Search

You may also like

ISL: Blabla an egal wéi enger Sprooch bréngt kee weider
Neiegkeeten

ISL: Blabla an egal wéi enger Sprooch bréngt kee weider

Um Donneschdeg hate Personalvertriedung a Gewerkschaften d‘Enseignanten an d‘Eltere vun

Däitschland: Abschid vun der Steekuel
Neiegkeeten

Däitschland: Abschid vun der Steekuel

Um Freideg hunn eis däitsch Noperen sech vum Ofbau vu

Si hunn en neit Covid19-Gesetz
Neiegkeeten

Si hunn en neit Covid19-Gesetz

De Gesetzprojet 7857 ass um Donneschdegmueren an der Chamber vun

D‘Fauscht an der Täsch

Stell der vir du häss eng Meenung an et géif keen interesséieren

Wéi d‘Maniff an de sozialen Netzwierker ugekënnegt gi war, hätt ee missen unhuelen, datt et um Freidegnomëtteg op der Plëss misst „schwaarz vu Leit“ sinn. Et waren awer erhieflech méi Medie-Vertrieder do wéi Demonstranten.

Gutt, allgemeng mécht de Lëtzebuerger léiwer d‘Fauscht an der Täsch, an léisst dofir an de sozialen Netzwierker sengem Frust fräie Laf. Virun der Pandemie, also nach zu Zäite wou et Bistroe gouf, waren d‘Comptoirsgespréicher d‘Ventil… Dat ass net déi Aart vu Protest déi eppes bewierkt mee ganz esou schlecht wéi een et ëmmer versicht duerzestellen, schéngt et jo wuel och net ze sinn.

Horesca-Secteur© Martine de Lagardère / moien.lu

Déi „grouss“ Demo vum Horesca-Secteur war viru Woche virbereet ginn, an d‘Fuerderung u sech stëmmeg: „Loosst eis Schaffen“. Esou en Event léisst sech dann och schwéierlech ofsoen. Mat ee vun de Grënn, datt kaum Vertrieder aus dem Secteur sech der Demo ugeschloss hunn, dierft wuel och d‘Decisioun vun der Regierung gewiescht sinn, d‘Terrassen ab dem 7. Abrëll opzemaachen.

En Donneschdeg gouf bekanntlech déi 14. Versioun vum Covid19-Gesetz an der Chamber ugeholl. An dësem Gesetz ass d‘Reouverture vun den Terrasse fir den Horesca-Secteur enthalen: si dierfen elo ab dem 7. Abrëll vu moies 6 bis nomëttes 18 Auer, ënner ganz prezisen Oplagen nees Clienten empfänken an zerwéieren. Wie keng Terrass huet oder aus Grënn vun der Wirtschaftlechkeet säin Etablissement zouléisst, ka weider déi staatlech Hëllef an Usproch huelen, esou de Xavier Bettel.

Domadder hätt een d‘Maniff eigentlech kënnen ofblosen, woubäi… Esou wéi d‘Reouverture vun der Regierung „reglementéiert“ gëtt, ass net näischt Hallwes an näischt Ganzes. Fir de Mann hannert dëser Maniff, Eli Clement, geet drëms dem Secteur nees d‘Aktivitéiten, esou wéi dat mam Programm „Save to Serve“ virgesi war, zouzeloossen. Hien huet och ugereegt, datt een – wann et am Profifussball oder der Schoul méiglech ass – Schnelltester kéint zousätzlech asetzen.

En Argument dat esou net vun der Hand ze weisen ass, wuel awer méi Gewiicht gehat hätt, wann sech méi leit aus dem Secteur un der Maniff bedeelegt hätten. Déi meescht dierften awer, wéi et den Eli Clement ugedeit huet, um Freideg domadder beschäftegt gewiescht sinn, sech op d‘Ouverture déi aner Woch virzebereeden. Et mussen d‘Wuere bestallt, de Besoin u Personal ermëttelt an zu gudder Lescht och d‘Terrasse gebotzt an den neien Oplagen entspriechend arrangéiert ginn.

Bleift nach festzehalen, datt d‘Wiederprevisioune fir déi aner Woch alles ausser Terrassewieder verspriechen. Kléngt net no engem gudde Start, mee et dierf ee sech op d‘Leit verloossen. Nach ass de Wantermantel net am Keller verschwonnen an gëtt bekanntlech kee schlecht Wieder, just déi falsch Kleedung. Et dierft ville schonn eng Freed sinn, beim Käffchen oder Téi eppes ze poteren…

Foto: Si waren eng „Handvoll“ fir op d‘Fuerderunge vum Secteur hinzeweisen. D‘Ouverture vun den Terrasse gëtt hinnen net wäit genuch an et gouf nach emol drop higewisen, datt et kaum ee Secteur geet, deen esouvill Mesuren ergraff huet, fir d‘Sécherheet vun de Leit ze assuréieren. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Gesetz, Eli Clement, Fuerderungen, Horesca-Secteur, Reouverture
Next post Previous post