannung e literareschen Owend an de Rotondes gefeiert!

Sechs Joren am Lëtzebuergesche literareschen Ënnergrond, am Café Rocas, zesumme mat Auteur*innen ewéi dem Nico Helminger, dem Nathalie Ronvaux, dem Francis Kirps oder dem Claudine Muno, déi duerch spilleresch Erausfuerderunge goe missten. Sechs Joer, an deenen Talenter vun haut entdeckt gi sinn.

Schliisslech koum der Ekipp eng verréckt Iddi: Si wëlle méi professioneller ginn. A siwe Minutte Spillzäit ass et mat der Erhuelung eriwwer: Mat der Ënnerstëtzung vum Kultusministère, vum CNL an de Rotondes hu si e gewaltegt Comeback organiséiert: eng Liesung am Zeeche vun der Musek.

De Jean-Marc Ceci,  den Tullio  Forgiarini, d’Laura Märker an d’Nora  Wagener  hunn sech mat de Lëtzebuerger Gruppe Stiff Peaks a Gregario zesummegedoen, fir en Owend ze schafen, deen als onvergiesslech bezeechent kéint ginn, wa mir eis Zäit dofir genotzt hätten, gewéinlech Pressematdeelungen ze verfaassen. Mä aplaz eng ganz Rëtsch Wierder niewenteneen ze stellen, bidde mir Iech d’Geleeënheet, sech selwer vun engem Owend ze iwwerzeegen, deen sech mat Sécherheet als wonnerbar a beräicherend erweise wäert.

D’Dieren machen um 19.30 Auer op, d’Virstellung fänkt um 20.00 Auer un. Fir Spectateuren ënnert 26 Joer kascht den Entrée 6 € an der Oweskeess, respektiv 10 € an der Oweskees fir jiddwereen iwwer 26 Joer.. Et wäerten eenzel Dëscher ginn an géint Honger an Duuscht ass virgesuergt.

Weider Informatioune ginn et op rotondes.lu.

Vill Spaass!

Related topics Désoeuvrés, Jean-Marc ceci, Literatur, Musek, Nieft der Plack!, Nora Wagener, Spektakel, Tullio Forgiarini
Next post Previous post