Search

You may also like

Dat neit Covid19-Gesetz steet
Neiegkeeten

Dat neit Covid19-Gesetz steet

Et kéint schonn déi leschte Sëtzung am Stater Cercle gewiescht

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster
Neiegkeeten

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster

Eng vun den emblematesche Gittaren, déi den Iwwergang vum Folk

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!
Neiegkeeten

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!

Mir sinn an enger ongewéinlecher Situatioun, a well ongewéinlech Situatiounen

Si wëllen d‘Ettelbrécker Gar erhalen

Si wëllen d‘Ettelbrécker Gar erhalen

Um Samschdeg, et war Braderie zu Ettelbréck, huet de Mouvement „Luxembourg under destruction – mir wëllen hale wat mir hunn“ ee Protestpiquet um Parvis vun der 1862 gebauter Gar organiséiert.

Säit Abrëll ass gewosst, dës Pärel vum Lëtzebuerger industrielle Patrimoine ass dem Dout geweit a schonn zur Schoulrentrée sollen d‘Bagger urécken. Fir de Buergermeeschter a seng Geselle geet et an dësem Kontext awer net nëmmen ëm d‘Gar, mee ëm de ganze Garer Quartier. Hei soll ee grousst urbanistescht Konzept ëmgesat ginn. Et dierf och drop higewise ginn, datt de Projet net nei ass.

Zanter 2006 gëtt un dësem Konzept gedoktert an de Projet fir eng nei Gar gouf 2012 finaliséiert. Den 21. Oktober 2014 huet dann och den Transportminister François Bausch de Projet vum neie multimodale Pole d‘Echange presentéiert. Datt een dat aalt Gebai mat sengen Hasteng net erhale kann, ass dem Fait geschëlt, datt ee fir den Trafic op der Plaz ze erliichteren, en Tunnel baue muss.

Sënn an Zweck vun der Neigestaltung ass et engersäits d‘Zirkulatioun an der Avenue Kennedy ze reduzéieren an anersäits nees méi Liewensqualitéit unzebidden. Zu der Gar gehéiert ee risege P&R mat 430 Plazen, deen direkt un d‘Gar ugeschloss ass. An der neier Gar huet et ee Guichet vun der Mobilitéitszentral, d‘Police an e sëllege Geschäfter. D‘Prënz Henri Strooss gëtt Foussgängerzon…

Um Samschdeg hunn sech d‘Aktivisten dann awer net vun hirem Proetst ofbrénge gelooss a wëllen datt sech déi grouss Politik nach emol mam Dossier ausenanersetzt. Wann een duerchaus ka vill Versteesdemech fir d‘Argumentatioun an déi wierklech gutt Intentioun hannert dem Protestpiquet opbréngen, esou ass d‘Zukunft vun der Ettelbrécker Gar längst besigelt. Deen Zuch ass ënnerwee…

Illustratioun: Op dëser nach virtueller Virstellung gëtt ersiichtlech wou den Tunnel verleeft, de P&R ugesidelt ass, a wéi sech déi nei Gar mat senge Quaien an dem Pole d‘Echange presentéiert.

Related topics Ettelbréck, GAR, Industrielle Patrimoine, Luxembourg under destruction, Pole d‘Echange
Next post Previous post