Search

You may also like

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck
Business Neiegkeeten

CFL: En neie Quai III fir d’Gare zu Ettelbréck

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare ass gëschter

Den SNMC zum Joer 2019 – 460 Demanden sinn erakomm
Business Neiegkeeten

Den SNMC zum Joer 2019 – 460 Demanden sinn erakomm

Gëschter hunn de Wirtschaftsminister Franz Fayot, sou wéi de Mediateur

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)
Business Neiegkeeten

Neien Ufank: Wat bedeit dat fir folgend Lëtzebuerger Auteuren? (Deel 2)

En neien Ufank kann een ganz ënnerschiddlechst interpretéieren, dat weisen

Devï – Vu staarke Fraen fir staark Fraen

Devï – Vu staarke Fraen fir staark Fraen

Sponsored Story – Kennt Dir Devï schonn? Dat ass eng ethesch Kleedermark, déi sech op Fraen-Empowerment, ländlech Gemeinschaftsentwécklung an Nohaltegkeet fokusséiert. Déi faarwefrou Kleedung gëtt an Indien hiergestallt.

Duerch de Verkaf vun Devï-Artikel ginn ënnerschiddlech Projeten ënnerstëtzt, dobäi gëtt sech op d’wirtschaftlech Entwécklung konzentréiert, andeems Fraen Finanzwësse vermëttelt kréien. Och Aarbechtsplaze ginn geschaf: Bis elo konnten doduerch well 44 Saheli-Fraen een nohaltegen Liewensënnerhalt an eng wirtschaftlech Selbstversuergung erreechen. Geplangt ass, an den nächsten Joren op mannst 100 Fraen ze beschäftegen.

Natierlech steet och den Zougang zu engem héichwäertege Gesondheetssystem um Programm. De Moment ass et esou, datt all zwou Wochen een Gynekolog an eng Infirmiere an d’Duerf kommen, fir d’Fraen ze ënnersichen. An da gëtt d’Ausbildung grouss geschriwwen. D’Meedercher ginn an de Schoulen ageschriwwen, doduerch ginn si gefërdert. Duerch de Bau vun enger Bibliothéik erhalen d’Kanner en séchert Ëmfeld no der Schoul.

De Pop-Up Store Devï ass zënter dem 1. Abrëll an der Stater Foussgängerzon (40, rue Philippe II) ze fannen. Wärend fënnef Méint kann een sech am nohaltege Buttek ëmkucken. An dësem Kader huet d’Redaktioun dem Debbie Kirsch, der Initiatorin vun dësem faire Moudelabel e puer Froen gestallt a seet Merci fir dës ausféierlech Äntwerten an de Bléck hannert d‘Kulissen!

Devï
© Martine de Lagardère / moien.lu

Är Entreprise gouf am Februar 2018 gegrënnt, knapp zwee Joer dono, gouf de Coronavirus als Pandemie agestuuft. War dat net schwéier?

Dach am Ufank hunn ech geduecht, et géif eng Katastroph ginn an mir missten eis Produktioun stoppen. Normalerweis ginn ech all Joer dohinner, fir mat den Dammen zesummen eis nei Designs ze maachen a Stoff eraus ze sichen. Déi mënschlech Relatioun an dat „zesummen schaffen“ ass bei eis immens wichteg.

Dat ass elo ewech gefall, ech hunn geduecht, datt ech d’Entreprise net weider féieren kéint. Duerch Uriff an Skype ass awer Gott säi Dank alles méiglech gewiescht. Säit engem Joer diskutéieren mir eis Produktioun online an ech sichen all eenzel Tissue iwwer Fotoen an Videouriff eraus.

Doduerch dat mir eng ganz kleng an transparent Produktionsketten hunn, konnten mir eis direkt un déi nei Situatioun adaptéieren. D’Dammen kruten hiert d’Material fir ze bitzen heembruecht an och de Kanner hier Schoul, déi mam Projet finanzéiert gëtt, gouf vun doheem aus weidergefouert.

