D’Gebridder Thill hunn d’Ukrain verlooss

Et ass nawell eng grouss Erliichterung. No e puer Deeg op der Flucht, verschiddene Pläng, déi net funktionéiert hunn, hunn den Olivier a Vincent Thill, offiziell déi ukrainesch Grenz iwwerschratt. Domat hunn déi zwee Bridder villäicht dat gréisste Spill aus hirem Liewe gewonnen.

Dräi Deeg laang gouf all Sproochnoriicht vum Olivier Thill – mat deem mir vun Ufank un a Kontakt stoungen, esou schnell ewéi méiglech gelies an ofgelauschtert.

D’Gebridder erzielen eng Aventure, déi och hier Teamkolleegen erlieft hunn, déi an engem Land festsouzen, an deem bemol Krich ausgebrach ass.

Si waren ongeféier 24 Stonnen ënnerwee – mat Plangännerungen, Zwangspausen an Onsécherheeten. Déi lescht Sproochnoriicht vum Olivier Thill huet dunn endlech déi gutt Nouvelle bestätegt. Déi béid Bridder an och vill vun hiren Teamkolleege sinn endlech aus der Ukrain eraus.

Ee Réckbléck op dräi verréckten Deeg

Donneschtenowend:
Den urspréngleche Plang war op Lemberg a Polen ze fueren. Allerdéngs hunn den Olivier, esou ewéi aner ukrainesch Flüchtlingen hier Pläng missen änneren, well dee vum Club bestallte Bus net komm ass. D’Spiller hunn decidéiert, et eleng mam Auto ze probéieren. Et war eng laang Rees, déi net ongeféierlech war. Mëttlerweil ass och d’Iddi opkomm, Kiew mam Zuch ze erreechen, leider ware keng Tickete méi disponibel. Ee Glécksfall, well de selwechten Owend d’Belagerung vun der ukrainescher Haaptstad ugaangen ass. Stänneg Kämpf a Bombardéierungen – d’Nerve louche blank.

Trotz der Ausgangsspär hunn d’Spiller den Donneschtenowend hiere Quartéier verlooss. D’Hoffnung war, esou séier ewéi méiglech méi no un eng Grenz ze kommen. Op besonnesch verstoppte Stroossen hunn sech d’Autoen nëmme lues fortbeweegt. Den Olivier Thill huet bis an d’Nuecht era Kontakt mat der Redaktioun gehalen an ugekënnegt, datt si d’Richtung wiessele wäerten.

Nodeems de Grupp gewuer gouf, datt den Enes Mahmutovic op der polnescher Grenz feststécht, hunn si beschloss zur ungarescher Grenz ze fueren. Et war een Trafic vu Stonnen. An du koum eent nom aneren. Eng Bréck war net ze befueren, et huet alt erëm een neie Wee fonnt misse ginn. No 13 Stonnen Autofuere huet natierlech Angscht an Nervositéit d’Iwwerhand geholl.

Freides:
D’Spiller koumen Ungarn ëmmer méi no, si si well fofzéng Stonnen ënnerwee. No enger kuerzer Rascht, erlabe si sech, de Wee mat engem Minivan weiderzefueren.

Freides ass Roudag, wéinst der Ausgangsspär, déi um 10 Auer owes ugefaangen huet. D’Kontakter mam Sportsministère an hirem Verband bleiwe konstant, fir d’Arees an een neit Land ze erliichteren an e Réckfluch op Lëtzebuerg ze plangen.

Samschdeg:
Ee kroateschen Teamkolleeg, dee bei der Rees uwiesend war, huet et geschafft säi Premierminister ze erreechen. Dësen huet dofir gesuergt, datt e Bus fir d’Spiller gelount gëtt. Et ass endlech un der Zäit Hoffnung ze hunn, erliichtert ze sinn. De leschte Fonken Angscht verschwënnt – an um 18:30 Auer ass d’Gléck bekannt. Den Olivier a Vincent Thill hunn endlech d’Ukrain hannert sech gelooss.

Déi gréisste Victoire vun hirer Karriär.

Dernières nouvelles