Search

You may also like

money
Onrou am Logistiksecteur
Neiegkeeten

Onrou am Logistiksecteur

Am Fréijoer 2020, esou de Plang vum Energieminister Claude Turmes,

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!
Neiegkeeten

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt d’Regierung, elo mol bis zum

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Staatsminister Xavier Bettel
Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2021 – Ried vum Staatsminister Xavier Bettel

Altesse Royale, Här Chamberspresident, Exzellenzen, Léif Matbiergerinnen a Matbierger, De

Wat kascht bei eis d‘Hand am Gesicht vun engem Politiker?

Wat kascht bei eis d‘Hand am Gesicht vun engem Politiker?

Nodeems de franséische President Emmanuel Macron gëschter eng gelantert krut (mir hu bericht), huet et Lieser déi ons déi berechtegt Fro gestallt hunn, wat da wier, wann en eisem friddlechen an nach politesch konsensuellem Land, och esou eng géif geschéien.

Gutt et ass elo net wéi wa sech een dat eeschthaft kéint virstellen, datt esou ee charismateschen an dem Vollek nostoende Premierminister sollt eng getachtelt kréien, an awer wéisst ee gäre wat esou ee Gest fir Konsequenze kéint hunn. De Kolleege vu juristeschen Déngscht war eis Fro dann awer guer net emol esou abstrus, wéi se eis selwer virkomm ass, a si hunn eis ëmfänglech informéiert.

Esou wéi bei eise franséischen Noperen och, muss een emol fir unzefänken ënnerscheeden tëscht engem normale Bierger an: 1) dem Politiker mat Regierungsmandat, 2) engem Vertrieder vun der ëffentlecher Gewalt an 3) dem Groussherzog, woubäi dës als „Persoun mat ëffentlechem Charakter“ gläichbehandelt géifen. Et sollt een sech säin Affer no de finanzielle Méiglechkeeten auswielen.

Am Fall vum normale Bierger gräift den Artikel 398 vum Strofgesetz, an kann esou zu enger Strof vun 251 bis 1.000 Euro an/oder enger Prisongsstrof vun aacht Deeg bis sechs Méint féieren. Dat ganz verduebelt sech, wa ka nogewise ginn, datt d‘Dot premeditéiert war. Wann et sech ëm eng Personalitéit handelt bleiwen d‘Prisongsstrofe gläich, mee de Präis fir d‘Virstellung geet méi deier.

Notéiere mir nach, datt am Kontext vum Groussherzog (an dem Ierfgroussherzog), falls de Gest iwwer d‘Erofmoosse geet, also dem Täter en „Ugrëff“ oder esouguer eng „Verschwierung géint d‘Kroun“ kéint nogewise ginn, dësen esouguer Liewenslänglech kéint kréien. Mee gutt, wa gewosst ass, datt de Lëtzebuerger virzuchsweis d‘Fauscht an der Täsch mécht, brauch e sech net ze suergen.

Illustratioun: © Henrique Due / unsplash

Related topics Emmanuel Macron, Gesetz, Gewalt, Justiz, Politik, Virbild
Next post Previous post