Search

You may also like

Informatiounsowend vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl
Neiegkeeten

Informatiounsowend vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem Asbl

All Informatiounen dozou kann sech den Interesséierte Bierger live e

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer
Neiegkeeten

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

Et ass elo offiziell. „LGX – Luxembourg Gaming Experience“ bereet

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken
Neiegkeeten

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken

Vun der tierkescher Presidence gëtt matgedeelt, datt béid Presidenten, de

An nach ee Sozialplang fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg

An nach ee Sozialplang fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg

Si ass dem Finanzminister Helleg, an dem Wirtschaftsminister ëmmer ee Luef wäert: d‘Finanzplaz Lëtzebuerg. Déi awer fänkt un d‘Läpper hänken ze loossen. Net aus wirtschaftlecher Siicht, dofir awer um sozialverantwortlechen Niveau. Um Donneschdeg huet RBC Investor & Treasury Services den 3. Sozialplang annoncéiert… dobäi ass dee leschten nach net emol finaliséiert.

D‘Gewerkschafte LCGB-SESF, OGBL Finanzdéngschter an ALEBA si rezent vun der Direktioun informéiert ginn, datt 243 weider Aarbechtsplaze bei der RBC zäitno mussen ofgebaut ginn. Dat kënnt net gutt un, an d‘Gewerkschafte sinn der Meenung, datt dës Verhandlungsopnam eppes ze séier kënnt an zudeem en Affront géintiwwer dem Personal ass, wëll de Sozialplang vun 2019 bis ewell net zum Ofschloss bruecht gouf.

Et ass, zanter d‘Royal Bank of Canada 2012 RBC-ITS vollstänneg geschléckt huet, schonn den drëtte Sozialplang: deen 1. hat et 2013 ginn (210 Aarbechtsplazen), den 2. dunn 2019 (201 Jobs) woubäi deen nach net ofgeschloss ass. Hei gouf viru sechs Wochen esouguer eng Verlängerung vereenbaart, déi bis den 30. Abrëll Gülteg ass. Den neie Sozialplang werft dann och Froen op.

Aktuell beschäftegt RBC-ITS um Standuert Lëtzebuerg ronn 1.100 Mataarbechter. Well dann elo säitens der Direktioun, fir dës weider Restrukturatioun nees déiselwecht Motivatioun virgeluecht gëtt, maachen sech d‘Gewerkschafte Suergen doriwwer, wéi et mam erhale vun den Aarbechtsplaze soll weidergoen. Méi generell gëtt sech Gedanken iwwert d‘Zukunft vun dëser Bank zu Lëtzebuerg gemaach. Et huet och kee Bezuch zu Covid19.

Säitens de Gewerkschaften heescht et, datt ee sech zesummen engagéiert, fir alles an d‘Wee ze leeden, datt den Erhalt vun Aarbecht geséchert gëtt. Si wäerten an dësem Kontext och déi üblech Moossnamen ergräifen, fir d‘Interesse vum Salariat ze verdeedegen. Selbstverständlech ginn d‘Salariéeë bei all hiren Demarchen ënnerstëtzt. D‘Verhandlunge verspriechen eppes Spannung.

Illustratioun: © Ryan / unsplash

Related topics ALEBA, Finanzplaz, LCGB-SESF, OGBL, RBC-ITS, Royal Bank of Canada, Sozialplang
Next post Previous post