Search

You may also like

Fraepower am Staatslabo – Et geet ëm Kompetenz, net ëm d’Geschlecht!
International Money Neiegkeeten

Fraepower am Staatslabo – Et geet ëm Kompetenz, net ëm d’Geschlecht!

Wëssenschaftler brauchen déi hellste Käpp, onofhängeg dovunner ob et Männer

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!
International Money Neiegkeeten

Op der Sich no engem neie Kannersëtz? Da sidd der beim Kannersëtzbasar vum ACL richteg!

Dir braucht e Kannersëtz, am beschten een „bal wéi nei“

Jennifer L. Armentrout: Fantasy-Fans sollte sech dat eleiten net entgoe loossen
International Money Neiegkeeten

Jennifer L. Armentrout: Fantasy-Fans sollte sech dat eleiten net entgoe loossen

Normalerweis ass Fantasy net sou menges, mee der Autorin Jennifer

money

No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro

No „Vetternwirtschaft“ a politeschem „Geklüngels“ feelen der DB 3 Milliarden Euro

Datt et der Deutsche Bundesbahn (DB) finanziell esou dreckeg geet wéi nach ni, dat war vun der Politik vun Ufank u beabsichtegt, mee elo gëtt et och nach „Besuergniserreegend“. Dat zumindest léisst sech aus dem Bericht vum Bundesrechnungshaff erausliesen.

An engem Schreiwes un de Bundestag hunn d‘Ekonomisten drop higewisen, datt der DB fir 2019 mindestens 3 Milliarden Euro „feelen“. Eppes méi däitlech? „Schonn Enn vum Joer 2019 wäert e signifikant Finanzéierungslach vu bal 3 Milliarde bestoen. Eng Neiverschëldung ass net méiglech ouni d‘Verscholdungsgrenz ze iwwerschreiden“. Mussen elo der Bomi hir Bijoue verkaf ginn?

Zimlech sécher: JO! Laut dem Bundesrechnungshaff kann de Verkaf vun der DB-Duechter „Arriva“ eng Léisung sinn, wann en entspriechende Präis dofir erziilt géif ginn. Sollt kee Geschäft ze maache sinn, wier de Staatskonzern net méi an der Lag déi eegen Investitiounen ze finanzéieren. An dofir heescht et, datt och déi international Logistik-Duechter Schenker soll verklappt ginn, a séier…

Absicht oder pur Dommheet?

Déi staatlech Ekonomiste sinn däitlech: d‘DB steet virun zolitte finanziellen Erausfuerderungen, wéi beispillsweis dem Kaf vun neiem Material, der Digitaliséierung oder dem Projet Stuttgart 21. Alles Saachen déi sech net mam „operativ erwirtschafte Cashflow“ opfänke loossen. Bei deem vun der Politik agesaten DB-Management wollt ee gëschter awer näischt vun dësem Bericht wëssen.

Gutt datt ass net déi eenzeg Ligen an et dierft och net no der Sëtzung vum Verwaltungsrot, den 18. September, besser ausgesinn. De Verwaltungsrot vun der DB behaapt schonn am Virfeld zu dëser Sëtzung, datt si gedenken „ee Konzept zur Finanzéierung vun der Wuesstemsstrategie ze beroden“.

Eppes méi däitlech: „Et gëtt fir déi milliardeschwéier Investitiounen an Zich, Infrastruktur a Personal ee klore Fuerplang. Déi finanziell Stabilitéit vum DB-Konzern weist sech ënnert anerem och an dem onverännert gudde Rating um Kapitalmaart“, esou de Virstand vun der DB. Datt se bei der DB sollen ee Plang hunn dee Liewensfäeg ass, wier zanter der Privatiséierung eng Première.

Et bréicht awer Äntwerten

Datt sech dann elo och de Bundesverkéiersminister Andreas Scheuer zu Wuert mellt, mécht et net wierklech besser. De Mann dee mat senger Maut kläglech gescheitert ass, topeg an net kredibel Reklamm fir e-Mobilitéit mécht huet gëschter an engem Interview mat der BILD-Zeitung gesot, datt hie sech vum DB-Verwaltungsrot kloer Äntwerten erwaart. Eigentlech ass hien awer de Chef.

An als Chef huet hien de Virstand beoptraagt d‘Konzernstrukture méi effizient ze organiséieren a Personal ofzebauen, well dës Strukturen „honnertdausende Mataarbechter a Clienten ze déngen hätten“. Elo ass allerdéngs gewosst, datt et weder der Regierung nach dem Virstand dru geleeën ass eeschthaft drun ze goen. Zanter Joerzéngte sinn Infrastrukturen a Personal vernoléissegt ginn.

A wéi wéineg Interessi besteet, léisst sech dorunner erkennen, datt schonn zum 30. Juni d‘Scholden, dee vum Haushaltsausschoss festgeluechte Grenzwäert fir den 31. Dezember iwwerschratt hunn. Déi bedeelegt Ministèren erklären dat domatter, datt d‘Konzernsparten DB-Regio an DB-Cargo hiert Potential zum aktuellen Zäitpunkt nach net voll ausgenotzt hunn. Jo wéi dann och?

Foto: Erich Westendarp

Related topics Andreas Scheuer, DB, Deutsche Bundesbahn, Finanzen, Rechnungshaff
Next post Previous post