Wärend déi grouss Kleedermarken an der Pandemie deelweis ënnergaangen sinn, well se oft net wëssen wou hier Kleeder grad leien, a grad produzéiert ginn, wéinst hiren ontransparenten Supply Chains, konnten mir als kleng Mark richteg duerchstarten. Devï huet sech an den leschten 12 Méint verduebelt. Menger Meenung no, huet déi Pandemie d’Leit dozou bruecht eng Kéier, fir een Moment ze pauséieren an ze iwwerleeën, wat mir am Fong konsuméieren an firwat. Eis Gesellschaft ass/war baséiert op ëmmer méi a virun allem ëmmer méi séier …

Mir hunn guer keen Bezuch méi zu deene Saachen, déi mir maachen/kafen. Dat féiert dozou, datt een sech net méi mat deenen Saachen identifizéiert an den Sënn dran verléiert. Nom Motto: Wann et futti geet ass et jo egal, muer kann ech souwisou eppes Neies kafen. Elo wou mer eis mol bëssi mat eis selwer musse beschäftegen, vill eleng doheem am Home Office waren oder méi an der Natur, hunn sech d’Leit, menger Meenung no, ugefaangen Froen ze stellen – iwwert sech selwer, den Impakt deen se op d’Welt hunn oder wëllen hunn.

Ech hunn gemierkt, datt mir immens vill nei Clienten bäikruten, déi soss a méi ‘kommerziell’ Butteker gaangen sinn. Oft zielen si eis, dat se wärend der Pandemie Zäit haten, sech mat sech selwer auserneenzesetzen (an och wéi an firwat se eppes konsuméieren). Eist Ziel ass et, den Leit méi wéi just en Produit unzebidden, mee Unikater – déi eng Geschicht an en Sënn mat sech droen. Déi Aspekter hunn eis immens gehollef wärend der Pandemie.

Zënter der Grënnung hat Dir mat wéi engen Erausfuerderungen ze kämpfen?

Mat villen Erausfuerderungen. Mäin akademeschen Background ass Biologie (Bachelor) an Sustainable Business (Master). Ech hunn näischt mat Kleederdesign um Hutt, genausou wéineg wei d’Dammen mat deenen mer produzéieren. Si sinn am Fong keng professionell Schneiderinnen. Dat heescht, déi éischt Kleeder, déi mir designed hunn, waren eng Katastroph.

Alles war kromm, an mir hunn déi falsch Stoffer benotzt, fir déi falsch Designs (zum Beispill en immens haarden Stoff, fir en liicht Summerkleed). Soss ass et och immens schwéier gewiescht, fir eisen Moudelabel richteg auszebauen, well mir nëmmen Unikater hunn, all Stéck gëtt et nëmmen eemol. Dat mécht den Online-Verkaf immens schwéier.

Ech sinn och immens vill an Amsterdam duerch d’Butteker getrëppelt (ech hunn 3 Joer do gewunnt). Ech wollt een Buttek fannen, deen eis Kleeder verkeeft. Si hunn d’Kleeder an d’Iddi super fonnt, mee well et elauter Unikater waren, war et fir si ze schwéier fir se ze verkafen. Et géif net an hiert Konzept passen.

Soss ginn et all Dag Erausfuerderungen, mir sinn am gaangen ze wuessen – dann ass d’Fro ëmmer a wéi eng Richtung soll et goen, wéi eng Leit passen am beschten an d’Equippe. Bis elo hunn ech d’Mark ëmmer eleng geréiert. Et ass immens schwéier säin Häerzensprojekt och an d’Hänn vun anere Leit ze ginn. Mee wei mat allem ass dat eppes wat een léiert. An d’Erausfuerderung ass jo am Fong ëmmer dat Spannendst bei enger Entreprise, well et ass duerch déi wou een iwwer sech eraus wiisst.

Wéi ass, respektiv war de Feedback op Är Geschäftsiddi?

Immens positiv, wat mech natierlech immens frou mécht. Vun Ufank un waren d’Leit esou motivéierend an häerzeg, eis Clienten sinn wierklech ewéi Famill ginn. Mir sinn och immens frou dat mer net nëmmen national mee och international Unerkennung kruten. Mir sinn schonn op däitschen Senderen gewisen ginn an waren schonn puer mol an internationalen Magasinner wei d’British ‘Vogue’ an ‘Majestic Disorder’.

