Search

You may also like

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz
Neiegkeeten

Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz

Um Dënschdeg war am Haus vun der Natur eng Konferenz

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren
Neiegkeeten

Frankräich ass net bereet fir en Europa vun de Populisten ze finanzéieren

Frankräich ass „net bereet Geld an de Grapp ze huele

Positiv Aktiounen – Net just nëmmen ee Label
Neiegkeeten

Positiv Aktiounen – Net just nëmmen ee Label

Wärend enger Zeremonie, déi den 9. Dezember live iwwerdroe gouf,

Dëst Joer goung et Schëtzeg

Dëst Joer goung et Schëtzeg

Zanter elo enger décker Woch bitt d‘Entente vun de Veräiner Hënchereng, Fenneng an Näerzeng um 63 Escherstrooss zu Fenneng de Mënschen aus hirer Ëmgéigend, déi schéinste Chrëschtbeemercher un, déi ee fir Geld ze kafe kritt.

D‘Entente, déi dëst Joer eigentlech hire 75. Jubiläum zelebréiere wollten, huet zesumme mat sechs vun de Veräiner: Fëscherfrënn – Stock-Car Club Happy Hippos – Duuschtereg Hexen – Hand an Hand fir Afrika – Foyer de la Femme – Chorale Hënchereng, Fenneng, Näerzeng net op hir laang Traditioun vum Chrëschtbeemercher-Verkaf wëlle verzichten. Eng lueflech a wichteg Initiativ.

Et war jo fir d‘Veräiner, wéi fir all d‘Wirtschaftsacteuren alles wéi kee schéint Joer, bezunn op déi soss all Joers organiséiert Aktivitéiten. Aktivitéiten déi de Veräiner awer all Joers hëllefen eppes an d‘Kees eranzekréien, fir datt eben d‘Aktivitéiten an der Veräiner, mee och kleng Ausgabe kënne finanziell gedeckt ginn. De Verkaf vu Chrëschtbeemercher war dëst Joer also immens wichteg.

Wann ee sech net wierklech bekloe ka, wat de Versteesdemech vun de Mënsche fir d‘Nout vun de Veräiner betrëfft, esou wollt moien.lu awer wësse wéi d‘Entente dës éischt Woch iwwerstanen huet a war bei dës frëndlech a jovial Matmënsche luussen, wéi et op der „Beemercher-Front“ ausgesäit. De President Marc Nicola, huet dann och ee ganz zefriddent Gesiicht gemaach…

Ee Besseren ass net ze kréien

Zanter elo ronn zéng Joer, organiséiert d‘Entente zesumme mat senge Veräiner de Verkaf vun de Chrëschtbeemercher. Dat eigentlech zousätzlech zum Stand um Chrëschtmaart, dee bekanntlech dëst Joer aus „Grënn“ net konnt stattfannen, well d‘Leit bannent den Akafszenter jo méi „sécher“ sinn. Hir Beem sinn an éischter Linn, fir d‘Leit aus den ëmleiende Dierfer geduecht, mee jidderee wou ee brauch kann sech ee siche kommen. Geliwwert gëtt just am direkten Ëmkrees (10 Km).

Elo sinn hir Chrëschtbeem allerdéngs vu beschter Qualitéit, soss hätt ee guer net domadder missen ufänken, esou de Grond dozou. Vill vun de Cliente sinn der Entente an de Veräiner trei, firwat déi allermeeschten och all Joer nees hei hire Beemche siche kommen. Um Freideg am Nomëtten hat d‘Entente dann och ronn 100 dëser Chrëschtbeemercher ënnert d‘Vollek bruecht. Haut de Moien ass dee leschte Verkaf ginn, woumat d‘Entente hir Missioun erfollegräich ofgeschloss huet.

Ee klengen Appell ka net schueden

Wéi schon aleedend ugefouert, hätt d‘Entente vun de Veräiner Hënchereng, Fenneng an Näerzeng dëst Joer hire Jubiläum zelebréiere sollen. De Covid19 huet dat verhënnert, firwat dann elo, et sief d‘Situatioun wier och 2021 desastréis, d‘Virbereedungen zur Feier an der akademescher Sëtzung an den Hierscht vum nächste Joer verluecht goufen. Fir dat et en Erfolleg gëtt, bréicht et Hëllef.

Well d‘Recette vun der Entente an hire Veräiner dëst Joer ganz zolidd agebrach sinn, géif ee sech iwwert Sponsoren a soss Donateure freeën. Wien dozou Froen huet, kann sech beim Marc Nicola ënnert dem 621 435 095 mellen. En Don kann dogéint direkt op de Konto (Spuerkeess) LU07 0019 1755 9760 4000 gemaach ginn. Fir d‘Brochure zur Akademescher Sëtzung mat eppes Erënnerung ze fëllen, lancéiert d‘Entente och en Appell u Leit, déi Fotoen oder soss Erënnerungsstécker zur Entente an de Veräiner vun der Entente ab 1945 zur Verfügung stelle kéinten.

Erlaabt eis nach drop hinzeweisen, datt d‘Entente engersäits, mee besonnesch d‘Veräiner an den Dierfer eng wichteg sozial Funktioun hunn. Si bréngen net nëmme Leit mat gemeinsamen Interessen zesummen, si droen och ganz vill zur sozialer Kohäsioun an der Integratioun bäi. Net deen eenzege, mee en absolutt valabele Grond, eng Hand mat unzepake wann ee kann.

Foto: Do war et jo gutt dat mir nach zäiteg luusse waren. Haut hätt et dat Bild jo wuel net méi ginn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Chrëschtbeemchen, Chrëschtkëndchen, Entente Hënchereng – Fenneng – Näerzeng, Glühwäin, Kleeschen
Next post Previous post