Search

You may also like

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou
Neiegkeeten

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou

Et ass scho vill Tënt gefloss an esou munch Tastatur

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?
Neiegkeeten

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?

[onionbuzz quiz-id=144][/onionbuzz] All Woch gesi mer nei Lëtzebuergesch Wierder, wou

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?
Neiegkeeten

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

D’Schafung vun engem europäesche Parquet gëllt als Resultat vun engem

Diddeleng huet seng „cityapp“

Diddeleng huet seng „cityapp“

Zanter en Donneschdeg ass se do, déi nei „cityapp“ vun der Stad Diddeleng. Mat dësem digitalen Informatiounsbüro kann elo kee méi – et sief et huet keen Handy oder eng Tablett – behaapten hie wier net um Courant vun deem wat alles an der Gemeng leeft.

Op et ëm Evenementer geet oder et just néideg ass ze kucke wéini deen nächste Bus kënnt, mat dëser „cityapp“ ass de Bierger ëmmer um neiste Stand. Si ass a sechs Rubriken ënnerdeelt: News, report-it, Mobilitéit, Vël‘Ok, Notifikatiounen an d‘Tournée vun den Dreckskiwwelen.

Esou kann ee sech iwwert d‘Aktualitéit an der Gemeng um lafenden halen, e Problem mellen: zum Beispill op e Lach an enger Strooss hiweisen. Hei geet et duer eng Foto ze maachen, déi mat de Geolokalisatiounsdaten ze komplettéieren an ze posten. D‘Gemeng mécht dann dat néidegt.

Mat der Rubrik Mobilitéit, kann de Bierger sech iwwert de Passage vum City-Bus informéieren an d‘Rubrik Vël‘Ok seet engem wou esou en Drotiesel disponibel ass. D‘Notifikatioune bezéien sech op punktuell Chantieren, kuerzfristeg Ännerungen am Verkéier a vill aner Informatiounen.

D‘Applikatioun „cityapp“ ass an Zesummenaarbecht mat Hot City S.A. entstanen. Et gëtt se op Goggle Play an och am App Store. Domatter setzt Diddeleng nees en Akzent an der Digitaliséierung vu senge Servicer. Op a wéi se vun den Awunner ugeholl, muss sech elo erweisen.

https://play.google.com/store/apps/details

https://apps.apple.com/us/app/dudelange/id1482631202

Related topics Cityapp, Diddeleng, Digitaliséierung
Next post Previous post