Deen positiven Feedback ass dat wat eis undreift, an den konstruktiven negativen Feedback ass wat eis verbessert. Et ass eis immens wichteg, datt d’Leit eis och negativen Feedback ginn – wat mer z.b änneren kennen ,oder wat hinnen net gefält. Mir froen eis Clienten ëmmer wat se éierlech vun Designs a Faarwen halen a wat mer verbesseren kënnen. Dat ass mir perséinlech immens wichteg.

Devï
D’Debbie Kirsch huet mat eis den Tour duerch säi Pop-Up Store gemaach © Martine de Lagardère / moien.lu

Devï – net nëmmen e Geschäft. Och e Liewensstil. Géing Dir do zoustëmmen?

Absolut! Ech sinn en groussen Nohaltegkeets-Enthusiast an wëll mat Devï net nëmmen en nohaltegen Produit verkafen, mee eng ganz Iddie derhannert déi d’Leit, wann méiglech dozou soll ureegen méi nohalteg ze konsuméieren, sief dat elo am Bezuch zu Kleeder, Iessen oder soss eppes.

Ech sinn genau esou frou wann een aus dem Buttek geet an seng Iessens-Choixen zum Beispill an Fro stellt, wei wann een elo en Kleed bei eis kaf huet. Mir geet et virun allem drëm dat Leit méi hannerfroen wat se kafen, vun wou dat hier kënnt an wien et gemaach huet.

Bei all Produit vun eis kritt een eng Foto an d’Geschicht vun wou den Produkt hierkënnt an wien et gemaach huet. Mir geet et drëm dat d’Leit eng Relatioun mat deem Produit kennen opbauen, an en ëmmer erëm flécken oder reparéieren wann eppes domat wier aplaz en einfach fort ze geheien. Et ass mir wichteg, mat eisen Clienten och ëmmer en flott Gespréich ze hunn z. B: wat een besser maache kéint. Dobäi ass et mir immens wichteg, datt deen Message ëmmer mat Spaass eriwwer kënnt.

Jiddereen sollt dat maachen an do ufänken wou en kann. Ech soen ëmmer „chose your battle“. Et kann een net alles richteg maachen an keen ass 100 % nohalteg. Mee d’Realisatioun ass schonn den éischten Schrëtt zur Besserung.

Ären Duerchschnëttsclient ass?

Dat ass ganz flott well et geet vun bis. Mir hunn ganz dacks, datt eng Duerschter déi eis op Instagram fonnt huet, mat senger Mamma an der Boma an den Buttek kënnt.

Fir déi jonk Meedercher hunn mer am Moment Summerräck oder Wéckel-Toppen an Hoerbännecher. Fir d’Dammen verkafen mir virun allem Kimonoe an Mäntel – geupcycled aus Pashmina Schalen oder Wandteppescher aus dem Usbekistan. Fir d’Hären kréien mer och elo Hiemer an Schalen. Eisen But ass fir all Alter an all Genre eppes ze fannen. Nohalteg Kleeder mussen menger Meenung no fir jiddereen accessibel sinn, soss gëtt et schwéier den Agenda 2030 ëmzesetzen.

Wéi hunn d’Saheli-Fraen op Är Begeeschterung reagéiert? Gëtt et do eng Geschicht, déi Iech besonnesch gepräägt huet?

D’Begeeschterung koum an kënnt nach ëmmer vun deenen 2 Säiten. Mir ass et ëmmer immens wichteg ze betounen dat Devï eng Co-Kreatioun tëscht mir an den Saheli Dammen ass. Alles wat mir maachen, designen an plangen gëtt ëmmer zesummen gemaach. Et ass mir immens wichteg, datt si eis Produiten net nëmmen produzéieren, mee mat designen an kreativ kënnen sinn.

Ech kafen den Tissu zwar an mee wéi eng Tissue si dono fir wéi een Design benotzen ass hinnen komplett iwwerlooss. Sou ass et och ëmmer eng Iwwerraschung fir mech selwer. Zwou Geschichten hunn mech gepräägt:

