Search

You may also like

Uschlag op iraneschen Atomphysiker
International Neiegkeeten

Uschlag op iraneschen Atomphysiker

Op der Staatstëlee huet den iranesche Verdeedegungsministère ee Freideg matgedeelt:

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?
International Neiegkeeten

Walen an Irland: Wie ka sech duerchsetzen?

Um 23 Auer gëschter Owend hunn d‘Wahllokaler op der grénger

money
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
International Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

D‘Honduraner wëlle bei de Biden

D‘Honduraner wëlle bei de Biden

Zu Dausenden hunn sech d‘Honduraner op de Wee a Richtung Vereenegt Staate gemaach. Laut den Autoritéite solle mindestens 9.000 Mënschen d‘Grenz zum Guatemala iwwerschratt hunn. Et waren zwar Polizisten an Zaldoten op der Plaz, mä déi konnten dës Mënschemass net ophalen. Mexiko ass alarméiert a verstäerkt aktuell seng Grenz zu Guatemala am mexikanesche Bundesstaat Chiapas.

Ugesiichts dëser „Migrantekarawann“ mat dausende Mënschen, huet d‘Regierung vum Guatemala déi honduranesch Autoritéiten opgeruff, dës Massenofwanderung anzedämmen. Op hirem Wee an d‘USA hat d‘Karawann, a Gruppe vun dausende Leit, de Grenziwwergang zu El Florido passéiert.

Zesummegeschloss hat sech dës Karawann an der honduranescher Stad vu San Pedro Sula. Laut deem wat gewosst ass, handelt sech bei dëse Migrante virun allem ëm Mënschen, déi virun der Gewalt, de Folge vun den Hurrikanen am November an der Aarmut flüchten. Si hoffen, elo wou den Donald Trump ofgewielt ginn, datt si sech eng Zukunft an den USA erschaffe kënnen.

Op d‘USA ënnert der Leedung vum Joe Biden dës Migrantekarawann iwwert d‘Grenz léist? Dat dierft eng vun den dréngende Froe sinn, op déi de 46. US-President vun den USA egal wéi, keng zefriddestellend Äntwert wäert liwwere kënnen. Gesäit emol vun der Covid19-Pandemie of, esou ass gewosst, dat déi vum Trump agefouert Migratiounspolitik, vu villen Amerikaner gedeelt gëtt.

mat indymedia/ccs/tgz

Foto: Wéinst der Mass u Mënschen huet den UN-Kommissär fir Mënscherechter am Honduras, seng Leit erausgeschéckt. Dat sinn awer just Observateuren. © OACNUDH

Related topics Aarmut, Auswanderung, Gewalt, Honduras, Migratioun
Next post Previous post