Search

You may also like

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !
International Neiegkeeten

Den SNE an d’CGFP hunn eng kloer Positioun a Fuerderungen zum Stage am Fondamental !

Wéi Dir et sécherlech aus der Press erfuer hutt, ass

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
International Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Fir dëse 24. Samschdeg a Folleg sollen sech laut dem

Dezenten an abordabele Logement, elo!

Dezenten an abordabele Logement, elo!

Den 21. Januar, huet d‘EU-Parlament de Rapport vun der Kommissioun Aarbecht a Soziales: „Zougang zum abordabelen an dezente Logement an Europa“ (2019/2187(INI) mat enger grousser Majoritéit vun 352 Stëmmen derfir an 179 Stëmmen dergéint, ugeholl.

Andeems d‘EU-Parlament dëse Rapport ugeholl huet, bestätegt dës Institutioun, datt de Logement ee wichtege Sujet an eng Urgence ass. D‘Memberlänner mussen dëst prioritär behandelen. D‘Marie Lindner, Presidentin vun der internationaler Associatioun vun de Locatairen (IUT) huet begréisst, datt de Rapport vum Europaparlament ugeholl ginn ass.

„D‘EU-Parlament huet haut de Wee opgewisen, fir déi erwaarte Changementer um Logementsmaart ëmzesetzen. Wärend déi national Parlamenter weiderhin dru gleewen, datt de Maart all d‘Problemer léis wäert – mat desastréise Folge fir den abordabele Logement an Europa – huet d‘EU-Parlament déi rout Kaart fir d‘Spekulante gezéckt a fuerdert en Accès zu dezenten an abordabele Wunnengen fir jiddereen“, esou d‘Marie Lindner.

Mat 38% vun den europäesche Menagen, déi iwwer 40% vum Akommes fir de Logement opwanne mussen, iwwer 700.000 Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp an nach emol eng 156 Millioune Leit, déi wéinst abusive Loyeren ënnert der Aarmutsgrenz hiert Liewe bestreide mussen, begréissen déi jonk Lëtzebuerger Initiativ „Mieterschutz Lëtzebuerg“, d‘UIT an hir europäesch Homologen, datt d‘EU-Parlament ënnert anerem Folgendes unerkannt huet:

  • Datt d‘Recht op eng dezent an abordabel Wunneng ee fundamentaalt Mënscherecht ass, dat juristesch agefuerdert ka ginn, an datt d‘Memberlänner en universellen Accès, d‘Qualitéit an d‘Salubritéit assuréiere mussen;
  • verbënnt déi sozial an ëmwelttechnesch Aspekter un d‘Ziler betreffend den Accès zum universelle Logement, notamment iwwert de „grénge Pakt vun Europa“ an appelléiert d‘Memberlänner, aus der Renovéierung vu mindestens 3% vum Immobiliepark eng Prioritéit ze maachen;
  • rifft op zur Schafung vun engen europäesche kader fir d‘Eradikatioun vun der Obdaachlosegkeet bis 2030, an och zur Beendegung vun der Kriminaliséierung vun den Obdaachlosen;
  • rifft d‘Memberlänner op eppes géint d‘Brochbuden an giereg Proprietairen ze ënnerhuelen;
  • fuerdert d‘Generalisatioun vun der „Wanterpaus“;
  • gesäit ee Moratoire fir d‘Ofspäre vun der Energie (Stroum, Gas, asw.) wärend e Wanterméint vir;
  • bréngt d‘Notioun vum „maximalen Taux d‘Effort“ an;
  • appelléiert déi laangfristeg Locatioun, der kuerzfristeger Locatioun virzezéien;
  • appelléiert Moossnamen zur Kontroll vun de Loyeren anzeféieren, dat méiglechst mat enger Baisse vun de Loyeren;
  • appelléiert d‘Verbänn vun de Locatairen a Proprietairë vun der eegener Wunneng ze stäipen;
  • rifft d‘Memberlänner derzou op eng Bautepolitik fir abordabel Logementer anzesetzen;
  • dat abegräifend de Schutz vun de vulnerabele Gruppen um Wunnengsmaart. Schutz vun de Locatairen, Logementssécherheet, en equitabelen a gerechten Zougang zum abordabele Logement fir Gruppe mat klengen a mëttlerem Akommes, amplaz vum spekulativen Deplacement vu Persounen aus essentielle Beruffer baussent de Stied.

Fir de Jean-Michel Campanella, President vun „Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl“, huet d‘Unhuele vun dësem Rapport „u verschidden elementar Rechter erënnert a stäerkt d‘Recht op eng abordabel an dezent Wunneng iwwert de juristesche Wee, wat leider net d‘Aktualitéit zu Lëtzebuerg ass“.

De Rapport appelléiert zudeem och d‘Associatiounen déi d‘Locataire verdeedegen ze stäerken an ze ënnerstëtzen. „Dat ass eng Noutwennegkeet fir eng Associatioun vun ëffentlechem Interessi, wéi mir eng sinn“, esou de Jean-Michel Campanella.

Elo ass et un der EU-Kommissioun ze reagéieren a legislativ Moossname virzeschloen, déi da musse vun de Memberlänner ugeholl ginn. „De Moment hätt net besser kënne gewielt sinn: fir eng Reprise no der Pandemie, muss sech Europa op abordabel a ‚gréng‘ Wunnenge konzentréieren“, füügt nach d‘Marie Lindner ofschléissend bäi.

Matgedeelt vun der UIT an dem Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl – fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Wiktor Karkocha / unsplash

Related topics Jean-Michel Campanella, Logement, Marie Lindner, Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl, UIT
Next post Previous post