  1. Wei mer op den Numm komm sinn: „Devï“ heescht „Gëttin“ op Hindi. All Mueren ier d’Dammen am Zentrum ufänken mat schaffen, ginn si bei hiren Tempel an bieden zum „Devï“. Dat ass am Fong d’Verkierperung vun all den weiblechen Gëttinnen. Déi Damen hunn mech sou inspiréiert, well se schonn immens vill am Liewen matgemaach hunn an awer weider stralend duerch d’Liewen ginn. Wann si moies beim Tempel d’Devï ungebied hunn, hunn ech si ënnerlech dofir admiréiert. Dofir wollt ech hinnen den Numm widmen – well si fir mech déi richteg Gëttinnen sinn. Do sot d’Madhu, déi indesch Grënnerin vun der Saheli Women Social Entreprise, majo dann komm mir nennen d’Mark „Devï“.
  2. Et ass eis wichteg, datt d’Kanner vun den Dammen gesinn, wei hier Mammaen schaffen. Datt et duerch si ass, datt si kënnen an d’Schoul goen, a medezinesch versuergt ginn an soumat en gutt Liewen kënnen féieren. Dofir kommen d’Kanner ëmmer no der Schoul bei eis an den Zentrum, wou se een klengen Spillraum hunn.

Wei ech fir d’Lescht do war, leschten Februar, waren dem Geeta Ji, eis Quality Control Managerin wat säin Mann virun 5 Joer verluer huet an doropshin vun senger Gemeinschaft ausgegrenzt gouf, seng 3 kleng Jongen bei eis am Zentrum. Ech hat se schonn 1 Joer laang net méi gesinn. Ech war immens frou ze gesinn, datt säin eelsten Jong deen dunn 8 Joer hat, schonn ugefaangen huet Englesch ze schwätzen. Hien huet mer gewisen wat en an der Schoul geleiert huet. Virun 5 Joer war d’Geeta immens schei well hatt dacks als Witfra d’Gefill krut, dat hatt näischt méi wäert wier. Lo 5 Joer dono huet hatt en immenst Selbstvertrauen, mëscht den ganzen Zäiten Witzer an weist deenen aneren Dammen am Zentrum oft wou den Hummer hänkt.

Dem Geeta säin klengen Jong huet senger Mamma, déi grad ganz an Action war am Zentrum nogekuckt an dunn laachend gesot : „My Mama is such a boss“. Mir sinn d’Schudderen ausgaangen an ënnerlech hunn ech geduecht, datt dat GENAU dat ass wat mer hei probéieren ze erreechen. Et geet net nëmmen ëm d’Kleeder mee och ëm d’Geschicht an den Impakt hannendrun.

Devï
Bei Devï stinn och d’Fraen hannert dem Kleedungsstéck an Accessoire am Fokus – Devï / Facebook

Duerch de Verkaf ënnerstëtzt Dir dräi ënnerschiddlech Programmer. Wéi eng weider Projeten sinn nach geplangt?

Een weideren Projet un dem mir schaffen ass fir en 2ten Zentrum opzemaachen – mat den selwechten Valeuren, 2 Stonnen vun deem aneren Projet ewech. Devï wéilt do gären den Haaptinvestisseur sinn an esou weider Fraen ënnerstëtzen.

Den 15. Abrëll koum déi nei Kollektioun online. Op wat däerf een sech besonnesch freeën?

Iwwert déi nächst 6 Méint probéieren mir och eisen Online-Store auszebauen, wat leider net ëmmer esou einfach ass well mir nëmmen Unikater hunn an och lues produzéieren. Vue dat mir grad eisen Buttek an der Staat an der Philippe II opgemaach hunn ass et eis Prioritéit sou vill wei méiglech Produiten am Buttek ze hunn.

Ass et schwéier (oder einfach) Handwierkeroder ONGen fir Devï ze begeeschteren? Verstinn si den Sënn an Zweck direkt?

Nee, et ass absolut guer net schwéier, si sinn immens frou wann hier Talenter wäertgeschat ginn an si fair bezuelt ginn. Virun allem sinn si frou dat en Portrait vun hinnen an hier Geschicht mat bei den Produiten dobäi kënnt. Eis Ziel ass et eng Relatioun tëscht den Produzenten an den Konsumenten opzebauen.

Mir froen eis Clienten ëmmer, fir eis eng Foto vun hinnen am Produit ze schécken, fir dat ech den Produzenten déi dann weider schécken kann. Si sinn virun allem net nëmmen Produzenten mee och Designer, et ass mir immens wichteg dat si hier Kreativitéit an Iddien mat kennen erabréngen. Ech sichen Stoffer aus mee si kennen awer wielen wei en Stoff si fir wéi een Design benotzen wëllen an och wei si d’Musteren benotzen wëllen. Sou ass et och ëmmer eng Iwwerraschung fir mech wann d’Saachen ukommen.

Den ëmweltfrëndlechen Stoff kënnt vun wou?

Am Ufank sinn ech selwer duerch Stroossen an Indien ronderëm gelaf fir Vintage-Stoffer an klengen Butteker, bei verschiddenen Familljen etc ze fannen. Lo no 3 Joer hunn ech zwou Famillen mat deenen ech fest zesummeschaffen déi entweder Vintage-Stoffer an Sarie sammelen oder mat Textilfabricken zesummeschaffen, bei deenen si Stoffer déi en Feeler an der Produktioun haten ofkafen .Ech sichen awer nach ëmmer all Stoffer selwer aus.

Lo wärend Covid war dat immens erausfuerderend, well mer alles iwwer Skype missten maachen, mee mir kruten eis awer gutt un d’Situatioun adaptéiert. Et ass eis immens wichteg fir eis Kollektioune keng nei Stoffer ze produzéieren, mee nëmmen Stoffer ze upcyclen déi et schonn ginn, déi en Feeler hunn oder net méi benotzt ginn, an doduerch erëm en zweet Liewen kënnen kréien.

Devï
Devï / Facebook

Eenzegaarteg, faarweg Kleedung vu staarke Fraen fir staark Fraen – wéi gesäit et hannert de Kulissen aus? Ass déi néideg Toleranz do oder huet een och (leider) mat Rassismus a Viruerteeler ze kämpfen? Wa jo, wat sollt sech an dësem Beräich änneren?

An Indien huet een natierlech nach vill mat Viruerteeler ze kämpfen, well d’Bild vun der Fra do leider nach ëmmer anescht ausgesäit. Dat ass och näischt wat een vun engem Dag op den aneren änneren kann, mee mat sou klengen Projete wei deem vun den Saheli Women kann een do definitiv Sensibilisatioun kreéieren.

Ëm déi 80 % vun den Kleeder-Produzenten an der hierkëmmlecher Kleederproduktioun sinn Fraen. Dofir ass et fir mech wichteg, datt virun allem an der Fashion Industrie d‘Fraen méi wäertgeschat ginn.

Wann d’Kleederindustrie hier Aarbechter géif fair behandelen an bezuelen, géif dat weltwäit en immensen Impakt ob ‘Women Empowerment’ hunn, virun allem a Länner am globalen Süden, wou déi meescht vun eisen Kleeder produzéiert ginn. Mat Devï an a Kooperatioun mat den Saheli Women, wëll ech weisen wat fir schéin Opportunitéiten fir Fraen weltwäit kënnen kreéiert ginn wann een Fraen an hiren Metier unerkennt. Si ënnerstëtzt, an si doduerch finanziell onofhängeg kënnen ginn.

D’Nohaltegkeet gehéiert zu Devï, wéi d’Waasser bei de Fësch. Wat wënscht Dir Iech fir d’Zukunft? Souwuel fir d’Mënschen, wéi och fir d’Äerd?

Ech wënschen mer fir d’Zukunft, datt d’Mënschen op individuellem Niveau, wei och déi grouss Acteuren am privaten an ëffentlechen Secteur bei all Entscheedung déi se treffen méi Récksiicht op d’Ëmwelt wéi och op hier Matmënschen huelen.

Ech hoffen, dat méi hannerfrot gëtt – vun wou eis Saachen hierkommen, wien se gemaach huet, an datt Nohaltegkeet ëmmer méi an eis Gesellschaft an eis Choixen mat integréiert gëtt. Ech hoffen, datt an der Zukunft, dat wat mir mat Devï maachen keng Exceptioun méi ass oder als eppes Extraes ugesinn gëtt, mee datt dat als den ganz normalen ‘Way of doing business’ soll aplizéiert ginn.

Weider Informatioune fannt Dir op devi-clothing.com.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Bildung, Buttek, Debbie Kirsch, Devï, Empowerment, Fraen, Indien, Kleedung, Kollektioun, Nohaltegkeet, Pop-Up Store, Saheli-Fraen
Next post Previous post